Sunday, January 08, 2006

a weider geet et

sou, nach e puer mei aal Saachen just zu ärer Informatioun:


- Rename, een ganz simplen (gratis) Programm dee saugutt domadden eens gett Dateien emzebennen;
- Foobar2000, och een einfachen an gratis Programm, mee des Keier fir Audiodateien ze lauschteren. De Clou, den Player kann och aus Zip oder Rar Fichieren d'Audiodateien erausliesen ouni alles ze entpaaken an niewenbäi kann en serienmeissech baal all Audioformat oofspillen waat et gett. An der Special Edition kann en och direkt op CD brennen a nach vill mei.
- d'franséisch Poste huet Timberen erausginn matt verschiddenen Helden aus Videospiller;
- een engleschen Student wosst net wei en säin Studium sollt finanzeieren. Lo verkeeft en op senger Homepage 1 Pixel fir 1 $, an 1000x1000 Pixelen mecht halt eng Millioun, dofir den Numm MillionDollarHomePage.... En huet schon 999.000 Pixelen verkaaf;

dann nach e puer nëtzlëch Saachen um / vum Netz:
Squidoo ass een Service wous du eng "Homepage"(als Beispill: Sudoku) mechs. Et ass awer esou geduet dats de solls eng Informativ Säit iwwer een Thema mess, wouriwwers du dech auskenns. Daat gett et nach net laang dofir ass et nach net esou informativ wei ech mer daat virgestallt haat. WerWeissWas ass ähnlech mee do muss de Froen stellen an "Expert'en" beäntweren dei dann.

del.icio.us + flickr brauch ech jo net mei virzestellen, kennt der dann och schon Bubbleshare a schon photogen.lu? Och 2 Säiten wou een Photoen kann eroplueden, an dem klengen Krees oder dem breede Public weisen...
digg ass wei delicious, mee schon mei populär mengen ech. (zb funny movie).
an esouwäit ech daat richtech verstaanen hun mecht PubSub daat selwescht wei Technorati, d.h. Bloggen duerchsichen (et ginn der soulues zevill vir google an yahoo). Waat Blogniscient an Icerocket och kennen...

mengen netvibes haat ech och schon kuerz hei ernimmt, do kennt der är personaliseiert Startsäit am Internet maachen. Ass am Fong een Klon vun der MS-Initiativ live.com. Bei netvibes kanns de d'Wieder ugewisen kreien, souwei GMail, YahooMail oder PopMail, dann nach RSS/XML Feeds, Flickr, Notizen & Todo-List dohinner schreiwen. En plus kanns de nach eng Websearch maachen, de Präis vun eppes beobachten, deng Bookmarks reoplueden an Writely ass och elo integreiert, an nach mei ass geplangt. Daat leeft schon tiptop...

Writely eleng ass och schon erem dowärt. Daat ass een online Wordprocessor, eng Säit wous de Text kanns antippen, Spellchecker an d'formateieren vun der Schreft sinn och agebaut. Dann kenn een deen Fichier (.doc, .pdf, .rtf an openoffice files kennen bearbecht/gemaach ginn) online stoen loossen an vun aaneren Leit bearbecht ginn, oder per email verscheckt ginn an sou weider. Probeiert et einfach emol selwer.
AbiWord ass een Wordprocessor, mee fir eroofzelueden, ass och gratis an kann immens vill verschidden Textdateien verarbechten.

ze frank waar och schon hei, mee do et sou flott waar nach eng Keier, an och daat Spill wou de Männchen de Maus-Cursor well fänken.

nach eng Foto vum Erlkönig: SsangYong Kyron (huelen ech mol un), mei bei flickr:

No comments: