Saturday, December 31, 2005

hei elei

De Vlad huet kee Handy, naja dee wäert och kee brauchen, de Geheimdéngscht kann seng Messagen och bestëmmt séier weiderleeden...

Jo an egaalwaat.lu huet mech och fonnt an an hier Lëscht vu lëtzebuergesche Bloggen opgeholl, lo muss ech sou lues richteg Lëtzebuergesch schréiwe leieren. Do trefft et sech gutt datt de Projet CORTINA ee lëtzebuergesche Spellchecker fir MS Word gemaach huet. Dee Spellchecker ass eng Macro, nodeems ech d'Sécherheet fir Macros erofgesat hun, gett dat och gestart mee kreien aawer nach deen heite Feeler: "Run-time Error: '6068' Programmatic access to Visual Basic Project is not trusted." Mee et gëtt och eng Online Versioun dovunner.
Dat gesäit dann esou aus:


:-) An dat funzt elo och am Word, där musst just ënner Tools, Macros, Security deen 2. Reider uklicken Trusted Publishers an dann do ënnen "Trust Access to Visual Basic Project" uklicken. Da geet de Spellchecker och. Där braucht awer Internet wann der de Spellchecker wellt lafe loossen... Dat ass just och ee Lach vir Viren eranzeloossen, dofir maacht d'Sécherheet duerno erëm op High an den "Trust Access to Visual Basic Project" och erëm ausmaachen.
Mee vun deem Lach oofgesinn ass dat awer tipptopp, knapp hunn ech daat hei geschriwwen, seet Word mer: "Your client is obsolete but still supported"... Dat muss nach getest ginn.

gutt dat et ee Joresreckbleck gett, ech wosst nämlech net dat Yahoo dem chineseschen Staat op Ufro einfach esou personnel Daten weidergett, sou datt de Mann elo fir 10 Joer am Prisong setzt.

A Südkorea gess de elo per SMS gewuer wanns de verkloot gess oder e Protokoll kriss, wanns de deen Service wells... Do esou hei aanescht, oder emgedreint; am Moment ass erëm de Congress vum CCC, do hun e puer Eisträicher gewisen waat matt den Iwwerwaachungskameraen alles meiglesch ass (Spon). Wann se genuch Suen gehaat hätten, hätten se och kéinten d'original Fernsteierung dofir kaafen, an alles selwer steieren.

An Amiland ass Sony matt dem Konsumentenschutz eens gin, jidderen kritt 7,5$ + eng CD, mei bei futurezone.

China behaapt sei hätten all chinesesch Pornosäit zougemaach...et waren der bestemmt net vill...

linux op der xbox, daat gett ee belleschen MediaCenter PC, fonnt iwwer heise, do an hei.


funny stuff

Da Fucking Blue Boy;
dOwn: einfach erausgegraff dei heite Reklam;
fir dei dei itunes a Consorten benotzen;
to all the ladies :--)))
gestalt deng eege Kondomer, also nemmen d'Verpackung;
eng kleng Geschicht;
den Eboy;
Mini Inferno;

No comments: