Wednesday, February 28, 2007

Monday, February 26, 2007

e klenge Mini-Z Video

2006 Andalusia Mini-Z Championnat:



Toun oofschalten! Dei lescht 10 Sekonnen och kuckenswert!!

fonnt bei minizz.com; videolink.

an rem eng nei Spillsaach

Elo ass et een elektro Helikopter. De Lump an den Yves haate mer hier Helicopteren gewisen, an do waar ech ewech. Eng Woch um Netz gesicht, an do hun ech an der Staat mäi Glëck fonnt ;-)

E Kyosho Caliber M24 ass et ginn, (daat waar leschte Samschden, de 17.):

Bon Akku oplueden. Dauert laang, normal 10-15 Stonnen. Dofir e Sonnden reischt een Hoovertest gemaach, mei waar net dran, mei kann ech och net... Den Akku gett mam normalen Chargeur vill ze lues, an net stoark genuch opgelueden; sinn ech geschter gewuer ginn, wou ech mer direkt nach 2 Akkuen kaaf hun. Dofir: dei lescht Woch ass hooveren ugesoot gewierscht. A vill trimmen a piddelen, waat fier d'Kaatz waar, well lo wou d'Akkuen mol fetzen, muss ech rem alles aanescht trimmen.

[Trimmen: nodeems den Haaptrotor [keng 8schen mei haat] besser agestallt waar, ass schon alles manner wackelesch. Trotzdeem zitt den Helicopter emmer nach liicht no 10-11 Auer]

E Samschden ass den Akku aawer mol benotzbar ginn, (sinn ausser en Donneschden all Daag meng 4-6 Minutten gehoovert, mei ass net dran, ausser mat LiPoly-Akkuen).

Sin deen Daag och gewuer ginn daat ech dei matt max 1A oplueden kann, dei nei Akkuen hun ech dohier seier opgelueden matt 500mAh. Mei kreien ech just eraus aus dem Chargeur wann ech d'Ausgäng uneneeschleissen, hun ech nach nie gemaach, do muss ech nach driwwer noliesen.

E Samschden waar et dann souwäit: oofgehuewen. Yuppi! Ooh nee! (crash) ech muss nach vill leieren.
Haut och rem bessen gehoovert a souguer kuerz geflunn. Resultat: 2 Motorritzelen gefemmt bis elo, den Haaptritzel huet och schon 3 ugeknabbert Zänn. De Rotor ass stabil behaapten ech emol :-)

Tuning: bis elo nach näischt, mee e puer Aludeeler sinn ennerwee, z.B. Kühler fier de Motor.

Soss futtigangen: nach näischt, hun natirlesch e puer Markeierungen am Holz um Späicher geloos ... :--)

Photo kennt no...

Friday, February 23, 2007

Lëtzebuerg am Internet

de Videoclip vun den Decemberists kennt der vläischt schon, wann net, hei ass en, videolink:



Ech haat nach deen heiten Link fonnt wou ech dann och Pulch fonnt hun. Pulch ass eng kleng Video Animatioun wou ennert aanerem e krankt Lëtzebuerg dra fierkennt. <-- klick de Link

e besse Geschicht

... ass och nach dohannert, fonnt bei ehrensenf:



videolink

Monday, February 12, 2007

Wei mixt een e Beat

Hei eng gudd Demonstratioun vum Beardyman:



Videolink; fonnt bei boingboing.

Monday, February 05, 2007