Friday, December 08, 2006

d'zäit vergeet. Linux wärt bleiwen

c't kaaf, ubuntu 6.10 installeiert, ass e Genoss! knapps 25 Minuten inklusiv formateieren a partitiouneieren, (Athlon 2500+, 1 GB RAM).

Si paff, baal alles erkannt, enner Anerem:

- WLan geet ouni Problem (soulaang ech DHCP benotzen);
- Printer geet, muss kucken ob d'Resolutioun vum Screen de Printer beaflosst, well et keint ee ball 4 Säiten op eng DINA4-Säit printen;
- extern HD souwei den USBstick geet;
- mäin Trackball ass gaangen, 3 Knäppecher sinn am Ufank* net gaangen oder ennerstetzt ginn;

Am Device Manager ass bis op den Trackball alles richtech erkannt, souguer d'PS2 Eyetoy. Dei konnt ech nach net testen, well ech net wees wei :-) kennen nach net genuch vu Linux.

Op deser Plaatz: e groussen Merci un de Black, dee mer weidergehollef huet, wann ech hänkebliwwe sinn ;-) Automatix 2.0 waar e vu villen gudden Tips, dei 2 Video'en maachen och Loscht op Linux: eischten zweeten

Mäin 1. Problem, wei kommen ech u meng Harddisken dei nach do sinn. Do hun ech psydm installeiert sinn mol u meng HD'en komm. Ass zwaar NTFS a ka just liesen, mee daat geet duer fier alles ze kopeieren :-)

2. Am Flash geet de Sound net, schlemm well z.B. bei yugop oder youtube dann näischt ze heieren ass. Dofir ginn et och verschidden Leisungen, mee mäin ubuntu verhällt sech daat nett... :-(

3. Problem:

Ech sinn ee vun deenen dei een Trackball benotzen ;-) Den "Cordless Optical Trackman" gett als Maus ugewisen, ass iwwer PS/2 ugeschloss net iwwer USB, dofir gett se vläischt net direkt erkannt.

De "back" & "forward" Knäppchen ass net gaangen (souwei den "hold" Knäppchen, mee dee brauch ech net). Inspireiert durech des Säit an des Säit hun ech da propeiert dei 2 Knäppecher un d'goen ze kreien. *Matt dem Resultat datt e right Click op dem Trackball elo "Paste" ass (am Firefox "open in new tab" wann een op e Link clickt, soss "paste"). Duerch ee Click mam Scrollrad kritt een elo deen aalen richtegen "right click"... (den "hold Knäppchen gett och net matt "xev" erkannt)

Mam Photoapparat hun ech och nach meng Schwierechkeeten, mee bon da misst gläich och goen.

baal all Software dei ee brauch ass drop. Nvidia driver installeiert,
matt Automatix enner aaneren ;-) Google Earth installeiert, Skype souwisou. Alles leeft op mannst sou seier, wann net esouguer besser wei op XP. Elo kann ech mäin MiniDisc leider net matt Music oplueden, et muss een eben Prioriteiten setzen ;-)

fir dei dei souweit gelies hun, hei nach de link zu de verstopptenen Smileys am Skype.

Linux ass immens!