Saturday, December 31, 2005

hei elei

De Vlad huet kee Handy, naja dee wäert och kee brauchen, de Geheimdéngscht kann seng Messagen och bestëmmt séier weiderleeden...

Jo an egaalwaat.lu huet mech och fonnt an an hier Lëscht vu lëtzebuergesche Bloggen opgeholl, lo muss ech sou lues richteg Lëtzebuergesch schréiwe leieren. Do trefft et sech gutt datt de Projet CORTINA ee lëtzebuergesche Spellchecker fir MS Word gemaach huet. Dee Spellchecker ass eng Macro, nodeems ech d'Sécherheet fir Macros erofgesat hun, gett dat och gestart mee kreien aawer nach deen heite Feeler: "Run-time Error: '6068' Programmatic access to Visual Basic Project is not trusted." Mee et gëtt och eng Online Versioun dovunner.
Dat gesäit dann esou aus:


:-) An dat funzt elo och am Word, där musst just ënner Tools, Macros, Security deen 2. Reider uklicken Trusted Publishers an dann do ënnen "Trust Access to Visual Basic Project" uklicken. Da geet de Spellchecker och. Där braucht awer Internet wann der de Spellchecker wellt lafe loossen... Dat ass just och ee Lach vir Viren eranzeloossen, dofir maacht d'Sécherheet duerno erëm op High an den "Trust Access to Visual Basic Project" och erëm ausmaachen.
Mee vun deem Lach oofgesinn ass dat awer tipptopp, knapp hunn ech daat hei geschriwwen, seet Word mer: "Your client is obsolete but still supported"... Dat muss nach getest ginn.

gutt dat et ee Joresreckbleck gett, ech wosst nämlech net dat Yahoo dem chineseschen Staat op Ufro einfach esou personnel Daten weidergett, sou datt de Mann elo fir 10 Joer am Prisong setzt.

A Südkorea gess de elo per SMS gewuer wanns de verkloot gess oder e Protokoll kriss, wanns de deen Service wells... Do esou hei aanescht, oder emgedreint; am Moment ass erëm de Congress vum CCC, do hun e puer Eisträicher gewisen waat matt den Iwwerwaachungskameraen alles meiglesch ass (Spon). Wann se genuch Suen gehaat hätten, hätten se och kéinten d'original Fernsteierung dofir kaafen, an alles selwer steieren.

An Amiland ass Sony matt dem Konsumentenschutz eens gin, jidderen kritt 7,5$ + eng CD, mei bei futurezone.

China behaapt sei hätten all chinesesch Pornosäit zougemaach...et waren der bestemmt net vill...

linux op der xbox, daat gett ee belleschen MediaCenter PC, fonnt iwwer heise, do an hei.


funny stuff

Da Fucking Blue Boy;
dOwn: einfach erausgegraff dei heite Reklam;
fir dei dei itunes a Consorten benotzen;
to all the ladies :--)))
gestalt deng eege Kondomer, also nemmen d'Verpackung;
eng kleng Geschicht;
den Eboy;
Mini Inferno;

Friday, December 30, 2005

Wei eng Religioun ass dei richtesch fir dech?

You scored as atheism. You are... an atheist, though you probably already knew this. Also, you probably have several people praying daily for your soul.

Instead of simply being "nonreligious," atheists strongly believe in the lack of existence of a higher being, or God.

atheism

75%

Buddhism

63%

agnosticism

63%

Satanism

58%

Paganism

50%

Islam

46%

Judaism

25%

Christianity

21%

Hinduism

21%

Which religion is the right one for you? (new version)
created with QuizFarm.com

Wednesday, December 28, 2005

waats de alles ustellen kanns matt hot[ms]mail

onkonfirmeierten Quellen no ass den Karlspreis vun Microsoft kaaf/korrompeiert dofir als Follow-Up op den Volleksverdommung- Artikel: sou kanns de och zenseiert ginn (wanns de eng Homepage/Blog bedreiws], op manns emol bei hinnen 7 mol vun 10 Keieren.

CONCLUSIONS
It only takes a Hotmail account to bring a website down, and freedom of speech
stands no chance in front of the cowboy-style private ISP justice.


hehe, jojo sou ass daat hautzedaags, dofir via boingboing, dun bei bits of freedom gelandt, wou ech aawer näischt fonnt hun doriwwert (ech verstinn leider keen hollännesch an ass och schon mei aal), mee op englesch gett et eng PDF-File doriwwer.

kleng HTML Probleemer

wei der vläicht gemierkt hutt waar de Boxeschesser net liesbar (misst aawer elo rem alles an der Rei sinn). Ech haat leider keen Back-Up vum Template gemaach, dofir ass d'Linklescht nach net aktualiseiert, de Sitemeter leeft aawer rem.

hei emol 2 kleng Saachen dei ärch amusieieren keinten:
- Le Supermoine: Den Numm seet schon alles, ass een Quicktime Movie;
- Snowball Agency: Een einfacht Spill wous de matt Schneiklatzen deng Geigner niddermaachen muss.

Endlech hun ech och den Artikel eremfonnt wou se beschreiwen datts de d'Fangeroofdrock - Scanneren matt Plastelin kanns täuschen. (via blogderob -> make -> yubanet)

Tuesday, December 27, 2005

Verschiddenes aus dem Netz

- waat et net alles gett, bei core77 (design magazine + resource), haat ech de Link vun enger Fotell fonnt. Ass vun Dominos Pizza gemaach, an der Fotell ass alles waat een modernen Couchpotatoe brauch, ausser een Pissoir ass et zimlech komplett.... Mee bon fir den stolzen Präiss vun 30000$ plus 5000 bis 7000$ Transportkäschten huet ee besser et baut een sech daat selwer.

- dann gett et gotoreviews: a guide to the most efficient things in the world. Do fennt een Saachen wei eng Fernsteierung dei een opzeien kann, d.h. dei keng Batterie'en brauch. Wees zwaar net waat eng Planz dei aus engem Ee wiisst do ze sichen huet....

- Et ginn och Leit, dei onbedingt gären Schung hätten, dei et net ze kaafen ginn: z.B. den Al Cabino deen gären d'Nike Schung aus Back to the Future hätt (Petitioun).
- Oder den JP, vun h-list, deen d'Adidas Schung aus "The Life Aquatic with Steve Zissou" hätt, an well et se nett gett, huet en se selwer probeiert nozemaachen :-)
- Apropos Schung, Nike mescht och emweltfrendlesch Schung - naja, wann een daat nach Schung nennt... - : Nike Considered. Hun ech aawer nach nie an Europa gesinn, hei schengt d'Welt eben nach an der Rei ze sinn.
- kicksfinder + Adidas Superstar Anniversary Model.

- Eng Uncyclopedia gett et och ewell, eng Nonsense-Wikipedia am Fong, matt Sachen wei
Colonizations of the Week oder Grand Theft Auto: Vatican City.

- Calvin & Hobbes Snow Art Gallery.

- mei eescht & leider vun MS, mee sinn gutt Photo'en dobäi an hierem Joresreckbleck.

- an coolhunting huet och een leschtegen Résumé vum Joer z.B. den Toiletten-Restaurant.

sou daat geet emol duer.

Monday, December 26, 2005

Il est né, le divin enfant

Alt erem e sauere Link deen Legofanatiker soll an de reliesen oofgrond zéien. An dann frai nomm Motto eng Bibel an der Lenkser an e Klabes an der Rietser
(ech weise just sou, aus politescher correctness, drop hin datt all relioun vertrueden ass ...)
Ären Mondoperfecto

Sunday, December 25, 2005

cool picasa2 leeft och matt blogger


eischten test aus picasa2 eraus ze bloggen. Posted by Picasa

Saturday, December 24, 2005

BibliOdyssey: Le Petit Journal

niewend dem petit journal gett et och elo den p'tit chieur, hoffen joueb gett et nach eng zäit soss sichen ech mer eppes neis. Waat daat aahnescht!

jojo daat ass et, waar eeben speit ginn, dofir *Nuecht* a bis am Noometten

Thursday, December 22, 2005

jo heiansdo...

[Follow-Up to eis-nooperen-aus-frankräisch]
also am Moment gesäit et esou aus wei wann se an Frankräisch aawer lo net alles verbidden wellen waat keen Copyright huet (also am Context vum Fric deen daat matt sech brengt), wei Linux, VLC & alternative codecs [ähnlech wei SoftPedia] (fir Real-Files oder fir QuickTime-Files) just emol als Beispill.
lo no deem waat bei audinautes steet ass daat Gesetz aawer net esou gestemmt ginn. Lo hun sech 30 Députeierter geint 28 Aanerer (vun am Ganzen 577, no Heise)

Zitat vun audionautes:

L'Association des Audionautes se réjouit du vote des deux amendements proposés par le député Alain Suguenot pour reconnaître la légalité du téléchargement sur Internet et instaurer un système de rémunération pour les artistes. Par 30 voix contre 28, contrairement aux consignes de vote proposées par le ministre Donnedieu de Vabres pour le gouvernement, la représentation nationale a voté deux amendements sur la base des propositions développées par l’Association des Audionautes et l’Alliance Public-Artistes :

« De même l'auteur ne peut interdire les repructions effectuées sur tout support à partir d'un service de communication en ligne par une personne physique pour son usage privé et à des fins non directement ou indirectement commerciales, à l'exception des copies d'un logiciel autres que la copie de sauvegarde, à condition que ces reproductions fassent l'objet d'une rémunération telle que prévue à l’article L. 311-4 »

Le processus législatif n’est pas terminé....


liest mei weider bei hinnen. bon daat Ganzt ass nach eng "Affaire à suivre" wei de Marc geif soen. als 1. bei heise gesinn.

video'en um boxeschesser?

firwaat ass internet sou wei et ass?



http://www.youtube.com/v/lr_HR-iIlYg

animachina haat ech geuecht geif daat heeschen mee deem ass net esou (ass zwaar ähnlech), mee ech mengen domadden enn Film/Comic/Animatioun nemmen matt digitalem (anescht gesoot um PC gerechentem) Material gemaach ass. Een gudd Beispill dofir ass Lionhead (och schon bekannt duerch Black & White wous du den Creator oder Spaghettimonster bass), matt dem Spill "The Movies". "The Movies" ass een Spil wous du deen bass wou een Film mescht, an dues hues vun fier bis hannen alles selwer an der Hand, et gett och een Contest fir dee beschten Film ze kreinen.... Wann ech mech net ieren ginn et och schon Filmer gemach matt "The Movies" vun de Banlieu'en vun Frankräisch, also lo vun de rezenten Evenementer wou et geflaamt haat (link kennt no).

Wednesday, December 21, 2005

minidisc and more

minidisc and more
mmmmh waat et net Alles sou gett, ass esouguer een Nooper (d.h. ass och bei Blogspot) an schreiwt (nach net laang mee trotzdeem) iwwer MiniDisc'en, z.B. dei "dual MiniDisc + CD + world FM Tuner + K7" (bei k7 huet mondoperfecto och eppes dovunner:-)) HiFi Anlaag vun JVC, mee ass leider erreicht vir 2006.

- no subject -


flickr image vun http://arrog.antville.org/ = sofa. rites de passage.

Tuesday, December 20, 2005

cycle-pirate

cycle-pirate

een Velosblog stellen ech ärch elo fier, et ginn der e puer hei elo just kuerz een, an direkt een Interview um Cover mam Florian Wiesmann (an nee ass net deen deen Auto'en baut), ass een gudden Mann, schon eleng weinst de Velo'en dei en baut. (aalen mech kuerz well Technorati net eens gett mengen ech, [update: technorati mol rem oofgestallt].

1x "Keng Reefer ennert den Aen w.e.g."

wann een an der Lescht laanscht ehrensenf oder boingboing gesurft ass, huet een bestemmt och dei Säiten gesinn wou se kuerz weisen, waat schon laang an der Reklam oder an Filmer retoucheiert gett.

Daat Eischt ass de Glenn Feron, een Photograaf, säin Slogan: "The Art of Retouching" :-), deen e puer vun sengen "verscheinerten" Photo'en weist.

daat Zweet ass een Projet deen Girl Power heescht. Daat ass eng Initiativ vum schwedeschen Staat deen dozou oprifft Reklammen dei entweder ethesch net korreckt oder sexistesch sinn ze videotapen an anzeschecken matt denger Begrennung.

an daat Drett ass R!ot Manhattan, een "bi-coastal digital production studio" an dei hun och sou Avant-Après Geigeniwerstellungen mee des Keier daat ganz als Video.

[update: "si tu crois tout ce que tu vois, tu risques de croire n'importe quoi" sinsemilia.]

lo genuch Zäit fir Maquillage verschwendt, ha jo alles via boingboing an/oder ehrensenft

Friday, December 16, 2005

New Credit! Player 2

Zalü...Hei ass main éischte post am dengscht vum Boxeschesser, an dee stellt e comicblog an de mettelpunkt. Hei handelt et sech em typesch franzéischen e bessen dégueulassen comicstyle an den tippchen setz all dag eng nei planche online! äre Mondoperfecto

een Internet-Reckbleck

Google, hier Lescht vun Servicen, huet och elo eng speziell Sich fir alles waat sech em Musik dreint. Picasa a Blogger/Blogspot geheiert Boogle jo och schon, an hei eng richtesch lescht vun den Google service'en.

dann huet make, och als makezine bekannt, sech matt instructables zesummengedoen, make verlinkt jo emmer nei "selbst-ist-der-mann" Saachen, an bei instructables sinn emmer photo'en vun diy projet'en, ergänzt sech gutt...

jo an yahoo huet del.icio.us kaaf, niewend flickr an konfabulator/ now-known-as "yahoo widgets". Niewenbäi huet yahoo elo ocht den jpeg-standard lo lizenseiert, daat heescht bezillt dofir, niewend aaneren Firmen wei Adobe, Macromedia an sou weider... Et ginn aawer och nach Leit a Firmen dei dogeint sinn.
Als Europär sollt ech leiwer rouech sinn Softwarepatenter, an matt dem TK-Gesetz/Richtlinie d.h. alles waat zur Telekommunikatioun geheiert muss 6 bis 12 Meint laang all Sender an Empfänger opgezeechent ginn!!! Alles ausser wann dei aaner Säit keen ophieft [zielt och wanns de oofbrechs?] daat heescht um internet ass et timeout...

{een blog gett am moment nach als privat ugesinn och wann schon firmen een blog hun frosta-blog.de, daat ass dann eben marketing, mee een blog ass privat, an am moment sinn blogger just vun hierer aarbecht geflunn ( also well se eierlech/mies iwwert hier aarbecht geschriwwen hunn, net weinst während der aarbecht ze surfen oder sou) mee et kommen schon stemmen op datt daat och soll duerchsicht ginn no copyright-geschütztenem material waat illegalerweis benotzt gett [wann elo op jpeg een copyright drop ass, waat ass dann matt mengem *.jpeg? also lo mol dei op mengem photoapparat, als stolzen neien besetzer vun enger coolpix s2 stellen ech mer do schon froen.. huet nikon den jpeg och lizenseiert oder sinn meng photo'en komplett illegal am jpeg format gespeichert ginn? an dann dei um hardisk, ech wosst jo net datt daat illegal war geifen do verschidden leit soen, mee bon dei excuse zielt net emmer]}

...an microsoft benotzt logo'en vun mozilla :-)

eppes Aanescht, d'Ami haaten och schon een Prius (haahaa) mee si brengen en net eraus. Aus welchen Grenn och emmer, den Trailer ass ee bessen ze kuerz...

Dann: Wei een SuperMario (op enger Console, um GameBoy ass et aanescht, also ech haat do keng sou oofkierzungen fonnt) an 5 Minutten duerchspillt.

cool Adidas Reklam: homepage + 2 reklammen + 1 spill = gutt gemach.

bei phlow haat ech daat heiten erem fonnt: Samorost ass een een Spill waat am Flash programmeiert ass wann ech mech net ieren, den Jakub Dvorsky huet lauter Saachen fotografeiert, digital erausgeschnidden an seng Welt "Samorost" domadden gebaut, mettlerweil gett et och een Samorost2. Ass och super, säin Hond gett vun Ausserirdeschen geklaut, an heen direkt no an dann geet et lass. Daat den 1. Deel waar seng Oofschlossarbecht op der Uni.

an Alias, "Makers of Maya" matt deem den "Ryan" gemaach ginn ass, leider kann ech näischt ausser photo'en heihinn setzen, mee sin schon zefridden heimadden [hei bei Blogger brauch een weinstenskeng kredit-kaard wei bei glidedigital] mee mol zum thema, bei Alias gett et een "falsch oder reel" photo-quiz, deen net schlecht gemaach ass. Bon wanns de e bessen oppass fenns de aawer dei richtesch Äntwert eraus.

mmh :-) neien lexus is 350, zitat vun jalopnik:

"Actually, the IS 350 is NOT what I was talking about: a wafteriffic luxobarge that makes you wonder why anyone would throw 300 large at Mercedes’ re-animated Nazi staff car. And by “distinctive” I mean barking mad. In fact, the IS 350 takes the Lexus brand, stretches it back a hundred yards or so, and then fires it straight at BMW’s 330i Road Runner — with predictable results."


dann bei blur klicks de lenks op "Animations" dann op "Shorts" dann op een vun deenen 4 Comic'en, ech sinn als 1. op "Rockfish" gestouss, also ech wees net op ech do weilt Fescher sinn, ass zimlech de Geigendeel vum Fescher vun haut. Bon do leien ech vläischt falsch well et ginn och Leit dei gären matt dynamit feschen, an mettlerweil "Sonar Fish Finder" ginn dei sou kleng sinn datt se an eng Auer passen (also ouni de sonar, ausser du wells bei de Fesch schwammen... Six Feet Under?]

dann Links aus der Linkkescht


1. shoe tree am nevada

2. male nach zahlen puzzle

3. Origami vun Yamaha

4. TV Sendungen um Netz

5. Last Minute um Ebay emmer ennert enger Stonn an ennert 1 €!

an speitstens elo sidd der drun
elo Not Safe for Work:
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20

back to normal

http://www.we-make-money-not-art.com/

EE LUX I

Rubik Leisung

Tuesday, December 13, 2005

e puer nei saachen

ze frank ass net schlecht, lauter saachen vun viedeo'en bis hin zu interaktiven flashanimatiouen fenns de hei zimlech vill an nach vill aaner saachen. Einfach emol als Beispill d' "Craymachine". kann een sech schon amuseieren.

een aanert Spill ass daat heiten, wees net wei et heescht well ass alles op asiatesch. De Männchen probeiert dech ze fänken, also den Cursor vun der Maus.

dei Intro hei bei exitmovie ass saugudd!!

dann kann een del.icio.us och op eng mei schein visuell Art & Weis duerchkucken: Revealicious. Haat ech bei SolutionWatch fonnt, do ass eng Lescht matt 25 del.icio.us-visualiseier.

an daat alles haat ech am MonkeyFood/Blog fonnt..., dei maachen kleng Programmer fir Mac. Aprops Mac, Rendez-Vous oder wei et elo heescht "Bonjour" klengt interessant. Hun zwaar keen Mac mee geif gären wessen op daat fonktionneiert wei se soen:

Bonjour lets you create an instant network of computers and smart devices just by getting them connected to each other. The computers and devices take over from there, automatically broadcasting and discovering what services each is offering for the use of others. The network could be as simple as two AirPort Extreme-equipped PowerBook users sitting in a hotel meeting room miles from the nearest AirPort Extreme Base Station with some large files they need to share. Before Bonjour, frustration. With Bonjour, your computer will discover others, making file sharing completely simple.
einfach wei Bonjuer, mee bon Theorie an Praxis leien emmer wäit auserneen:

Monday, December 12, 2005

UCIProTour Breakdown

Oh jee, dei UCI managed de Cyclissem nach emmer net uerdentlech. Knapps haat de gudden Charly eis verloos, do brecht och schon den scheinen neien UCI ProTour auserneen. Dei 1. Saison vum UCI ProTour waar jo schon iwwert d'Bühn gaangen - ech schwätzen vun desem Joer fir dei dei net am Bild sinn - mee dei waar just provisoresch an elo hun sech 3 grouss Partner/Organisateuren zereckgezunn d.h.: Amaury Sport Organisation mecht den Tour de France, RCS mecht den Giro d'Italia & Unipublic d'Vuelta - fannen keen RCS ausser RCSmediagroup sou direkt, kann natirlech och daat sinn, sinn elo aawer ze midd fir ze kontrolleieren - wellen net mei am UCI ProTour mattmaachen besser gesoot mattfinanzeieren. Daat sinn net nemmen dei 3 Grouss Tour d'Europe'en mee am ganzen 11 vun 26 Evenementer (Daagescoursen oder Etappencoursen) dei ewechfaalen, an net dei klengst: Paris-Roubaix, Liège-Bastogne-Liège, Milan-San Remo, Paris-Nice, Paris-Tours, den Tour vun der Lombardei, d'Flèche Wallonne, and Tirreno-Adriatico. Kloer sinn dann nach aaner gutt Coursen do mee iwwert d'Joer gesinn gett et zimlech eidel am Kalenner, ausser si maachen 2 mol pro Joer eng Weltmeeschterschaft...
Jo firwaat leeft daat elo net mei, jo d'UCI freet vill Suen fir datt "Alles" kann "organiseiert" ginn am Kalenner an matt Punktewertung vun der UCI gezielt gett. Bon lo waar et dest Joer aawer esou datt Equipen keng Punkten kruuten och wann se an der Vuelta am General vum Equipenclassement dei 1. waaren (si waaren eben net eng vun deenen Equipen dei d'UCI un hieren Evenementer mattmachen leist, et gin eben och Wildcards vum richtegen Organisateur, waat jo och richtech waar/ass). Well daat jo och keng sportlech Leisung vun der UCI aus ass a well daat dei aaner vill kascht ass d'nächst Joer nix UCI ProTour...

des keier d'Sourcen mol aanescht:
ech sinn dorop gestouss wou ech allesaussersport gelies hun, do hun ech bei cyclingnews an dei der équipe rechercheiert. Wou ech dun hei am gaangen waar hun ech erausfonnt datt den Tour de France och een Blog huet (och matt sou GoogleAds, muss mer daat och emol iwwerleen...) an do hun ech cycilngpost och nach niewenbäi entdeckt.

all Schreft vun der Welt...


also wann ech daat heiten richtesch verstaanen hun dann sin se op der heiter Adress http://www.decodeunicode.org/ amgaangen all Schreftzeechen aus all Schreft vun "Unicode 4.0" online ze setzen (vun all Charakter ass een Bild do, oder et kennt erreicht). An dann soll nach eng Beschreiwung zu all Buchstaaf (et sinn net emmer Buchstaawen well mathematesch Zeeschen a.s.w sinn och derbäi, mee ech banaliseieren daat dann emol sou). Daat ganzt ass dann nach wei een Wiki opgebaut daat heescht jiddereen kann mattmaachen.
Unicode bei Wikipedia.

weivill Sproochen ennerstetzt decodeunicode (aus der FAQ):


[How many languages are covered by Unicode 4.0?]
  • That's a tough one.
    Many scipts, take the latin characters for example, are used for a huge number of languages. One could simply say that Unicode covers every language written in one of the following scripts:
    Latin, Greek, Cyrillic, Armenian, Hebrew, Arabic, Syriac, Thaana, Devanagari, Bengali, Gurmukhi, Oriya, Tamil, Telugu, Kannada, Malayalam, Sinhala, Thai, Lao, Tibetan, Myanmar, Georgian, Hangul, Ethiopic, Cherokee, Ogham, Runic, Tagalog, Hanunoo, Buhid, Tagbanwa, Khmer, Mongolian, Limbu, Tai Le, Han (Japanese, Chinese, Korean), Hiragana, Katakana, Bopomofo, Yi, Linear B, Gothic, Ugaritic, Cypriot.

eppes ganz aanescht elo, bei Typedrawing by storyabout.net gess de een Text an an dann kannst de matt deem Text zeechnen, klengt komesch geet aawer, mei talenteierten wei ech gelengt daat och zimlech gudd.

free famous fonts - fir selwer Stickeren oder sou.

an erem Spillsaachen

1. een ferngesteierten Auto, leider matt Hummer-Karosserie (100$), deen d'Maueren kann vertikal eropfueren. Si hun vläischt dei Karosserie geholl fier datt et mei impressionnant ausgesäit, mee zum Prinzip: ennert dem Modell ass een Ventilator deen matt 3000 E/Min dreint, deen "saugt" den Auto un d'Mauer an enn huet Rimmer ("belt" in english :) dei d'Rieder lenks respektiv riets matt enneneen verbannen. Huelen un well keen 4WD ass brauch en daat soss geif en duerchdreinen...;
2. een Spill wous deen een Liichtstraal matt Spigelen muss manipuleieren sou datts de de Geigner domadden treffs, also alles um Spillfeld, ass een Briedspill - kritt wuel een "b" well et vun "breideren" kennt - keint spannend sinn...;
3. Kanns de matt Plastelin all Fengeroofdrockmaschin knacken ;-) (fannen de link net direkt, kennt speider no);
4. een Wecker deen flitt, fier datts d'en net kanns esou seier ausmaachen an e mescht dann Kameidi wei eng Mustik (deis de wouwisou wells schloen...).
(alles via gizmodo)

kuerz online games:

bullet-time: 1 sekonn zäit fir d'Patroun ze devieieren;
avoision: nennen daat emol anti-pong, probeier de pixelen auszeweichen ;)
wagenschenke: (klick "Play Homerun 2004") haal de "Saaten" riit, soss fällt en op d'Panz an Spill ass färdech.

fir dei dei een mac hun: fann eraus weini a wou däin mac gebaut ginn ass!

Flexible Batterie

waat d'zukunft net alles sou brengen wärt:
eng Batterie vun NEC (einfach esou mol vun Akihabara) dei een faalen kann, nett faalen loossen mee oprullen an sou weider. Daat Ganzt ass just 0,3 mm deck an gett an 30 Sekonnen opgelueden (stung leider net derbäi wei stoark dei Batterie ass). Mee matt eng Display deen een och kann diebelen passt daat jo schon baal perfekt zesummen. Deen nächsten Laptopdisplay keint een dann wei eng kleng Leinwand maachen dei sech zesummenrullt wanns de färdech bass...
mmh, lo hun ech graad gesicht wou ech daat fonnt haat (waar bei gizmodo), do stoussen ech op Graphic Solutions, dei maachen schon esou eppes ähnleches.

Public Domain Torrents

fänken mer mol matt einfachen Saachen un
enner www.publicdomaintorrents.com fenns de (meeschtens) Video'en oder ganz Filmer vun Saachen wou de Copyright schon oofgelaaf ass. Huet vun allem, aal Comics & Filmer (mengen haat Metropolis och do gesinn) .
Eppes ähnleches ass www.legaltorrents.com, do ass och mei Musik.

Do ass fier jiddereen eppes derbäi behaapten ech elo mol einfach esou.

Friday, December 09, 2005

one red paperclip

one red paperclip

ass eng deck cool actioun fannen ech, matt e bessen gedold leeft daat och nach...

mol an engem joer zereck kucken goen.

legal downloads bei YahooChina?

also ehrensenf.de ass net schlecht, ass een normalen Blog, mee du kanns daat ganzt och als Videostream kucken oder erooflueden, daat ganzt ass vum Katrin virgelies an dann kriss d'linken gewisen matt den video'en dei dozougeheieren an seng Commentairen.

Do hun ech dann och elo fonnt datts de bei YahooChina einfach mp3'en kanns erooflueden, muss dofir de Video bei ehrensenf nach eng Keier kucken fir de richtegen Knäppchen ze fannen, ass net esou einfach op chinesesch...

Thursday, December 08, 2005

waat et net alles gett

Majo dann, den Monsieur Albert Swank Jr well een Nuklearteillchenbeschleuniger bei sech an der Grarage opbauen, haat geduecht daat wier een Witz wou ech daat virun e puer Deech bei BoingBoing gelies haat, mee anscheinend net.
Den Här seet en hät schon een "Cyclotron" matt 17 joer zesummen matt sengem Papp gebaut. Mee bon d'Leit sinn do net esou frou doriwwer, enner aanerem well een domadden kann radioaktiv Substanzen maachen; dofir gin der elo do e puer op d'Barricaden do. Bon heen mescht daat vir een gudden zweck, kritt dei aale Maschinn vir näischt well dei net mei gebraucht gett oder ze aal ass...

eis Nooperen aus Frankräisch

am Moment schengen d'Fransousen wierklech eng matt der Dänn ze hunn wei ech bei netzpolitik.org graad an deem heiten Artikel gelies hunn, anscheinend wellen se all Program verbidden deen keen DRM oder Waasserzeeschen kann ennerstetzen, dann soll nach all Internet-Provider d'Daaten vun privaten Client'en op copyright-geschützten Saachen duerchsichen. Daat sinn nemmen 2 vun e puer Saachen dei se all nach seier dest Joer wellen duerchbrengen...


bon hun do och e bessen am franseisch-sproochegen Raum gesicht, do sinn ech op de Canard Wifi gefall, deen da schreiwt lo wieren och all hier HotSpot'en a Gefoer, well jidderen deen Internet ubidd muss elo jo alles genau loggen, ween waat wou gemaach huet...

wann een interessant franseisch blog'en oder säiten huet kann e mer se gären an de comments posten (an flm.fr kennen ech schon).

spill den taxi-schooffer

kanns dech amuseieren dengem "Client" Angscht ze maachen. Am Fong och deenen aaneren op der Strooss mee dei geäis de net. (via IT&W)

Wednesday, December 07, 2005

weider geet et

- hei eng kleedermark dei ech nach net kannt hun Foska. gesäit net schlecht aus, hei een Iwwerbleck vun hieren Saachen, maachen Velos-Trikot an Trainings-Jacketen an kennt aus England

skullskates
aus Kanada mescht Hoodies matt Schanken/Skelett-Motiver... sou wei thread syndicate och

- dei hei ass och sauwitzesch!! GALUMPIA. nemmen Auschnetter vun Biller wous de der eppes aanescht virgestallt haas am Ufank.

e Bild erklärt emmer alles besser:






de Mensch a seng Imaginatioun, et ass eng Ees :-)
alles via boingboing.

haat de link schon erem baal vergiess, ass aawer och cool (bei coolhunting eremfonnt). Datt sinn Bleck matt LED'en uewendrop, an dei kanns de nach programmeieren, Domino klengt mer langweilesch, mee do keint een sech och aaner Sachen wei Pong firstellen.

Apropos Pong, do gett et och eng Pong-Auer, d.h. du gesäis just een Monitor, an all Partie Pong dauert 1 Minutt. Een witzechen Gimmick, haat ech bei MocoLoco gesinn.

hei ginn et witzech Helm-Cover, ech perseinlech fannen de "Screaming Frog" Design am beschten, ginn och nach annerer wei "Human Brain" (matt LED's) oder den "Nail Head", fir jiddereen ass halt eppes derbäi :-)


nach e puer nei saachen

also 1. dei "Scratchless CD and DVD" (fonnt bei gizmodo); sinn Ami'en dei CD'en oder DVD'en produzeieren dei Noppen ronderem de Rand vun der CD/DVD hunn, sou läit se nie ganz op, zimlech simpel mee bon wann daat et brengt... Matt Features wei EZ-UP Edge, Aero-Bump, Safety-Gap an Invisible-Safety-Shield kann jo baal näischt mei schiefgoen.

2. Dymo maachen een RhinoPro 5000 (klengt schon heftesch, pass op Mann), ass een Dymo fir "Handwierker", daat innovativt vir mech ass, datt deen Apparat och Schrumpfkaabel kenn imprimeieren, daat nennt een praktesch (kascht 150$ op der Amisäit, 108€ bei Ebay) !!! Ah den RhinoPro 3000 (USA Säit) (Features) kann daat anscheinend och, kascht nemmen 99$ an gett et just an Amiland, pfff.

3. Soss haat ech nach den National Geographic gelies, bon ech perseinlech fannen datt vill Saachen net mei ze liesen sinn well et aawer sensationalistesch ugehaucht ass, mee d'Photo'en sinn trotzdeem meeschtens excellent. Mee ech schreiwen iwwert eppes ganz aanescht, Bang & Olufsen an Samsung hun een Handy gemaach: Serene. Ech schreiwen daat emol hei well ech nach net vill netzlesches um Internet doriwwer fonnt hun, ausser dei offiziell eben. [update: dach hei ass den Telefon schon baal ganz ausserneen geholl ginn]

de rescht kennt no

oh mei

klick hei: http://www.presseportal.de/polizeipresse/p_story_rss.htx?nr=575753
dann scrolls de roof bis "4. Eisbecher mit vier Füßen...", watt bei den nooperen doiwwer alles net alles iwwerwaacht gett :-)
fonnt bei argh.

[Update: Ech wollt net alles posten weinst copyright asw mee waat soll daat hei ass alles relevantes:


4. Eisbecher mit vier Füßen
L 3015, Kronberg >> Neuenhain
13.07.04, 01.45 Uhr

Eine Objektschutzstreife bemerkte zur o.a. Zeit einen über die
Fahrbahn laufenden „McFlury-Becher“ (Papp-Eisbecher von McDonalds).
Da man sich diesen Umstand zunächst nicht erklären konnte und die
Aufforderung: „Halt Polizei – stehen bleiben“ schlichtweg ignoriert
wurde, sollte der Becher – natürlich unter Berücksichtigung aller
Grundsätze der Eigensicherung – in kontrolliert genommen werden. Aus
Gründen der Verhältnismäßigkeit war jedoch auf die Androhung von
Zwangsmitteln verzichtet worden. Nachdem man den Becher dann
vorsichtig hochgehoben hatte, wurde festgestellt, dass sich darin ein
Igel und zwei Nacktschnecken befanden. Der Igel hatte offensichtlich
bei einem Jagdausflug zwei Schnecken gesichtet, die sich in dem
achtlos weggeworfenen Pappbecher aufhielten. In seinem Jagdeifer
dürfte der Igel aber wohl seinen eigenen Körperumfang unterschätzt
haben, denn als er sich kopfüber in den Becher stürzte, blieb er
stecken und lediglich seine kurzen Beine schauten noch heraus. So
lernte der Becher dann das Laufen – wie soll ein Igel auch rückwärts
aus einem Becher krabbeln, wenn sich dabei sofort die Stacheln
hochstellen und verhaken. Die beiden Beamten befreiten den Igel aus
seiner misslichen Lage und setzten ihn im „rechten“ Straßengraben
wieder aus, die beiden Schnecken wurden ebenfalls aus dem Becher
befreit und im „linken“ Straßengraben ausgesetzt. Anschließend wurde
der Pappbecher ordnungsgemäß entsorgt und die Streifenbesatzung
konnte mit dem Gefühl „eine gute Tat vollbracht zu haben“ die
Objektschutzstreife fortsetzen.



ots-Originaltext: Polizeipräsidium Westhessen - PD Hochtaunus

Digitale Pressemappe:
http://www.polizeipresse.de/p_story.htx?firmaid=50152

Rückfragen bitte an:
Polizeipräsidium Westhessen
Polizeidirektion Hochtaunus

Pressestelle / KHK Klinger (0611) 345-1042
Saalburgstrasse 116
61350 Bad Homburg v.d. Höhe
Tel.: (06172) 120-0
Email: pressestelle.pd-htk.ppwh@polizei.hessen.de
vill spaass]

an den Fransousen...

...huet deen neien Beaujolais bei e puer Leit Lobotomie ausgeliest, kennt mer mol sou vir wann ech daat hei liesen (Zitat aus : Des élus réunis contre le Rap wees net op de link geet, bei den News op der 2. oder 3. Säit kucken, via Les Inrockuptibles) :

"....qu’ils accusent d’incitation à la violence à cause des paroles de leurs chansons. Sont concernés Lunatic, le 113, Ministère AMER, les rappeurs Fabe, Salif, Smala et Monsieur R , qui avait déjà été mis en cause en août. Le député UMP à l’initiative de la démarche, François Grosdidier, estime que le rap a une part de responsabilité dans les émeutes récentes. "

jeje no den Drogendealeren sinn et elo d'Rapper dei all dei Autosverbrennungen ausgeleist sollen hun, ween als nächst?

spillen mer och gläich Spidy

Aus der leschter Zeit, mettlerweil och am Netz, wei et meiglech ass datt ee Gecko sech souguer nach matt enger eenzeger Zeif secher ugehaalen gett.

vun der PNAS 2002 Gecko Adhesion Site. ass vun hei.

Anscheinend läit daat un de Van-der-Waals Kräften (Erklärung a Biller, Uni Essen), un sengen Patten sinn minikleng Hoer, a well dei Hoer sou kleng sinn machen se Gebrauch vun där Kraaft. As genial wei entweckelt verschidden Deieren sinn, datt se praktesch gesinn sech un deenen eenzelnen Molekülen vum Glaass oder Baam unhaalen. An jo dei Kraaft ass em de Faktor 10 mei stoark wei dei Kraaft dei heen brauch vir säin Gewiicht unzehaalen!!!

Klengt de Waan, zumols wanns de dann nach lies datt dem Gecko seng Patten och net knaschtesch kennen ginn (doweinst? - ass leider net richtesch erklärt).

Lo wellen se natirlech direkt een Pech entweckelen matt Geckostechnologie, eppes wei Post-it just vill mei stoark, mei oft benotzbar an gett nach net knaschtech dobäi.

den Peter huet och emmer interessant physikalesch News, heescht "Physikalische Kleinigkiten" (1 mol/Mount aktualiseiert normalerweis).

A:Level Volga V12

net datt et net genuch nei saachen ginn, mee muss aawer e bessen reklam maachen
dei Fotoen sinn och schon mei laang um Internet mee trotzdeem.
Mavromatic haat dei eischt seriö informatiounen driwwer souweit ech daat mattkritt hunn.


Den Interieur ass vun engem aalen BMW 850, sou wei den M5 Motor (5,5L V12) deen se do ragebaut hunn.Gemaach ass daat ganzt vun enger Firma dei sech A:Level nennt, dei schengen och Koenigsegg'en an Russland ze verschiebelen (leider geet mer mär net vill op der A:Level Säit, läit vläicht um Firefox....).

Daat waat ech net verstinn, wei kritt een aus deem aalen Volga souvill Metall fir dei mega Maschinn dorauser ze bauen. Schengt aawer ze goen....


Mei Photo'en: hei.

Monday, December 05, 2005

Wanns de der selwer nach net genuch hues

hei ass Een deen seng Probleemer bei Ebay verkeeft, scheint gutt ze sinn well si sinn schon bei 68€ ukomm....
Artikelnummer: 6231825950
d'Froen an d'Commentairen liesen!

(Am Fong ass et eng Autkioun fir een gudden Zweck, an do sichen der Medienpräsenz well een neit Gesiit op dem Ferrero Kinder Schokola ass waat hinnen net gefällt...)

on aura tout vu!

Sunday, December 04, 2005

vir kleng an Grouss :-)


sinn e bessen bei Lego hänken-bliwwen. Lauter cool Saachen (imho), z.B. den Lego Technik Kraan, maat pneumateschem Oarm an Stabilisatoren, huet 1884 Stecker an kascht 140 €... jo ass net bellesch mee et sinn och genuch Stecker dofir.



Dann gett et nach den Lego Technik Dump Truck gesäit net schlecht aus, huet zwaar nemmen 284 Stecker dofir ass en och mei bellesch, 25 €.


Och wann hier Saachen freier mei massiv ausgesinn hunn, jo jo sou ass daat eben haut sinn se stolz wann d'Lenkung vum Auto geet, pfff freier ass deen ganzen Motorblock funktionnel gewierscht matt (nemmen) 4 Gäng (waat heescht hei nemmen ass de Glanz gewierscht!!!, misst och haut nach goen muss just alles zesummenbauen, mol kucken ass vläischt eppes fir de Matthieu).

Apropos zesummenbauen Lego Factory "My Custom Design" klengt net schlecht,


du lueds der hier Software eroof Mac/Windows dann kanns de matt deem Program virtuell eppes matt Lego bauen, mee daat innovativt (waat hinnen Suen erabrengt) dorunner ass do gett automatesch eng Gebrauchsanweisung dozou gemaach (kanns de erausprinten) an dann kanns de däin Set nach bei hinnen bestellen. Bon wann däin Set deens de selwer gebastelt hues gutt ass wärten si en och nach selwer zesummenstellen vir jiddereen a mengen net datts de Copyright op däin Set kriss, mee trotzdeem ass schon eng gutt Idi.

Dann hun se och nach ferngesteiert Auto'en mettlerweil wei den Dirt Crusher, am Video (ass Java, kreien de Link net erausgekroopt, muss de clicken goen bei Lego)


gesäit daat emol och net schlecht aus, mee sou engem Reklammevideo kann een net trauen, mee anscheinend ass do eng ordentlech batterie dran, dann läit et nach um Motor an Suspensioun + Pneuen. Muss een oofwoarden wei dei sech bewären... Ass och net bellesch: 150€, aus 90 Stecker zesummegebaut, mee Lego waar nach emmer robust daat ass och do vun Vierdeel.

Friday, December 02, 2005

ass esou gudd muss einfach sinn (liesen!)

gitt op dei säit http://www.macelib.hor.de/ w.e.g. den text liesen, ass saugudd geschriwwen an gemaach (fonnt beim schockwellenreiter).

eng aaner säit vum hor.de ass dei iwwert d'werbung ass zimlech iwwerlaaascht matt falscher dovun mee den text selwer ass ok (all link geet op ms :-).

als eischt daat vun haut

also haat probeiert deen Luutenschierm aus Pabeier vum yasutomo nozefaalen ass aawer näischt draus ginn, hun richtech gefaalt (haat einfach emol 1 normaalt DinA4 Blaat geholl). Mee zum schluss fir do eppes ronnes erauszekreien waat esou ausgesäit wei op senger Photo nee geet net...

probeiert emol selwer...