Wednesday, December 07, 2005

nach e puer nei saachen

also 1. dei "Scratchless CD and DVD" (fonnt bei gizmodo); sinn Ami'en dei CD'en oder DVD'en produzeieren dei Noppen ronderem de Rand vun der CD/DVD hunn, sou läit se nie ganz op, zimlech simpel mee bon wann daat et brengt... Matt Features wei EZ-UP Edge, Aero-Bump, Safety-Gap an Invisible-Safety-Shield kann jo baal näischt mei schiefgoen.

2. Dymo maachen een RhinoPro 5000 (klengt schon heftesch, pass op Mann), ass een Dymo fir "Handwierker", daat innovativt vir mech ass, datt deen Apparat och Schrumpfkaabel kenn imprimeieren, daat nennt een praktesch (kascht 150$ op der Amisäit, 108€ bei Ebay) !!! Ah den RhinoPro 3000 (USA Säit) (Features) kann daat anscheinend och, kascht nemmen 99$ an gett et just an Amiland, pfff.

3. Soss haat ech nach den National Geographic gelies, bon ech perseinlech fannen datt vill Saachen net mei ze liesen sinn well et aawer sensationalistesch ugehaucht ass, mee d'Photo'en sinn trotzdeem meeschtens excellent. Mee ech schreiwen iwwert eppes ganz aanescht, Bang & Olufsen an Samsung hun een Handy gemaach: Serene. Ech schreiwen daat emol hei well ech nach net vill netzlesches um Internet doriwwer fonnt hun, ausser dei offiziell eben. [update: dach hei ass den Telefon schon baal ganz ausserneen geholl ginn]

de rescht kennt no

No comments: