Friday, December 16, 2005

een Internet-Reckbleck

Google, hier Lescht vun Servicen, huet och elo eng speziell Sich fir alles waat sech em Musik dreint. Picasa a Blogger/Blogspot geheiert Boogle jo och schon, an hei eng richtesch lescht vun den Google service'en.

dann huet make, och als makezine bekannt, sech matt instructables zesummengedoen, make verlinkt jo emmer nei "selbst-ist-der-mann" Saachen, an bei instructables sinn emmer photo'en vun diy projet'en, ergänzt sech gutt...

jo an yahoo huet del.icio.us kaaf, niewend flickr an konfabulator/ now-known-as "yahoo widgets". Niewenbäi huet yahoo elo ocht den jpeg-standard lo lizenseiert, daat heescht bezillt dofir, niewend aaneren Firmen wei Adobe, Macromedia an sou weider... Et ginn aawer och nach Leit a Firmen dei dogeint sinn.
Als Europär sollt ech leiwer rouech sinn Softwarepatenter, an matt dem TK-Gesetz/Richtlinie d.h. alles waat zur Telekommunikatioun geheiert muss 6 bis 12 Meint laang all Sender an Empfänger opgezeechent ginn!!! Alles ausser wann dei aaner Säit keen ophieft [zielt och wanns de oofbrechs?] daat heescht um internet ass et timeout...

{een blog gett am moment nach als privat ugesinn och wann schon firmen een blog hun frosta-blog.de, daat ass dann eben marketing, mee een blog ass privat, an am moment sinn blogger just vun hierer aarbecht geflunn ( also well se eierlech/mies iwwert hier aarbecht geschriwwen hunn, net weinst während der aarbecht ze surfen oder sou) mee et kommen schon stemmen op datt daat och soll duerchsicht ginn no copyright-geschütztenem material waat illegalerweis benotzt gett [wann elo op jpeg een copyright drop ass, waat ass dann matt mengem *.jpeg? also lo mol dei op mengem photoapparat, als stolzen neien besetzer vun enger coolpix s2 stellen ech mer do schon froen.. huet nikon den jpeg och lizenseiert oder sinn meng photo'en komplett illegal am jpeg format gespeichert ginn? an dann dei um hardisk, ech wosst jo net datt daat illegal war geifen do verschidden leit soen, mee bon dei excuse zielt net emmer]}

...an microsoft benotzt logo'en vun mozilla :-)

eppes Aanescht, d'Ami haaten och schon een Prius (haahaa) mee si brengen en net eraus. Aus welchen Grenn och emmer, den Trailer ass ee bessen ze kuerz...

Dann: Wei een SuperMario (op enger Console, um GameBoy ass et aanescht, also ech haat do keng sou oofkierzungen fonnt) an 5 Minutten duerchspillt.

cool Adidas Reklam: homepage + 2 reklammen + 1 spill = gutt gemach.

bei phlow haat ech daat heiten erem fonnt: Samorost ass een een Spill waat am Flash programmeiert ass wann ech mech net ieren, den Jakub Dvorsky huet lauter Saachen fotografeiert, digital erausgeschnidden an seng Welt "Samorost" domadden gebaut, mettlerweil gett et och een Samorost2. Ass och super, säin Hond gett vun Ausserirdeschen geklaut, an heen direkt no an dann geet et lass. Daat den 1. Deel waar seng Oofschlossarbecht op der Uni.

an Alias, "Makers of Maya" matt deem den "Ryan" gemaach ginn ass, leider kann ech näischt ausser photo'en heihinn setzen, mee sin schon zefridden heimadden [hei bei Blogger brauch een weinstenskeng kredit-kaard wei bei glidedigital] mee mol zum thema, bei Alias gett et een "falsch oder reel" photo-quiz, deen net schlecht gemaach ass. Bon wanns de e bessen oppass fenns de aawer dei richtesch Äntwert eraus.

mmh :-) neien lexus is 350, zitat vun jalopnik:

"Actually, the IS 350 is NOT what I was talking about: a wafteriffic luxobarge that makes you wonder why anyone would throw 300 large at Mercedes’ re-animated Nazi staff car. And by “distinctive” I mean barking mad. In fact, the IS 350 takes the Lexus brand, stretches it back a hundred yards or so, and then fires it straight at BMW’s 330i Road Runner — with predictable results."


dann bei blur klicks de lenks op "Animations" dann op "Shorts" dann op een vun deenen 4 Comic'en, ech sinn als 1. op "Rockfish" gestouss, also ech wees net op ech do weilt Fescher sinn, ass zimlech de Geigendeel vum Fescher vun haut. Bon do leien ech vläischt falsch well et ginn och Leit dei gären matt dynamit feschen, an mettlerweil "Sonar Fish Finder" ginn dei sou kleng sinn datt se an eng Auer passen (also ouni de sonar, ausser du wells bei de Fesch schwammen... Six Feet Under?]

dann Links aus der Linkkescht


1. shoe tree am nevada

2. male nach zahlen puzzle

3. Origami vun Yamaha

4. TV Sendungen um Netz

5. Last Minute um Ebay emmer ennert enger Stonn an ennert 1 €!

an speitstens elo sidd der drun
elo Not Safe for Work:
1 2 3 4 5 6 7 8 9 10 11 12 13 14 15 16 17 18 19 20

back to normal

http://www.we-make-money-not-art.com/

EE LUX I

Rubik Leisung

No comments: