Sunday, December 04, 2005

vir kleng an Grouss :-)


sinn e bessen bei Lego hänken-bliwwen. Lauter cool Saachen (imho), z.B. den Lego Technik Kraan, maat pneumateschem Oarm an Stabilisatoren, huet 1884 Stecker an kascht 140 €... jo ass net bellesch mee et sinn och genuch Stecker dofir.



Dann gett et nach den Lego Technik Dump Truck gesäit net schlecht aus, huet zwaar nemmen 284 Stecker dofir ass en och mei bellesch, 25 €.


Och wann hier Saachen freier mei massiv ausgesinn hunn, jo jo sou ass daat eben haut sinn se stolz wann d'Lenkung vum Auto geet, pfff freier ass deen ganzen Motorblock funktionnel gewierscht matt (nemmen) 4 Gäng (waat heescht hei nemmen ass de Glanz gewierscht!!!, misst och haut nach goen muss just alles zesummenbauen, mol kucken ass vläischt eppes fir de Matthieu).

Apropos zesummenbauen Lego Factory "My Custom Design" klengt net schlecht,


du lueds der hier Software eroof Mac/Windows dann kanns de matt deem Program virtuell eppes matt Lego bauen, mee daat innovativt (waat hinnen Suen erabrengt) dorunner ass do gett automatesch eng Gebrauchsanweisung dozou gemaach (kanns de erausprinten) an dann kanns de däin Set nach bei hinnen bestellen. Bon wann däin Set deens de selwer gebastelt hues gutt ass wärten si en och nach selwer zesummenstellen vir jiddereen a mengen net datts de Copyright op däin Set kriss, mee trotzdeem ass schon eng gutt Idi.

Dann hun se och nach ferngesteiert Auto'en mettlerweil wei den Dirt Crusher, am Video (ass Java, kreien de Link net erausgekroopt, muss de clicken goen bei Lego)


gesäit daat emol och net schlecht aus, mee sou engem Reklammevideo kann een net trauen, mee anscheinend ass do eng ordentlech batterie dran, dann läit et nach um Motor an Suspensioun + Pneuen. Muss een oofwoarden wei dei sech bewären... Ass och net bellesch: 150€, aus 90 Stecker zesummegebaut, mee Lego waar nach emmer robust daat ass och do vun Vierdeel.

No comments: