Monday, December 12, 2005

UCIProTour Breakdown

Oh jee, dei UCI managed de Cyclissem nach emmer net uerdentlech. Knapps haat de gudden Charly eis verloos, do brecht och schon den scheinen neien UCI ProTour auserneen. Dei 1. Saison vum UCI ProTour waar jo schon iwwert d'Bühn gaangen - ech schwätzen vun desem Joer fir dei dei net am Bild sinn - mee dei waar just provisoresch an elo hun sech 3 grouss Partner/Organisateuren zereckgezunn d.h.: Amaury Sport Organisation mecht den Tour de France, RCS mecht den Giro d'Italia & Unipublic d'Vuelta - fannen keen RCS ausser RCSmediagroup sou direkt, kann natirlech och daat sinn, sinn elo aawer ze midd fir ze kontrolleieren - wellen net mei am UCI ProTour mattmaachen besser gesoot mattfinanzeieren. Daat sinn net nemmen dei 3 Grouss Tour d'Europe'en mee am ganzen 11 vun 26 Evenementer (Daagescoursen oder Etappencoursen) dei ewechfaalen, an net dei klengst: Paris-Roubaix, Liège-Bastogne-Liège, Milan-San Remo, Paris-Nice, Paris-Tours, den Tour vun der Lombardei, d'Flèche Wallonne, and Tirreno-Adriatico. Kloer sinn dann nach aaner gutt Coursen do mee iwwert d'Joer gesinn gett et zimlech eidel am Kalenner, ausser si maachen 2 mol pro Joer eng Weltmeeschterschaft...
Jo firwaat leeft daat elo net mei, jo d'UCI freet vill Suen fir datt "Alles" kann "organiseiert" ginn am Kalenner an matt Punktewertung vun der UCI gezielt gett. Bon lo waar et dest Joer aawer esou datt Equipen keng Punkten kruuten och wann se an der Vuelta am General vum Equipenclassement dei 1. waaren (si waaren eben net eng vun deenen Equipen dei d'UCI un hieren Evenementer mattmachen leist, et gin eben och Wildcards vum richtegen Organisateur, waat jo och richtech waar/ass). Well daat jo och keng sportlech Leisung vun der UCI aus ass a well daat dei aaner vill kascht ass d'nächst Joer nix UCI ProTour...

des keier d'Sourcen mol aanescht:
ech sinn dorop gestouss wou ech allesaussersport gelies hun, do hun ech bei cyclingnews an dei der équipe rechercheiert. Wou ech dun hei am gaangen waar hun ech erausfonnt datt den Tour de France och een Blog huet (och matt sou GoogleAds, muss mer daat och emol iwwerleen...) an do hun ech cycilngpost och nach niewenbäi entdeckt.

No comments: