Monday, November 28, 2005

VOLLEKSVERDOMMUNG oder waat leeft hei?

Also klengen Recapitulatif: 1985 huet een misteriösen Bommeleer Letzebuerg onsecher gemaach. Deemols hun se "alles Meigleches" an Onmeigleches gemaach fir erauszefannen ween et wier. Do d'letzebuergesch "Autoritéiten" net vill bruecht hunn, hun e puer Gerüchter d'Ronn gemaach.
Et gett gesoot et wier een aus der Groussherzogsfamill, daat huet emsou mei plausibel geklongen well kuerz drop huet een aus der Groussherzogsfamill gesoot hee geif op den Troun verzichten, wann et un heen geif kommen....... (obschon en net esou seier un der Rei gewierscht wier, haut nach emmer net).

Bon lo 2005 ass mengen ech Ufanks deses Joers op eemol gesoot ginn et geif een nach eng keier all Spueren dei een deemols fonnt hätt op genetesch Spueren ennersichen, haut hätt een dei modern Mettel dofir..... Och schon komesch Idi, wees net mei ween daat un d'Rullen bruecht huet.

Lo am Hierscht haat RTL (iwwer Radio) do een "Aenzeien" vun deemols, deen reantelefoneiert huet a soot heen hätt een Attentäter/Bommeleer gesinn (deemols 1985 beim Findel mengen ech waar daat). An deen Aenzeien hätt vun der Police deemols gesoot kritt heen sollt rouesch sinn.... (soss wier säin Liewen net mei sou rouesch). Bon wou daat um Radio komm ass, du huet sech den JunckerNationale eragehaangen a gesoot heen geif deen Aenzeien unheieren, well sou Saachen keint een net einfach am Raum stoen loossen, an op daat een Decken oder eng oarm Sau gewierscht wier, heen weilt daat trotzdeem opklären. - Rem komesch datt heen daat muss maachen an keen vun eisem Police-System dovir do ass. - Do huet de JunckerNationale dann matt deem Här Aenzeien geschwaat, anscheinend waaren och dei vum Radio dobäi, mee d'Vollek gett do näischt mei driwwer gewuer.

Mee meng Pointe: Am Hierscht ass gesoot ginn, de Staat geif eng Email-Address arrichten an dann keint jiddereen do uginn waat en vun deemols wees. Den HIT: d'EmailAddress ass "enquete85@hotmail.com". Bon ech wollt deemols schon schreiwen gitt hacked dei Email, well waat sin daat vir Saachen, de Staat mecht eng Email-Adress wou streng geheim Saachen vun enger Enquête, dei nach leeft, dohinn gescheckt ginn.... Mee bon hun daat emol net missen maachen, well ass souwisou geschitt.... (Link ass an der Iwwerschreft).

Just zur Informatioun, Hotmail = Mircosoft!!!!

freet een sech waat fir eng Scholden mer bei Microsoft hun...

Sou lo stees de rem super do Letzebuerg, deng Informatiounen vun enger laafender Untersuchung bei Hotmail schecken ze loossen, nee mee am Eescht, iwwerleet do heiansdo een...

Rem gutt lächerlech ass daat Ganzt, connerie de la mort qui tue.

Zeugen mit gutem Erinnerungsvermögen gesucht d'ass jo schon net schlecht datt op eemol 20 Joer duerno eppes gemaach muss ginn mee daat do ass elo de Comble. Zitat: "The judge has asked for information to be sent by e-mail to enquete85@hotmail.com". Gutt wann d'Leit sech nach erennert hun, hoffentlech schreift den Hacker weinstens een Buch matt deem waat bei der Enquête erauskennt/komm ass.

Amplaatz sech bei Hotmail hacken ze loossen, kennen se och direkt alles heihinner schecken...

wierklech Volleksverblödung ass daat dooten

sou lo ass et um Feierkroop...

No comments: