Sunday, November 20, 2005

et muss mei geblogged ginn

mmh, misst nach e puer aaner saachen maachen, mee hun fonnt keint elo hei einfach nei saachen beisetzen, mee
zur info - iwwert den t-amp verstärker wärt nach mei kommen an d'zukunft, well do ass eng firma dei tauscht baal alles vun der platin aus matt besseren saachen, mol kucken waat do netzleches dodrenner ass fir eis....,
dann zur info - nodeems dyndns geet a mäin ftp server prgram daat och managed, sichen ech elo eppes vir meng komplett homepage bei mär doheem ze hun (soulaang net (ze) vill leit dropginn dierft daat laafen...), mee dofir muss ech mol dei richtech programmen nach fannen... well ech weilt mei ewei photo'en heihinn setzen kennen,
nach zur info - et ass mer nach net gelongen bei onlinetvrecorder eng vun mengen sendungen eroof zelueden (hun mech och maximal erreicht 1 stonn domadden befaasst), mee hier free downloadlinks hun ech nach net fonnt, weder bei emule oder torrent, an dei matt der reklam dei laafen net, ass emmer time-out...
bon, daat hei wärt elo eng lescht ginn matt interessanten saachen dei ech um internet fonnt hun

cool: blue ball machine via IT&W

hei ass nach mei fett: yugop do huet een besser et geet een nach an d'archiven kucken, meeschtens interaktiv flash-"animatiounen"

witzechen stuff aus luxusbuerg: De kleene Maacher Pio, Shop matt witzejen t-shirten wei "Ech kennen de Bommeleer"

fir computer saachen haaptsächlech security/hacking vun saachen: blacklisted411

daat hei klengt gudd mee op sengem link (Visual Places) leeft nach net vill... via de.icio.us

daat hei ass de wan, am fong de wlan :-) wigle ass een internetservice, am fong eng database vun plaatzen (matt den geografeschen koordinaten) vun freien/openen/onverschlesselten wlan netwierker an hei ass elo den zoom in op den Süden vun Lëtzebuerg (am link gesäit een d'koordinaaten, ass relativ praktesch...), ech mengen dei agglomeratioun vun punkten ass Esch... mee de wan ass daat een do ganz stroossen kann erkennen...

;-) fir gudd op de stroossen ze fueren Brooks mecht Siedel fier Veloen zenter datt et dei ginn, een Suedel fir d'Liewen hallt, nach alles aus guddem Material...
daat hei ass dann de rescht fir dobäi, een Velo (Strooss, Cyclo-Cross; MTB an de Rescht wärt och gläich do sinn ) vum Tom Ritchey deen an eng Waliss passt dei net mei grouss wei een Rad ass (kloer an der Deift ass et mei grouss/breed wei e Rad, Globi!
ass vun hei.), de Velo heescht "Break-Away" - hoffen daat geschitt net wierklech - mee gesäit schon emol net schlecht aus, d.h. ass schon iwwerluet deen design. Do gett och schon aaneres an deem Beräisch daat waat bis elo State of the Art war ass daat heiten SandSMachine , ass och een effizienten System, wann den Kader aus ronnen Tuben ass...

jo daat wier schon e bessen, mol kucken waat mer afällt wann ech daat heiten elo gepost hunn...

No comments: