Sunday, January 15, 2006

e puer Flickr Tools

Ech waar bei quasimondo geland an do haat ech de "retrievr" eremfonnt. Daat ass een klengen Onlineservice deen et ermeiglecht d'Photo'en vun Flickr unhand vun enger "Skizz" ze duerchsichen. Ech drecken mech heiansdo komesch aus, also du mools eppes an retrievr fennt dei Photo'en dei dengem Gekritzels gläichen.

quasimondo entweckelt selwer sou kleng Tools, ennert aanerem den Flickeur. De Flickeur hellt Photo'en bei Flickr (alles per Zoufall) an mescht een animeierten "Videoclip" doraus. Heiansdo kennt dann nach ennen 1 Datum + 1 Comment hinn stoen (wees net firwaat, mee erennert mech e bessen un BlairWitchProject. Läit vläicht um Sound an wells de eppes kucks wous de näischt driwwer wees...).

No comments: