Wednesday, January 25, 2006

an Däitschland gett geint d'GVU ermettelt

D'ass d'Woch vum Copyright sou wei et hei ausegesäit:

wei der bei heise kennt liesen waar virgeschter an Europa eng grouss Razzia geint "Raubkopierer". An Holland, Eisterräisch, Polen, Däitschland an an der Tschechei sinn Heiser duerchsicht ginn.

Kuerz drop dei interessant Nooricht: bei der "Gesellschaft zur Verfolgung von Urheberrechtsverletzungen (GVU)" sinn och Saachen duerchsicht ginn. Daat ass jo net schlecht wann dee Club, deen am Fong soll kucken dat keen copyright-geschützten Daten sollen kopeiert ginn, selwer P2P-Gemeinschaft matt Hardware an Suen bestecht...

No comments: