Monday, January 30, 2006

Pimp our Mini Z



ee GROUSSEN Merci un de Lump! Elo kenne mer se emol ennerscheeden :-)


Eng eischt kuerz Beschreiwung vun eisen neien Spillsaachen: 2x Kyosho Mini Z AWD.

An der Kescht ass alles ausser Batterien an een Chargeur. E puer normal Batterien kaaf a lass geet et, e puer ass gutt gesoot: 8 x AA fir d'Fernsteierung + 4 x AAA fir den Mini-Z.

Aiaiai waat daat fetzt :---) Also op normalen Plättecher huet et keen Wert ze fueren, do dreint en nemmen duerch an ass baal (show me the Driftmaster ;-)) onkontrolleierbar. Um Teppech, naja oofgesinn datts de lauter Hoer an d'Rieder kriss, huet den Auto net esou vill Grip (zumolst matt eisen Standard-Slicks...), daat hängt natirlech och vum Teppech oof... Dofir Späicher e bessen emraumen, mol do um Linoläium probeiert. Tip Top, ech muss de Lino nach fixeieren, well elo sinn nach e puer Faalen dran. Och kuerz dobaussen probeiert, direkt Steng an den Zännrieder beim Motor dei fräileien, huelen un do ass op vir de woarmen Motor oofzekillen... Fetzen maachen se op alle Fall schon gutt/seier genuch, Zitat vun Dans Data:


Obschon do muss gesoot sinn datt Kyosho een e bessen duercherneen mecht, well eis Mini Z AWD sinn 1:28 Modeller (wei all (?) Mini Z, matt engem Radstand vun 94mm, verstellbar op 90mm), mee hier Karosserien (heescht do "Autoscale") sinn 1:24, an se passen aawer drop... Mär haaten een 1:24 Fujimi Honda NSX bei Hand, an probeiert mee deen passt aawer net esou ouni weideren Tuning drop. (Fujimi haat ech nach net kannt, fannen leider keng offiziell Säit dei ech verstinn...)

Seier sinn se op alle Fall, de Spoiler/Pare-Choc fir ass schon zimlech mattgeholl (no 3 x 1 Stonn fetzen), soss ass aawer nach alles an der Rei. Dofir ass daat elo eis Trainings-Carosserie. ;-) Lo hu mer normal Meter'en (net dei fier bei Beier, Globi!) ronderem d'Piste als Leitplank, ass net schlecht well et fiedert e bessen, mee ass nach ze hoart... Apropos Fiederen, dei beim Auto quietschen e bessen dofir matt e bessen Bitzmaschinenuelesch nogehollef.

De Mini-Z Basement Club huet och eng fein Piste... an e puer Videoen.

Lo mussen mer mol leieren dei Auto'en ze beherrschen.

(zur Info nach eng gutt Beurteelung vum Mini Z vun Dans Data.)

Nach e puer Photo'en vun de gepimptenen MINI Zs.

zum Oofschloss nach 2 Maquetten vum Lump:


perseinlech hun ech Antigel jo net gär, mee den Antigel Racing Team gefällt mer aawer :-)

No comments: