Wednesday, January 11, 2006

d'virtuell Realitéit gëtt och ëmmer besser

bei kotaku vergläichen se Photo'en vun Tokyo matt Screenshot'en vun Project Gotham Racing 3. Ass esou gutt gemaach dat ech bei deenen hei 2 photoen - 1 + 2 - nett wees wei eng do lo dei reel Photo ass. Bei gamebrink sinn nach e puer Photo'en.

Also Project Gotham Racing (daat huet matt Metropolis Street Racer op der Dreamcast ugefaangen). Op der Dreamcast ass daat Spill schon immens gudd gewierscht, d'Graphik ass do och schon saugudd. An well do net nemmen Vollgas gefroot ass, mee proper fueren (fir Kudos zu kreien :-) ass et mei interessant wei verschidden Rallye-Simulatiounen.

Also ech sinn keen Spillfreak, bleiwen just op Tony Hawk (1-3) an Gran Turismo hänken. Mee bei MSR an PGR hun ech aawer och schon vill Zäit hänken geloos...
Bei gamestats kann een Video'en vun MSR kucken. Bon Project Gotham Racing 3 gesäit natirlech Welten besser aus...

No comments: