Sunday, January 22, 2006

Hydro-Foam

Am Juni 05 ass ee Video (bei Putfile) vum Micheal Connally um Internet opgetaucht dee vill Leit begeeschtert huet. Am Video sinn 2 ferngesteiert Hydro-Foam-Fliiger-Booten ze gesinn. Nee ech hun mech net verschriwwen, daat ass ee Boot waat och fleien kann well et immens liit ass. Deen Apparat weit nemmen 300 Gramm, daat ass meiglech duerch d'Materien dei benotzt ginn, Hydro-Foam, ass daat selwecht wei Depron. Depron ass Styropor deen och am Fast-Food Beräisch benotzt gett ;-) De Motor kennt aus engem CD-Laafwierk dann feelen Akku'en an Servo'en fir ze renkelen an dann fetzt daat.

Genuch Liesmaterial fannt der an de verschiddenen Forumen:
free plans for the hydra-foil;
Flugboot???;
Miss Fanfoid;
RC Fanfold;

e puer Pläng;

bis elo waar alles delwergemaach, mee sou lues kanns de och däin Geld domadden maachen:

1. vun Walkera relativ deier, mee d'Fernsteiereung ass derbäi;
2. de Speed-Up, mei bellesch mee bon waat hällt daat aus?;
3. och ewell vun Graupner; Graupner ass leider down soss geif ech mei doriwwer schreiwen.

nach e puer Modeller dei nett super ausgesinn: 1, 2, 3.

nach e puer Videoen:
1 RC Gallery;

an bei Hydro-Foam.de fannt der alles beieneen.

[Update:] Ech haat vergiess ze schreiwen datt ech an deem däitschen Forum och de Link zu engem letzebuergeschen Modellbau-Club fonnt hun, Modell-Club Petite Suisse vu Berduerf, wou een och kann Photo'en vun engem Hydro-Foam fannen, cf "Echternacher Sei August 2005".

Vill Spaass!

No comments: