Sunday, January 15, 2006

e bessen Velo

Earthed 3 : Europa ass eraus. Ech kann dann och nemmen recommandeieren den Trailer ze kucken. Earthed 1 an 2 waaren schon besser an aanescht wei vill amerikanesch Velosvideo'en.
Ass vun 4130 Publishing, dat sinn och dei dei Sprung gemaach hun (leider keng offiziell Säit mei online).

Beim mtb-freak hun ech dann gesinn datt Velo an Moto emmer mei matteneen verschmelzen. Oder waat denkt där vun engem 125ccm Moto deen 45 Kilo (Titanium :-) oder 55 Kilo schweier ass a wou d'Halschent vun de verbautenen Saachen aus dem Mountainbike kennt? Ah jo FX-Bike heecht den Moto an soll 5000 € kaschten.


Honda misst och esou eppes erausbrengen, de Velo (RN01) hun se jo schon gebaut, a si hun bestemmt och een Moto fir derbai... Ass bestemmt mei deier dann aawer, well Honda huet sauvill Suen dora gestach, an och eremkritt well de Greg Minaar ass jo keng Päiff...


och wann et ausgesäit wei wann schon een Moto dran wier, mee nee do muss de nach pedaleieren. Mei Photo'en vum Honda hei.

No comments: