Thursday, December 14, 2006
um Seel zeien...
1. e Generator vu Potenco, dee soll och elo mam 100$ Laptop ausgeliwwert ginn...
2. eng Loftpompel vun Cyclaire, fannen ech super wann et geet.
um Rad dreine waar 20. Jht, am 21. Jht zitt een um Seel ;-)
Friday, December 08, 2006
d'zäit vergeet. Linux wärt bleiwen
Si paff, baal alles erkannt, enner Anerem:
- WLan geet ouni Problem (soulaang ech DHCP benotzen);
- Printer geet, muss kucken ob d'Resolutioun vum Screen de Printer beaflosst, well et keint ee ball 4 Säiten op eng DINA4-Säit printen;
- extern HD souwei den USBstick geet;
- mäin Trackball ass gaangen, 3 Knäppecher sinn am Ufank* net gaangen oder ennerstetzt ginn;
Am Device Manager ass bis op den Trackball alles richtech erkannt, souguer d'PS2 Eyetoy. Dei konnt ech nach net testen, well ech net wees wei :-) kennen nach net genuch vu Linux.
Op deser Plaatz: e groussen Merci un de Black, dee mer weidergehollef huet, wann ech hänkebliwwe sinn ;-) Automatix 2.0 waar e vu villen gudden Tips, dei 2 Video'en maachen och Loscht op Linux: eischten zweeten
Mäin 1. Problem, wei kommen ech u meng Harddisken dei nach do sinn. Do hun ech psydm installeiert sinn mol u meng HD'en komm. Ass zwaar NTFS a ka just liesen, mee daat geet duer fier alles ze kopeieren :-)
2. Am Flash geet de Sound net, schlemm well z.B. bei yugop oder youtube dann näischt ze heieren ass. Dofir ginn et och verschidden Leisungen, mee mäin ubuntu verhällt sech daat nett... :-(
3. Problem:
Ech sinn ee vun deenen dei een Trackball benotzen ;-) Den "Cordless Optical Trackman" gett als Maus ugewisen, ass iwwer PS/2 ugeschloss net iwwer USB, dofir gett se vläischt net direkt erkannt.
De "back" & "forward" Knäppchen ass net gaangen (souwei den "hold" Knäppchen, mee dee brauch ech net). Inspireiert durech des Säit an des Säit hun ech da propeiert dei 2 Knäppecher un d'goen ze kreien. *Matt dem Resultat datt e right Click op dem Trackball elo "Paste" ass (am Firefox "open in new tab" wann een op e Link clickt, soss "paste"). Duerch ee Click mam Scrollrad kritt een elo deen aalen richtegen "right click"... (den "hold Knäppchen gett och net matt "xev" erkannt)
Mam Photoapparat hun ech och nach meng Schwierechkeeten, mee bon da misst gläich och goen.
baal all Software dei ee brauch ass drop. Nvidia driver installeiert,
matt Automatix enner aaneren ;-) Google Earth installeiert, Skype souwisou. Alles leeft op mannst sou seier, wann net esouguer besser wei op XP. Elo kann ech mäin MiniDisc leider net matt Music oplueden, et muss een eben Prioriteiten setzen ;-)
fir dei dei souweit gelies hun, hei nach de link zu de verstopptenen Smileys am Skype.
Linux ass immens!
Tuesday, November 28, 2006
Monday, November 27, 2006
1 zu 1 versus 1 zu 18
fonnt bei Jalopnik.
Sunday, November 26, 2006
besser Animatiounen
Link
Link
Sunday, November 19, 2006
Wann et kee Veloswee gett...
Fixie Inc. Cycles for Heroes haat ech bis elo nach net kannt, de Cyclo-Cross Modell PureBlood geäit och gudd aus.
am Summer d'Kamera ausgepaak
E klengen Ausschnett vun Earthed 4: Death or Glory.
Fir Motocrossfrenn huet den Alex Rankin nach een klengen Video: Moto Fundementals.
Tuesday, November 14, 2006
waat et net alles gett
Et gesäit net mei wei Waasser aus, mee daat mescht et net manner interessant. Non-newtonian fluid heescht daat. Nach e Video dovun bei Google. Fonnt bei Make.
Monday, November 13, 2006
eng kleng Geschicht
neie Sport
och fonnt bei fumezlamoquette.
och eng Art a Weis...
fonnt bei flm.fr.
Tuesday, November 07, 2006
Saturday, October 28, 2006
Nonsense fonnt um Netz
GPS kritt emmer mei Funktiounen: den Discriminav (fonnt bei Navigadget):
nach e bessen Reklam fier gudd Musik...
1. Videolink.
2. Tamacun (Videolink):
3. Videolink:
4. Videolink:
Friday, October 27, 2006
praktesch Internet Servicen
Pando - och wann verschidden Seppen sech driwwer opreegen, well se nach ee onneidegen Program installeieren mussen - mescht immens gudd säin Dengscht!
[Update: Pando ass elo an der beta 0.9.3 ukomm, an do kann een och "send to IM/web" benotzen, mol kucken wei an op daat geet]
Blogmusik - waar enner aanerem haut [geschter] och bei ehrensenf - sicht (Mp3-?) Musik dei op de Bloggen ze fannen ass. Ech geif et besser fannen wann ee Minidisc amplaatz vom Ipod wier, ah nee Sony ass evil.
Stage6 - vun Divx.com - ass eppes wei youtube. Et muss een e Plugin installeieren an dann kann een als Bonus d'Videoen direkt am Divx-Format oofspäicheren (geet seier wann een de Filmchen schon gekuckt huet, ech huelen un de Programm huet Zougreff op de Browsercache), klengen Tip: While my guitar gently wheeps. Eng “embed” Funktioun feelt nach: http://stage6.divx.com/Slow_Motion/show_video/1021427
full screen geet och ouni fresch ze bufferen: http://stage6.divx.com/members/200478/videos/1024453
Pandora - ass wei e besseren Radio
des Lescht keint onendlech sinn...
nach e bessen Javasript Magic (copy, paste an d'URL-Bar & enter drecken):
javascript:R=0; x1=.1; y1=.05; x2=.25; y2=.24; x3=1.6; y3=.24; x4=300; y4=200; x5=300; y5=200; DI=document.getElementsByTagName("img"); DIL=DI.length; function A(){for(i=0; i-DIL; i++){DIS=DI[ i ].style; DIS.position='absolute'; DIS.left=(Math.sin(R*x1+i*x2+x3)*x4+x5)+"px"; DIS.top=(Math.cos(R*y1+i*y2+y3)*y4+y5)+"px"}R++}setInterval('A()',5); void(0);
Thursday, October 26, 2006
modern Architektur
Videolink.
an ee gringt Haus (fonnt via boingboing bei PopularScience):
Videolink.
och impressionant
(merci Geraldo)
gratis Musik
e gudden Artikel iwwer Batterien...
d'hellesch Kou muss gesechert ginn
Tuesday, October 24, 2006
deiere Parking
Anscheinend ass dei Praxis aawer net ganz legal, z.B. eng Taxe ka just de Staat akasseieren.
Dann hun ech nach heieren, datt verschidde Leit gesoot haaten, sie hätten keen Frang derbäi, an dei hun do näischt missten bezuelen. Alt erem eng Form vun Diskriminatioun, waat jo och net erlaabt ass...
Nujee, et leiert een emmer bäi, dei nächsten Keier wärt ech och net bezuelen.
Spacewarp
Sunday, October 22, 2006
eng flott Spillsaach
bis heihinn waar et nach einfach, d'Gebrauchsanweisung ass zwaar op japanesch, mee dei ass sou einfach ze verstoen wei eng vu Lego (am Ufank emol). Do sinn dei 32 Meter Kabel (16 Meter Bunn) dru komm, wann ech richtesch gereschent hu, da brauch ech 31,94 Meter...
Lo sinn nach ongefeier 4 Meter Bunn (d.h. 8 Meter Kabel) ze verleen.
Tuesday, October 17, 2006
och interessant
Z.B. gett een do mei gewuer iwwert d'moskauer Kanalisatiounen, beim Paratozor (iwwersaat bei Worldlingo) sinn lauter Fotoen ze gesinn, bei moscowhite (iwwersaat bei Worldlingo), steet daat Ganzt a Wieder.
Wei gesoot bei EnglishRussia fennt een lauter Saachen, z.B. desen sauflotten Auto:
oder dese Video:
Sunday, October 15, 2006
Friday, October 13, 2006
eise Planeit
fonnt bei kottke.
Tuesday, October 10, 2006
Sunday, October 08, 2006
Saturday, October 07, 2006
modern Konscht: the Helicopter & Airplane Dance
genuch de Geck gemaach, respekt un de Pilot!
et ginn och gudd Fliigerpiloten:
Thursday, October 05, 2006
schlau Leit ... ?
*"eng nei", well bis elo waar et wei am Boxen: et gi verschidden Federatiounen an Klassementer (hei: ELO), an et oft mei "Weltmeeschteren". Lo wellen se daat änneren, an 1. richtegen Weltmeeschter bestemmen. Mee matt deem waat ee bis elo mattkritt huet, do gett et net vill em Schach!!
Wednesday, October 04, 2006
meng Fro dozou
Waan ee gesäit weivill Batterien mettlerweil zereckgeruff gett, freet een sech op ee Computer matt engem Akku ee russesch Roulett BBQ ass, oder net? Commentaire w.e.g.!
Tuesday, October 03, 2006
srydrm
Click hei vir mei Linken via BoingBoing.
(net nemmen) weinst Sony an Apple soll ee geint DRM sinn, mee well een Aaneren bestemmt waats du matt denger Musik oder dengem Video därfs maachen. An daat och nach laang nodeems de et kaaf hues (= doheem um PC, CD, Handy & wou net nach iwwerall)....
mei info iwwer sory...
Monday, October 02, 2006
leschte Sonnden zu Jonglenster
Mei bei flickr.
Monday, September 25, 2006
[update] fier Comic Frenn
[update]: do dei fierescht Linken net mei laang wärten goen: bei dailyepisodes (am Moment down) fennt een dei selwescht Simpsons & Futurama & mei, z.b. och nach South Park, Family Guy & American Dad.
Saturday, September 23, 2006
Freed matt enger miniramp
Link zum 1. Deel;
Link zum 2. Deel;
Link zum 3. Deel.
Do net de ganzen Film online ass, kuckt och den den Trailer op der Almost Säit. Fonnt via Kottke bei The Hot Crew.
Friday, September 22, 2006
Monday, September 18, 2006
Geek Stuff
Youtube Link; fonnt beim Fred Cavazza.
Do an de Commentairen waar dann och de Link zu deser Mool-Software:
Youtube Link;
An iwwregens, Youtube Videoen kann ee duerch/bei Youtubex einfach oofspäicheren
Saturday, September 16, 2006
Hydraulesch Schaltung um Velo
C'était un rendez-vous
Friday, September 15, 2006
Satelitenbiller als Hannergrond oder Tapeit
Ween et gären nach mei grouss hätt, kann sech bei Berlintapete emkucken, Phototapeiten a verschiddene Greissten a matt ville verschidden Motiven, z.B. Satelitenbiller, mär gefaalen dei vum E. Haeckel gudd, bei 2,3m op 3,3m keint ee schon baal mengen et wier een am Bësch ;-) :
Spike Lee bei YouTube
Thursday, September 14, 2006
interessante Oueb
De Karl Zéro huet een Blog an eng TV-Säit: leweb2zero.tv. Daat kennt jo graad richtesch firun de Wahlen am Frankräich.
Ech wees net mei genau wei ech dei Sàiten fonnt hun, mee daat heiten waaren mol Teschestatiounen:
Original Signal - Diffusion Web 2.0;
buzzila;
Loic Le Meur Blog;
Rodrigo A. Sepúlveda Schulz.
Neiechkeeten mol aanescht
Link zu den Neieschkeeten + Erklärungen.
Monday, September 04, 2006
et ginn och liicht Aueren
Mei Informatiounen dozou bei Richard Mille.
matt Carbon fierts de besser
Vill Carbon vun der Eurobike fannt der och bei Light-Bikes, waat dann aanescht ;-)
Wednesday, August 30, 2006
COD
COD steet net fier "complément d'object direct" wei mer agedrummt kritt hun, mee fier de fameisen "click of death". E Click of Death (un click de la mort qui tue) heiert der normalerweis vun engem Harddisk. Gett et aawer anscheinend och vun Iomega Drives (2te Link) ze kaafen ;-)
Bon ech well ärch net mei zouquaselen: bei Dataclinic.co.uk fannt der d'Linken zu den Audiofiles vum Click of Death (Beispill um IBM Deskstar); oder hei (right click save file/target as) : 1 (buffer corruption) oder 2 (click of death).
Tuesday, August 22, 2006
Trial Evolutioun
Friday, August 18, 2006
Saturday, August 12, 2006
MTB Film
saugudd! Kuckt emol den Teaser vu "Roam", gemaach vu "The Collective", fonnt bei Necoblog.
Friday, August 11, 2006
Stop Motion Animation
Thursday, August 10, 2006
interaktiv Flash Animatiounen
[23:40:03] poussinhaineux says: gudden site
[23:40:43] T N says: moment, kucken graad wei eng buschtawwen weiviel gewiicht hun
[23:40:53] poussinhaineux says: hihi
[23:41:40] T N says: den doubleU ass wuel dee schweiersten... (Zoufall?)
een "M" ass am Fong d'selwecht schweier, mee et ass mei Espace doteschent...
(* also bei mär am Opera leeft daat net richtesch, mee am Firefox schon)
Wednesday, August 09, 2006
Filmer ouni Copyright
Hei kritt ee gehollef
Mee ass schon interessant ze wessen wei een ee Laptop Display wiesselt, oder wei een en Harddisk proper auserneen baut....
e puer Kuerzfilmer
Carlitopolis vum Luis Nieto ass och mäin Favorit, "och" well dee schon bei Ehrensenf kuerz virgestalt gouf.
een neie Segway?
Monday, August 07, 2006
Philosophen Fussbal
Däitschland, fonnt bei Knuttz's Corner.
the White, the Black
Link zum Video bei scary.ru, fonnt bei Knuttz's Corner.
Sunday, August 06, 2006
O'Reilly an Make an Europa (zu Breissel)
A matt Make op der Plaatz kann daat jo just interessant sinn.
op der rietser Sàit fannt der rem wei gewinnt Links
Well "alles" rem leeft wei et soll, hei mol rem Internet Nonsense: "Ursula Martinez: Juste pour Rire" (Not Safe For Work)
Saturday, August 05, 2006
Päiperleck?
am Norden gett et gläich [waar d'lescht Joer] eng Invasioun vu Pimpampelen (fonnt bei boingboing)
[Update:] ech kreien d'Bild "leider" net mei kleng gemaach (ass jo och flott esou grouss). Misst de mettelsten Deel och vläischt einfach mei grouss maachen, mol kucken wei daat geet...
Mee zu de Raupen: ass schon krass waat daat fir eng Invasioun ass. Mee, de Guidon ass bestemmt mei aerodynamesch esou, et kann een emmer vun der Natur leieren .... []
Saturday, July 29, 2006
grouss Emailen verschecken
Fir datt Daat geet, muss een sech eng kleng Applikatioun erroflueden (am Fong een Torrent Client vun Pando). Et kritt een ee Link op seng normal Email adress
gescheckt , an dee Link mecht ee matt der Software vu Pando op, an dann fetzt daat.
Friday, July 28, 2006
Wednesday, July 26, 2006
och eng gudd Iddi
Ee klengen Auto matt senger Tankstell. De Clou, seng Energie kritt de Auto
(vun Horizon Fuel Cell Technologies) vun enger Brennstoffzell geliwwert. Et ginn nach net vill Informatiouen doriwwer, z.B. ass deen ferngesteiert? ;--) (fonnt bei Futurezone)
Tuesday, July 25, 2006
"Dulce et decorum est pro patria mori"
Den neie Clip vun Kasabian (right click save as) ass net schlecht gemaach,
d'Musik vun hinnengefällt mer och. mei zum Titel bei Wikipedia. (fonnt bei videos.antville &
bei dekku.blogspot (d'Photo ass och vun do). er och.
[benotzen well erem Opera, 9, well den Firefox Macken huet matt Video'en oofspillen. Bei
Firefox waaren d'Zeilen an Billergreissten emmer begrenzt, hei guer net...trial and error, selwer maan ass emmer am beschten]
Sunday, July 23, 2006
getdemocracy
getdemocracy ass am
Fong en Videoplayer (VLC), matt integreierten RSS an BitTorrent Clients. Daat Ganzt leeft och tiptop, just nodeems ech 15 Sendungen eroofgelueden haat, huet de Programm 900 MB vun mengen 1000 MB RAM benotzt. Mol kucken ob et besser geet wann ech manner Sendungen dran hun. Ass net vill aanescht wei P2PTV...
(fonnt bei boingboing mengen ech).
WinRar updaten!
300 Dausend gratis Ebooks
(fonnt bei Futurezone).
Saturday, July 22, 2006
d'Mini-Z liewen och nach
nei Velo's Rieder
Friday, July 21, 2006
Waasser spueren, jo mee dei Aaner, oder wei
Vläischt hun dei 2 Gemengen keng Waassernout...
Mee mär solle spueren, Waasser.lu.
Photo'en komme no; schlecht Photo vun eisem ausgedreschentem Weier:
emol eppes "Neies"
de Magic Mirror mei Photo'en bei Theme Addicts, fonnt bei Gizmodo.
Wednesday, July 19, 2006
bei iwerdriwenlaangedomainnumm...
publik oder privat?
Luxembourg
Télévision
- RTL Télé Lëtzebuerg (détenue à 100 %), chaîne généraliste privée.
ech duecht RTL Lëtzebuerg wier een rechtlesch-öffentlechen (waat och emmer daat heeschen soll) Sender/Programm. Mee nee, hei mei.
gn8 gf8
[Update: dofir gett et sou weinech ze zielen vun aktuellen Neieschkeeten vu Letzebuerg, wann een sou d'Norichten kuckt oder lauschter.]
Tuesday, July 18, 2006
Allez Fränk!
Yahoo News Artikel dozou.
einfach nemmen RESPEKT!!! an ech sin pafffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff!!!!
An och nach graad op der Etapp vun der Alpe d'Huez huet e gewonnen!!!!! D'ass schon ball ze schein fier wouer ze sinn.
Elo 12. op 7"07'.
Weider esou, bon bei deenen Alpen-Etappen ass nach deen een oder aaneren schweieren Bierg erop- an eroofzefueren