Wednesday, October 04, 2006

meng Fro dozou

Zenter weini ginn Batterien dei Feier fänken an Laptop/Notebook's agebaut? Oder aanescht, wei een aalen Laptop/Notebook ass net betraff? Hu selwer kee Laptop, mee meng Schwester (jo, sou eppes hu mer och) huet een aalen second-hand Thinkpad (an een neien Akku, keen Original IBM) ... an de poussainhaineux huet e Mac matt Akku (vun 2004?) ....


Waan ee gesäit weivill Batterien mettlerweil zereckgeruff gett, freet een sech op ee Computer matt engem Akku ee russesch Roulett BBQ ass, oder net? Commentaire w.e.g.!

huet do och seng (Hardware-)Hänn matt dran...

P.S.: Et gett een jo och net direkt gewuer firwaat dei Batterien op eemol Feier fänken, et heiert een oft vun "iwwerhetzen". Mee daat ass a verschiddene Fäll net plausibel, well de PC (Laptop/Notebook) ausgeschalt woar... Wou läit de Feeler?

2 comments:

Anonymous said...

bei apple wor et relativ einfach vir eng nei batterie ze kréien :-)

op jiddfer fall en zimleche fiasko vir sony

woody said...

wann et esou weidergeet:
woart nach eng Woch, dann ass däin (& dem kätt säin) och drun...