Sunday, October 22, 2006

eng flott Spillsaach

D'ass mer rem eng Spillsaach an de Grapp gefall, sollt mol net fier mech sinn. Mee lo wou daat Ganzt ufänkt Formen ze kreien, fannen ech, datt daat näischt fier ee 4 Joer jonken Bouf ass. Et geet em de Spacewarp (vun Bandai, um Netz bei Tanomi ze fannen), daat ass eng Jickebunn. Dei aal Modelle gesinn och aus wei wann se vill Spaass geifen maachen. Dei nei si bestemmt net mei einfach zesummenzebauen, mee et geet aawer, wann een net eleng ass (merci un dei, dei an de Bastelstonnen mattgemaach hun ;-)




bis heihinn waar et nach einfach, d'Gebrauchsanweisung ass zwaar op japanesch, mee dei ass sou einfach ze verstoen wei eng vu Lego (am Ufank emol). Do sinn dei 32 Meter Kabel (16 Meter Bunn) dru komm, wann ech richtesch gereschent hu, da brauch ech 31,94 Meter...

Dei 4 Loopingen waaren bis elo daat schlemmst.

Herno wärt keng Staang mei riit sinn... An da gin et der, dei sech eng Mauer domadden bauen :-)

Lo sinn nach ongefeier 4 Meter Bunn (d.h. 8 Meter Kabel) ze verleen.


No comments: