Sunday, April 23, 2006

Mini-Z Sonnden

Trotz deem scheinen Wieder hu mer haut erem gutt Gaas gin op der Mini-Z Piste :-)
Do ech keng Photo'en gemaach hun an net vill neits ze weisen ass, kritt der einfach e puer Biller vun neien Mini-Z Karosserien dei ob der 45'er Shizuoka Hobby Show 2006 virgestallt goufen (Photo'en vun RC51, Link zu de Mini-Z Photo'en).



All Auto matt deem Sponsor waar gutt mengen ech, a wann de Porsche an deem Look gemaach gett (a gutt ausgesäit) da misst den Lancia Integrale och gläich esou ze kreien sin (imho).

Mee den Cinquecento gesäit och gutt aus, wier och gutt am Racing-Look:

de Chassis ass e bessen aanescht & interessant ass hier Antenn, och einfach vir selwerzemaachen:


ennert aanerem sinn nach des Modeller derbäi:
  • GZox 350Z SuperGT
  • Porsche 934 Vaillant
  • F1 Ferrari
  • F1 McLaren
fonnt bei Minizz. Mini-Z Niews ass och e Bleck wert. Mee d'Quell dovun ass de Mini-Z.com Forum.
De Lump huet mer haut den Iwaver Mania Shop gewisen, do gin et bellesch Quartz'en, Auto'en & Tuning (dei verschidden Modeller vun Iwaver si matt deenen vu Kyosho kompatibel). Hei nach eng Photo dei de Lump mer per Email gescheckt huet; (mär hun d'Internetsäit de Metten net fonnt, dofir just de Link vun Yokomo USA):



Daat interessant ass datt d'Karosserie vum Sonic Racer vu Yokomo och iegendwei kompatibel mam Mini-Z ass, 1:28, an ennen Riets am Eck den Camion ass bestemmt och flott fueren ze gesinn.

RC51.com hutt der vläischt elo schon e puer mol gelies hei, mee bon där huet bestemmt net bei RC51 op Garage geklickt, daat ass och derwärt, z.B.:


No comments: