Tuesday, April 25, 2006

eng Mega Kamera

Bei Red.com fannt der e puer Informatiounen iwwert eng nei Kamera. Also d'ass nach net gesoot datt ee se ka kaafen, fir de Moment ass emol fir Enn des Joers eng Presentatioun dovunner geplangt (zu Las Vegas wou schon aanescht).

Dei Kamera mam "Mysterium Sensor" soll eng Opleisung hun vun 4520x2540 Pixel, dann soll et anscheinend Mmeiglesch sinn daat Material "RAW" erauszekreien, 60 Biller pro Sekonn sollen och meiglech sinn. De Problem ass fir dei 7 TB pro Stonn (bei 1 GB/Minutt) gespeichert ze kreien....

Do d'Informatiounen nach raar geseit si gett relativ vill spekuleiert, 1. Quell dozou ass dem Mike Curtis säin HD For Indies blog (1. Artikel, 2. e bessen Mathe an 3. eng inoffiziel FAQ). Bei Dvdinfo gett weiderspekuleiert...

Wann der ärch froot ob daat alles woarm Loft ass oder net, keng Aahnung, mee do den Jim Jannard (Grenner vun Oakley) dohannertstecht kann ech mer denken datt op mannst een Exemplar produzeiert a gebraucht gett... An un de Suen wert et dann net leien fir dei Kamera ze maachen. Beim Jim op der Säit fennt een e puer gutt Biller z.B. den Dragster hei, ech hätt net geduecht datt deem Seng Fenster sech sou keint deformeieren...:

No comments: