Tuesday, October 24, 2006

deiere Parking

D'lescht Woch waar de Parking mol zur Oofwiesselung payant... Haat näischt am Batiself (zu Stroossen) kaaf, mee den Auto stung de ganzen Daag do. Et stinn och Schelder um Parking datt en eng Krall ugeluet kritt, an 30 € muss bezuelen, wann ee Laangzäitparker ass. Ech parken alt do wann ech schaffen muss, (zenter Abrell ;). An dest Keier hun ech missen 30 € bezuelen, net well ech eng Krall um Auto haat, mee et sinn lauter Typecher ronderem gelaaf an hun d'Leit ugehaalen & bezuelen gedoen. Sie haaten deen Daag anscheinend mei wei 80 Auto'en do stoen, dei näischt do ze sichen haaten...

Cofalux ass anscheinend dei Firma dei den Terrain gereiert.

Anscheinend ass dei Praxis aawer net ganz legal, z.B. eng Taxe ka just de Staat akasseieren.
Dann hun ech nach heieren, datt verschidde Leit gesoot haaten, sie hätten keen Frang derbäi, an dei hun do näischt missten bezuelen. Alt erem eng Form vun Diskriminatioun, waat jo och net erlaabt ass...
Nujee, et leiert een emmer bäi, dei nächsten Keier wärt ech och net bezuelen.

1 comment:

Mondoperfecto said...

en plus, wanns de mat hierer krall ufiers, ass dain auto freckt, an daat bezuele sie....