Sunday, February 19, 2006

Spiller fir Grouss a Kleng ;-) RC, Schach, ze Rescht

do et d'Spielwarenmesse och gett, haat ech geduecht ech integreieren daat einfach esou nach heidrann:

Do muss ech eng Keier hinn,also d'Spielwarenmesse (2006) dei ech mengen, ass zu Nürnberg, (mol kucken, d'nächst Joer dohin an dann op d'TEFAF ;-)) D'Foire zu Nürnberg gett et och schon laang, dest Joer vir d'57zechst, an och grouss, hei de Plang. Bon Poppen an Karnevalsartikel vergissen mer mol seier, mee beim Rescht fennt een bestemmt interessant Spiller.

Mee vill Berichter, bzw. Artikelen doriwwer hun ech net fonnt, bei Boardgames sinn e puer Links dozou. Bei Spieletest.at ass relativ vill dozou ze fannen, relativ, well meeschtens just iwwer Briedspiller ("Brettspiele") geschriwwen gett, ok iwwert de neien Lego fannt der och do eppes, mee ferngesteiert Saachen, Maquetten? Maquetten waaren bei Modelluniversum eng iett (oder ass et ihett/yett (???)), mee greisstendeels just Armeis-Modeller: 1 - 2 - 3 - 4.

Allgemeng Biller fennt een bei Spieletest enner "Impressionen" 1 - 2 - 3 - 4

den SWR haat och Leit dohinnergescheckt, dofir hun ech d'Fußbal-Luder fonnt :---)))

muss een de Pink Panther sou messbrauchen (d'Bild ass vum SWR, hei nach 4 Fußball-Luder)?

Ech hun graad gelies datt d"Internationale Spieltage" zu Essen mei Leit unzitt, ech hun dei graad erreicht kennegeleiert, dofir de Link dozou.

Iegend een Briedspill waar do ze gesinn watt eng Meschung aus Schach an Damme, (2 bis / oder 4 Spiller) waar, fannen de Link lo leider net mei, mee daat ass dann meng "Transition" zum Schachdeel:
D'Schachgesellschaft vun Merzesch huet ee Blog: "en passant", doriwwer haat ech den SC vu Grünzburg fonnt, do kann een Blitzschach oder een 3er antippen, ech kann d'Schachsprooch nach net gutt genuch fir mattzemaachen... mee ass gutt gemaach.

Elo meng aal Notiz: "Ferngesteiert Gimicks"


ha Kyosho huet nach vill welles, d'ass schon mei laang eraus mee trotzdem kennt där de Manoi vläischt nach net. MANOI Säit vun Koysho. E klengen Roboter deen och nach athletesch soll sinn...


Ass wuel een AIBO-Ersatz well dei gin jo och futti... ;-)

No comments: