Monday, February 13, 2006

Computerfirmen oh jee

Bonjuer,

Där hutt et vläischt schon mattkritt , Microsoft präpareiert seng nächst Windows-Versioun. Ech hoffen där sidd nach zefridden matt ärem aktuellen Windows-PC.... well ech wees net op der deen neien Windows wellt/braucht/kennt gebrauchen, well Microsoft leist nemmen nach Driver'en drop laafen, dei vun hinnen zertifieiert sinn. Natirlech kascht daat och nach, vir datt dei kleng Entweckler keng Chance hun. (Artikel vun PC-Magazin)

Datt Microsoft deenen klengen Entweckler keng Chance well ginn kennen mer schon vun hierem DRM (Artikel bei Boing Boing), Zitat:

"The bombshell was Amir's explanation of the reason that his employer charges fees to license its DRM. According to Amir, the fee is not intended to recoup the expenses Microsoft incurred in developing their DRM, or to turn a profit. The intention is to reduce the number of licensors to a manageable level, to lock out "hobbyists" and other entities that Microsoft doesn't want to have to trouble itself with."


Et kannen nemmen besser ginn... Z.B. well Microsoft esoulaang brauch fir säin Windows erauszebrengen, hun se schon eng Lotterie (oder ass et russesch Roulette? Et ass jo vläischt tatsächlesch Vaporware, Artikel vun Wired) dozou gemaach. Root weini deen neien Win lanceiert gett an du gewenns eng Rees zum "Event"!

Mee den Hit vum Daag, ech kann et nach emmer net gleewen: Anscheinend kanns de keng HDTV Filmer op dengem PC kucken, ausser du keefs een komplette Kit vun, lossen mer mol soen Microsoft, oder wei am Artikel nach steet, vun Dell.

The Great HDCP Fiasco ass mäin Hit vum Daag.

De Firing Squad wollt testen, wei eng Graphikkart schon op d'Zukunft virbereed wier, daat heescht HD-DVD oder BlueRay keint oofspillen. Tjo den Test waar mei seier eriwwer wei geduecht. Well keng Graphikkaart huet deen "richtegen" HDCP-Support. Bon et ass jo nach e bessen frei vir vun BlueRay an HD-DVD ze dreemen, mee wann daat esou weider geet, dann "kucken mer d'Filmer eben erem op VHS", wei de Mondoperfecto soot.

1 comment:

Anonymous said...

"well ech wees net op der deen neien Windows wellt/braucht/kennt"

mee ech wees ett :D
windows well ee nett,
windows xp brauch ee schon nett
an ech kennen en sou vun heiresoen...sou direkt huet nach kee mer e fiergestallt ^^