Sunday, February 05, 2006

e bessen Velo

- eng Velossäit, dei ech an der lescht oft kucken ginn, ass Light-Bikes. D'ass jo net datt ech emmer dei Saachen weilt dei do sinn, well een Carbon-Kettenblaat fannen ech Nonsense (ass just fir scheinzemaachen...), mee fir ze kucken waat meiglech ass. Oft sinn Saachen do dei selwergemaach sinn wou een sech dann dei eng oder aaner Idi kann erauspicken.

- Do haat ech dann och gesinn dat dei nei Principia-Säit online ass. Ech besetzen zenter '96 een Principia MacB (naja as deen 2., kruut deen 1. op d'Garantie ersaat well kleng Rëss bei de Schrauwen vum Bidonshalter entstaanen sinn) an sinn deck zefridden domadden, enner aanerem huet en Todtnau an Flims/Laax (Alpenarena) iwwerlieft. Ech muss dozou soen alles un deem Velo ass vun deemols, mee ech sinn mei schweier ginn (vun 61kg op 75kg, ass jo och schon e bessen hier ;-).

- dann den "Plus One Lap"- Blog, (fir Outsider: eng Cyclo-Cross-Course dauert meeschtens 1 Stonn + 1 Tour). Daat ass een Amerikaner deen iwwert seng Cyclo-Cross-saison schreift, mee och nach aaner flott Saachen vun deem Sport weist... Bei him haat ech dann och den Link zum Nathan Spear fonnt. Ech kennen deen net besser wei där, op senger Säit fennt een Video-Fichier'en vun de leschten (net all, mee d'Weltmeeschterschaft 2006 ass z.B. derbäi!) Cyclo-Cross-Coursen. Wärt ech mer och nach eroofzeien... ;-)

- ween singlespeed gutt fennt kann och emol beim phaty laanschtkucken. Heen huet mech agelueden fir am flickrpool girls on bicycles! mattzemaachen, ech hun daat och akzpeteiert mee leider nach keng Photo fir dohin fonnt, um PC hun ech net vill Fraen op Velo'en... Dofir op där heiter Plaatz een Opruff u meng Lieser, wann een Photo'en matt Girls on Bicycles huet, scheckt mer se op boxeschesser [at] 30gigs dot com. Dei eenzech dei ech esou direkt hei fannen ass eng vum Kelly S(mei wees ech net mei) vun MountainbikingUK,



d'Kelly fiert och Velo, mee hei ass eben eng op engem Moto, an ech mengen wrestlen huet et och gemaach fir den eXtreme Sports Channel am engleschen Sat. Ech wärt deemnächst emol erem aal Zeitungen duerchkucken fir e puer Photo'en eranzescannen...

- vläischt pickt daat och keng Sau mee ech hun graad gemierkt dat et Dugast nach emmer gett. Do sinn ech e bessen pafffffff (matt 7 F) well virun e puer Joer (4-6?) waar gesoot ginn se geifen ophaalen matt Boyau'en produzeieren. Ah jo, pardon ech haat vergiess de M. Dugast mescht Boyau'en, an ech well net iwwerdreiwen mee Dugast sinn dei beschten Boyau'en dei et ginn. Heen mescht och ewell MTB-Boyau'en, du muss em just de Profil ginn :-) wann daat net op d'Moos ass. Et gett natirlech Näischt fir näischt, ass jo och handgemaach...

No comments: