Thursday, June 15, 2006

eng Spillsach vun Sony


an: "Nee, et ass keen Aibo, ech si mei aalmoudesch ;-)" mee een banalen MiniDisc. Fier mech net esou banal, well ech deen endlech u mäin PC kann hänken, also per USB.

Obschon just PC-to-MD per USB geet, de Rescht leeft analog, ausser den Text vun de Lidder aginn, daat leeft och iwwer USB. Nu je, d'ass rem epps vu Sony, mee fier all di MiniDisc'en, di ech hun, ze beschreften, geet daat am seiersten. Aawer och just well ech den Win NMD fonnt hun, an och dei 25€ berappt hun, fier deen fräizeschalten, well den OpenMG vu Sony null (0!!!) ass:


Mee Win NMD erlaabt et d'MiniDisc'en duerch freeDB ze beschreften :-)


Ah jo de Modell ass een MDS-NT1 ("NetMD"), bis elo hun ech haaptsächlich en JB-920 (leider huet deen nach keen Keyboard Uschloss) am Gebrauch, niewend dem portabelen MZ-R900, [den R50 ass just nach gutt fir Museumszwecker (deen huet zevill mattgemaach ;-))]. Een MDA-7755R hun ech och nach, mee deen ass de Moment net agebaut, [Portabel maachen!].

Apropos Museum, hun nach een MZ-R50 + MD's vum Pol kritt, Merci Pol, obschon just nach d'MD's funktionneieren :-)). Mee kee Wonner datt dei nach gin, meng hun ee Brand iwwerlieft, am Geigensaatz zu 90% vu mengen CD'en!

Wee mei iwwert d'Liewensdauer vun enger MiniDisc well wessen, soll hei am Forum:
A 1997 Matsushita technical paper on Minidisc media.pdf (right click, save as) erooflueden.

No comments: