Sunday, March 26, 2006

Mini-Z, waat dann Aanescht!

Jo haut waar erem Mini-Z Daag, (et keint een soulues Televie an Mini-Z embenennen), dem Lump seng Kreatiounen sinn erem ze schein fir domadden ze fetzen:

als 1. dem Lump säin TT:


dann den Lexus (ech haat Rosport Blue als Sponsor u Land gezunn ;-) an de Lump huet daat emgesaat:



ÄVRY WÄR RULES!:


De Subaru haat ech an der Staat gesinn matt engem AWD Chassis.


Haat de Yaris elo mol op den AWD Chassis gesaat, daat gesäit esou gutt aus wann dee fiert datt de Lump och elo vum AWD iwwerzeecht ass :-) De Yaris huet och schon seng Spiggelen verluer...
an dem Lump sain "Morsch" dee gläisch wärt gesponsert ginn, huelen ech emol un.

mmh, sooss nach: 1. well ech des Woch Luuten fir mäin Mini-Z maachen, d.h. mol kucken op ech een universellen Set kann zwaffen deen op all Karosserie passt, deemno wei maachen ech der direkt 2 bis 3, wann ech schon am gaangen sinn. Et feelen nach wäiss LED'en dei ech nach muss kaafen + "Knopfzellen"-Batterien.
2. Well ech emol den Subaru bespretzen, dee gett hechstwaarscheinlech vun Rocky Mountain (=bikes.com) gesponsert... mol kucken wei a waat daat gett...

No comments: