Sunday, March 26, 2006

Mini-Z Piste

wann alles gutt geet, wärte mer de nächsten Week-End eis Piste embauen. Alles waat net Piste ass gett aus Styropor erausgeschnidden ( + e puer Schanzen fir dem gangster säin 1:24 Monster Truck)


(dei komesch Foarw haat Piste (Styropor) net, a wärt se och net kreien, de Rescht ass ok. 8 Meter laang, 4,25 Meter max. breet (min 3,75; ennen ass Boxegaas, aus der Boxegaas eraus an direkt 90° riets Keier an dann Gaasss). D'Stroos ass 50cm bis max 80cm (an de Keieren) breet.

An eng Steilkurve muss och nach sinn, dei kennt ganz lenks oder ganz riets, daat musse mer nach kucken, den Parcours gett dofir och nach e bessen modifieiert.

Nach keng Aanung wei den Tunnel respektiv d'Breck soll gin. Ech misst nach e bessen 6mm Plexiglaas am Keller leien hun. Fir d'Piste haat ech a Foren gelies Regupol 6510 sollt gutt sinn, ass am Fong Dachpappe, mol kucken wou een bellesch dorun kennt. Kritt een och vir unzeleen, daat wier zimlech praktesch...

De Speedchecker hun ech emol bestallt, da gesi mer emol wei seier se wirklech sinn...

No comments: