back by popular demand:
COD steet net fier "complément d'object direct" wei mer agedrummt kritt hun, mee fier de fameisen "click of death". E Click of Death (un click de la mort qui tue) heiert der normalerweis vun engem Harddisk. Gett et aawer anscheinend och vun Iomega Drives (2te Link) ze kaafen ;-)
Bon ech well ärch net mei zouquaselen: bei Dataclinic.co.uk fannt der d'Linken zu den Audiofiles vum Click of Death (Beispill um IBM Deskstar); oder hei (right click save file/target as) : 1 (buffer corruption) oder 2 (click of death).
Wednesday, August 30, 2006
Tuesday, August 22, 2006
Trial Evolutioun
sinn duerch ehrensenf bei dumpalink geland, an op hierer Säit ass een klenge Video vum Ryan Leech ze gesinn. De Ryan Leech ass am Trial (ouni Motor ;-) een Meeschter, iwwert eng Ketten fueren fannen ech schon onmeiglesch, mee daat hei ass nach mei krass: Link zum Video.
Friday, August 18, 2006
Saturday, August 12, 2006
MTB Film
Sportfilmer gin och emmer mei opwändesch produzeiert, an heiansdo ass d'Resultat dovunner
saugudd! Kuckt emol den Teaser vu "Roam", gemaach vu "The Collective", fonnt bei Necoblog.
saugudd! Kuckt emol den Teaser vu "Roam", gemaach vu "The Collective", fonnt bei Necoblog.
Friday, August 11, 2006
Stop Motion Animation
eng saugudd Animatioun, matt villen aale "Videogames" als Referenz, gemaach vum Jelle van Dun. Ass bei YouTube, mee "embed: disabled bei user request". Kee Problem: hei ass de Link a gitt kucken! fonnt bei "EhrensenF".
Thursday, August 10, 2006
interaktiv Flash Animatiounen
mär surfen graad bei typeorganism*
[23:40:03] poussinhaineux says: gudden site
[23:40:43] T N says: moment, kucken graad wei eng buschtawwen weiviel gewiicht hun
[23:40:53] poussinhaineux says: hihi
[23:41:40] T N says: den doubleU ass wuel dee schweiersten... (Zoufall?)
een "M" ass am Fong d'selwecht schweier, mee et ass mei Espace doteschent...
(* also bei mär am Opera leeft daat net richtesch, mee am Firefox schon)
Wednesday, August 09, 2006
Filmer ouni Copyright
Also Filmer wou keen Copyright mei drop ass, an dei doduergen gratis sinn fennt ee bei johns.net/freemovies/.
Hei kritt ee gehollef
Bei take it apart huelen se alles ausserneen, a soen se geifen et erem zesummegebaut kreien ;-)
Mee ass schon interessant ze wessen wei een ee Laptop Display wiesselt, oder wei een en Harddisk proper auserneen baut....
Mee ass schon interessant ze wessen wei een ee Laptop Display wiesselt, oder wei een en Harddisk proper auserneen baut....
e puer Kuerzfilmer
Bei ozoux fennt een e puer Links zu den Animatiounen, dei um Electronic Theater gewisen si gin.
Carlitopolis vum Luis Nieto ass och mäin Favorit, "och" well dee schon bei Ehrensenf kuerz virgestalt gouf.
Carlitopolis vum Luis Nieto ass och mäin Favorit, "och" well dee schon bei Ehrensenf kuerz virgestalt gouf.
een neie Segway?
ee klengen Video vun engem Segway Prototype "Centurion", feelt just nach datt dei 4 Rieder ugedriwwen ginn... Mei Informatiounen dozou gett et bei Segway op der Säit, fonnt bei jalopnik.
Monday, August 07, 2006
Philosophen Fussbal
Wei den Titel et seet, hei de Link zu engem Fussballsmatch, Griechenland versus
Däitschland, fonnt bei Knuttz's Corner.
Däitschland, fonnt bei Knuttz's Corner.
the White, the Black
E klengen Animatiounsfilm aus Russland. Einfach mee gudd gemaach, wei d'Figuren vum Sch(l)ach(t)briet ennerteneen eensginn.
Link zum Video bei scary.ru, fonnt bei Knuttz's Corner.
Link zum Video bei scary.ru, fonnt bei Knuttz's Corner.
Sunday, August 06, 2006
O'Reilly an Make an Europa (zu Breissel)
Ech hoffen ech fannen d'Zäit fir deemnächst kuerz op Breissel ze goen. O'Reilly rifft do all d'Leit op EUROSCON, an Make ass och do. O'Reilly ass fir mech Synonyme fir Open Source Software & aus all elektroneschem Apparat sou vill wi meiglesch erauszehuelen; eleng hier Bicher hu schon flott Coveren: emmer schwaarz wäiss Deieren, z.B.:
A matt Make op der Plaatz kann daat jo just interessant sinn.
A matt Make op der Plaatz kann daat jo just interessant sinn.
op der rietser Sàit fannt der rem wei gewinnt Links
do ech net gudd matt HTML emgoen kann (*), dofir gett et jo Blogger, waar meng Linklescht eng Zäit just ganz ennen ze fannen. Ech haat geduecht et wieren all dei embedded Video'en, dofir hun ech dei mol all ewechgeholl, an just de Link dohigesaat (wann eppes net geet, kennt der et rouech mellen).
Bon, et lung net un de Video'en vu google oder youtube. Do hun ech dann all (dei lescht) Post duerchgekuckt an fresch publizeiert, blogger seet engem "cannot publish due to html problem" oder sou ähnlesch. Bei mengem Beitrag iwwer dei emweltfrendlesch ugedriwwen Spillsach kruut ech dann een HTML Feeler gemellt, "Font tag not closed", daat gesicht an deleted, an elo ass mäin Template erem normal (sprech: wei emmer). Verstinn elo just nach emmer net firwaat den HTML-Code vun engem Beitrag mei stoark ass wei deen vu mengem Template, (da dierft jo net sinn) ...
Well "alles" rem leeft wei et soll, hei mol rem Internet Nonsense: "Ursula Martinez: Juste pour Rire" (Not Safe For Work)
(*) - dofir ass d'Bild ennendrenner och ze grouss...Well "alles" rem leeft wei et soll, hei mol rem Internet Nonsense: "Ursula Martinez: Juste pour Rire" (Not Safe For Work)
Saturday, August 05, 2006
Päiperleck?
am Norden gett et gläich [waar d'lescht Joer] eng Invasioun vu Pimpampelen (fonnt bei boingboing)
[Update:] ech kreien d'Bild "leider" net mei kleng gemaach (ass jo och flott esou grouss). Misst de mettelsten Deel och vläischt einfach mei grouss maachen, mol kucken wei daat geet...
Mee zu de Raupen: ass schon krass waat daat fir eng Invasioun ass. Mee, de Guidon ass bestemmt mei aerodynamesch esou, et kann een emmer vun der Natur leieren .... []
Subscribe to:
Posts (Atom)