Sunday, May 21, 2006

naiv wei ech sinn, Krich brengt emmer Suen eran

[Update: Ech haat geschter einfach drop lass geschriwwen; ech waar eben e bessen paff datt DaimlerChrysler (mei oder weineger) indirekt Landminen produzeiert, an hatt direkt ugefaangen iwwer Däitschland ze lästeren]

Lo hun ech dann haut mattkritt, datt DaimlerChrysler Landminen produzeiert. Liesen ass ugesoot: 1 + 2 + 3 (1;) („Submunition“ ass och ee Stechwuert). (och derbäi fonnt: http://en.wikipedia.org/wiki/Carl_Gustav_recoilless_rifle ).

mee bon hun och graad entdeckt datt Volvo an Saab och hieren Deel produzeieren...

(am Moment sinn natirrlech d'Amerikaner am meeschten an de News duerch Krich, mee Waffen liwwert & produzeiert ball all europäescht Land...)

Nach eng Photo vun http://www.juergengraesslin.com/ :


[am Fong kee Grond fir elo nemmen geint Däitschland ze lästeren, well ganz Europa dodrann stecht (EADS Wikipedia) mee ech stinn aawer zu deem waat ech geschriwwen hun, (meng ursprünglesch Intro):]
Fierwech gesoot: ech sinn keen Fan vun Däitschland, kuerz de Preisen.
Bon, jidderengem seng Meenung, ech sinn och net esou , datt ech soen: jiddereen ass ee Nazi, mee däitsch Autosmarken, nee merci [kloer, do gefaalen mer schon verschidden Modeller, mee leeschten kann ech mer dei souwiesou nie, dofir leiwer eng Citroën DS].
Bei Velo'en ass daat schon erem eng aaner Saach; Rohloff huet nach emmer gutt Deeler gemaach, & Magura huet mech och nach nie am Staach gelooss.
Genausou wei een ka Fischmob(2), Thumb(2), Ärzte (2) & Fanta4 (2)( matt anneren = MegaVier), an och Blumentopf (2) guttfannen.

2 comments:

Anonymous said...

Ech verstinn die letzebuerger Hypocrisie nie ganz: emmer op d'Préisen klappen, mee hier Tele kucken, hier Zeitungen liesen, hier Autoen fueren, op Palma goen, op d'Oktoberfest, hier Lieder sangen ... Natiirlech ginn et vill däitsch Gehiirkreppelen, mee et ass jo och net grad wéi wann mir Letzebuerger déi net hätten ... :)

Ech soen just: wanns de bis eng Kéier am Ausland Letzebuerger erliewt hues, bass de frou dass et der keng 80 Milliounen ginn ;)

Mondoperfecto said...

Also waat ech bei de Preisen genial fannen, ass datt se e Land vereenegt hun, an di Lait an Ostdaitschland nach emmer di gréisst Auslännerminoritéit am Reich ass.
Wee sponsert: Europa = mär!
Wee steet als Rieseland do an din d´Lait schaissen: Daitschland = am fong di selwescht Kapitaler a Machthaber(=an domadder mengen ech d`Industrie éischter nach wi d'politesch Marionetten) di dem Adi senger Zait schons zur Verfügung stungen...
Abee Mert, ...Abee Bravo