Wednesday, January 25, 2006
Bicher kennen och mei modern ginn
Monday, January 23, 2006
d'Blogbuerg
[Update:] Firwaat steet daat hei? Well ech nach net richtech eens ginn matt HTML. Fir daat an d'Sidebar anzesetzen wollt Blogger een Online-Link vum "Icon", an do ech net op Egaalwaat selwer wollt verlinken, hun ech een Upload vum Bild gemaach, also hei, an duerno de Link a mengem Template agesaat.
[2. Update:] hun e bessen um HTML gepiddelt
Sunday, January 22, 2006
Hydro-Foam
Genuch Liesmaterial fannt der an de verschiddenen Forumen:
free plans for the hydra-foil;
Flugboot???;
Miss Fanfoid;
RC Fanfold;
e puer Pläng;
bis elo waar alles delwergemaach, mee sou lues kanns de och däin Geld domadden maachen:
1. vun Walkera relativ deier, mee d'Fernsteiereung ass derbäi;
2. de Speed-Up, mei bellesch mee bon waat hällt daat aus?;
3. och ewell vun Graupner; Graupner ass leider down soss geif ech mei doriwwer schreiwen.
nach e puer Modeller dei nett super ausgesinn: 1, 2, 3.
nach e puer Videoen:
1 RC Gallery;
an bei Hydro-Foam.de fannt der alles beieneen.
[Update:] Ech haat vergiess ze schreiwen datt ech an deem däitschen Forum och de Link zu engem letzebuergeschen Modellbau-Club fonnt hun, Modell-Club Petite Suisse vu Berduerf, wou een och kann Photo'en vun engem Hydro-Foam fannen, cf "Echternacher Sei August 2005".
Vill Spaass!
spammed mech emol zou w.e.g.
Muss ech elo nach eng Warnung maachen wann ee mer well eng Mail schecken?

1. Targeted Traffic Network: Thona Network recently developed Targeted Traffic Network (TTN). We will develop targeted traffic for any product/services. TTN affords you the best quality network. Users generated from TTN are screened and driven through contextual search and targeted press release...
2. Email Marketing: We advertise your products/services through some of the best email lists in the industry. I've tested over 100 email lists in the past few years. I will provide you with only the best converting, most responsive email lists only. Only 100% Can-Spam compliant publishers will be used. Depending on your industry, we are open to most CPA offers. Minimum initial buy is $2,000.
3. Pop Advertising: We will run your products/services for a minimum test of $5,000 (2 Pop Networks) through high converting network of pop providers....
4. Contextual Pop Advertising: ...
5. Search Engine Advertising: My years of experience in managing search campaigns with Google, Overture, and other search engines will assist you in achieving targeted exposure for your products and services. In general, I can enhance your search engine campaign efficiency by 30% - 50%...
haalt dovunner waat der wellt...ech haalen dei mail address mol nach
Saturday, January 21, 2006
La grande Nation
(zur Info: Telepolis = heise, wei och d'c't, meeschtens objektiv an informativ Artikelen, meeschtens, well heiansdo verstinn ech nett vill....)
Thursday, January 19, 2006
eis Nooperen aus Frankräisch bis
Seng offiziell Ried.
Haaptthema: "la dissuasion nucléaire"
Et sinn nach e puer Saachen an senger Ried, mei oder maner verständlech, z.B.
"... Enfin, il ne faut pas ignorer la persistance des risques plus traditionnels d'instabilité régionale. Il existe, malheureusement, partout dans le monde des risques de telle nature. ..."
A haat däin Auto och gebrannt?
"... Mais ce serait faire preuve d'angélisme que de croire que la prévention, seule, suffit à nous protéger. ..."
huet de Popst dofir eppes geint Gummi'en?
"... C'est le rôle attribué à la dissuasion nucléaire qui s'inscrit dans la continuité directe de notre stratégie de prévention. Elle en constitue l'expression ultime. ..."
Ech fannen daat huet net mei souvill matt Preventioun ze dinn, wanns de direkt matt Atombommen lass scheiss.
"... Dans le même temps, nous continuons à soutenir les efforts internationaux en faveur du désarmement général et complet, et, en particulier, la négociation d'un traité d'interdiction de la production de matières fissiles à usage nucléaire. ..."
Secher ass secher.
"... Par exemple, la garantie de nos approvisionnements stratégiques ou la défense de pays alliés, sont, parmi d'autres, des intérêts qu'il convient de protéger. ..."
Kennt mer bekannt fir. Gett et daat och op Englesch?
"... le M51, grâce à sa portée intercontinentale ...+
Hello Death Star
"... De même, nul ne peut prétendre qu'une défense anti-missiles suffit à contrer la menace représentée par des missiles balistiques. Aucun système défensif, aussi sophistiqué soit-il, ne peut être efficace à 100%. ..."
Hello DoubleYou
Jojo daat waar et schon
Du kanns der d'Ried och virliesen loosen, leider ass et net den Jacques den schwätzt, ech extra probeiert well ech wollt wessen wei en "le laser mégajoule" geif auschwätzen ;-)
Uewen ass de Link wannder alles wellt liesen...
fir dei Schei, dann schreiwt mer emol!

also mär gin 30Gigabyte duer. Wann där mär Iegendeppes ze soen hutt, am Bild uewendriwwer fannt der meng Emailadress. Bis dann.
[Update:] daat geet och ewell wann der an menger Linklescht (a.k.a. Blogroll) "scheck mer [email]! oder mei ennendrenner daat Bild vum bxschssr [ at ] 30gigs dot com uklicks.
Tuesday, January 17, 2006
e modoernt Keyboard

Daat ass eng Tastatur dei mär och gefällt. Beim Optimus Keyboard ass all eenzel Tast een klengen Display, an daat innovativt dorunner ass, du kriss emmer ugewisen wei eng Buchstaawen/Kommando'en graad meiglech sinn, natirlech geet daat och matt Programmen oder Spilller. Mol oofwoarden waat daat dengen kascht, "less than a good mobile phone" kann schon saudeier sinn dann aawer..
d'FAQ:
It’s in the initial stage of production.
We hope it will be released in 2006.
It will cost less than a good mobile phone.
It will be real.
It will be OS-independent (at least it’s going to be able to work in some default state with any OS).
It will support any language or layout.
Moscow is the capital of Russia.
Each key could be programmed to produce any sequence.
It will be an open-source keyboard, SDK will be available.
Some day it will be split (and made “ergonomic”).
It will most likely use the OLED technology (e-paper is sooo slow).
Our studio is located two blocks from the Kremlin.
It will feature a key-saver.
Keys could be animated when needed.
It has a numeric keypad because we love it.
There’s no snow in Moscow in summer.
It will be available worldwide (why not?)
OEM is possible (why not?)
Monday, January 16, 2006
Etsy
apropos Kaatzen, ech kann Kaatzen net leiden, mee bon hun aawer näischt geint Deieren, dofir funny Kaatzenstuff:
stuff on my cat... Kaatzen sinn och gedellech:
:---)))))))))
kennt der d'Limecat schon? ass och schon e Joer aal, mee muss nach emmer laachen wann ech dei Kaatzenbinette gesinn (och ewell bei wikipedia...) :
(d'Henn kommen dann speider... där kennt jo en attendant mol d'Photo'en vum Nell bei Flickr kucken...)
Sunday, January 15, 2006
e puer Flickr Tools
quasimondo entweckelt selwer sou kleng Tools, ennert aanerem den Flickeur. De Flickeur hellt Photo'en bei Flickr (alles per Zoufall) an mescht een animeierten "Videoclip" doraus. Heiansdo kennt dann nach ennen 1 Datum + 1 Comment hinn stoen (wees net firwaat, mee erennert mech e bessen un BlairWitchProject. Läit vläicht um Sound an wells de eppes kucks wous de näischt driwwer wees...).
een Mountainbike vu 6 Kilo
A matt Carbon Kettenblieder weilt ech och net wäit fueren... Ass mei fir scheinzemaachen oder fir einfach een liiten Velo ze hun deens de aawer net kanns fueren well e futti fiert, wei dei vun Steinbach. Also ech haat nie esou een, mee dei hun virun 10 Joer schon "Uphill-Bikes" gebaut dei 6 Kilo liit waaren, mee fuer keng Traap domadden eroof, soss kanns de Schierbelen opraafen! A fir dee Präis deen daat da kascht ass et et net derwärt.
Et ginn och liit Velosdeeler dei haalen z.B. CarbonSports, Zipp, Merlin, Seven, Litespeed an nach vill mei an och ganz Aaneres z.B. vun Syntace, den Trials-Kader matt agebautener Ventil. Wann eng Teitsch dran ass als den de Kompresser an "debosseleiers" den Tube esou... Firwaat net... Oder den "Suedel" aus Carbon...
Nach Een extralight :-)
e bessen Velo
Beim mtb-freak hun ech dann gesinn datt Velo an Moto emmer mei matteneen verschmelzen. Oder waat denkt där vun engem 125ccm Moto deen 45 Kilo (Titanium :-) oder 55 Kilo schweier ass a wou d'Halschent vun de verbautenen Saachen aus dem Mountainbike kennt? Ah jo FX-Bike heecht den Moto an soll 5000 € kaschten.


och wann et ausgesäit wei wann schon een Moto dran wier, mee nee do muss de nach pedaleieren. Mei Photo'en vum Honda hei.
Friday, January 13, 2006
komeschen Musik-(Video)Clip
Jason Forrest - War Photographer
Loosst är Messagen bei den Comments w. e.g.
kennt een d'Book of Cool
daat ass mol dobäi, et ass leider keng komplett Lescht (alles a Klammeren ass vun mär, ween een daat net mierken sollt):
1. Football (mam Mr. Woo)
2. Ropes & Whips (leiert Peitschen mam Vince Bruce)
3. Frisbee (Tom Leitner)
4. Flatland Bike (Martti Kuoppa)
5. Streetball (ganz vill, kuckt selwer!)
7. Casino & Cards (George Joseph)
8. Bar Flairing (Tricks vun/mam Chirstian Delpech)
9. Pool (also Billard, Thorsten Hohmann & Mike Massey)
10. Skate (Sandro Dias)
11. (Roller)Blade (Fabiola da Silva)
12. Footbag (hackysack mam Vasek Klouda)
13. Break Dancing (Kryptonknights)
14. Street Bike (Bryon Anderson)
15. Street Soccer (Gino, Djuric, Wasinho)
16. Juggling ('Mad' Chad Taylor)
17. Gun Tricks (Howard Darby)
18. Penspinning ( :-) David Weis)
19. Cards & Magic (Aladin)
20. Rugby Kicks (Carlos Spencer)
21. Golf Tricks (Vincente Ballesteros)
22. Yo-Yo (Bill de Boisblanc)
23. Skateboarding Basics (Derek's Skate Shop)
24. Baton Twirling (Amy Arellano)
25. Scooter Tricks ("Trottinette" emol anescht vun de Razor Scooters)
mei hun ech nach net fonnt. Ech muss nach e puer Reviews liesen. Där kennt an der Teschenzäit mol selwer d'Säit besichen well et ass einfach een Genoss deenen Artisten/Athleten nozekucken, well alles excellent ass, d.h. Profi'en + gudd Qualiteit vum Video/Film! Nach e bessen offiziell Informatioun.
vill Spaas.
Iwwregens, wann Een vun Ärch daat schon kennt, kann En jo mol soen waat En dovunner hält...
den Blondinnenwitz
Thursday, January 12, 2006
Ghost Town
Elena och do schon iwwert de Wee gelaaf sinn. Hatt huet ee
fetten Moto an hatt ass domadden och emol duerch Tchernobyl
gefuer.
Ech hun un dee Link geduet wou ech hei iwwer d'Atomkraftwierk
Ignalina gelies hunn...
e puer Videoclip'en
oder firwaat net eppes vun Ninjatunes, op hierer Videosäit ass eng kleng Auswiel...
net nemmen Musik fenns de bei blogtv.
Kennt der den Weird Al Yankovic?
speider kennt nach mei
Wednesday, January 11, 2006
e puer interessant Saachen
Do hun ech dann een Cover vir Miwwel fonnt, ass schon an der Rei, well ech hun 1. och e puer selwer gebastelt Regaler dei net flott ausgesinn, mee hieren Zweck total erfellen an 2. kanns de esou och Saachen "verstoppen" oder besser nach vir de Stëps ewechzehaalen...
an hei, 2., kennt der är bemolten/verzierten Beierdeckelen aschecken a weisen loossen. Beer Mat, komeschen Num fir een Beierdeckel fannen ech.
wann een nach net direkt wees waat een matt sengen Grondstecker soll maachen, kann een se och emol blo usträichen. Firwaat och net, sou fällt een op an där hutt dann dee Link dovunner...
dann een 19järegen (Jupelo)deen all Woch an een aaneren Disney-Park geet, een ganzt Joer laang (!!!!!) (anscheinend mecht heen en Deel vu sengem Spuerschwäin drop, daat sinn 100.000$)... een Zitat vum Jupelo:
(via boing boing).- "Are you crazy?" is another pretty frequent question I'm getting. I don't consider myself crazy at all. It was unusual to run 3 businesses at 15, and it's unusual to spend an entire year at WDW. I'm pretty used to the whole "crazy" thing at this point. I'm having fun with this, and I have plans to make this even more fun (for me and all of you watching the site) as the year goes on.
wann der interesseiert sidd un enger "Factory Tour" vun Powell Skates (ass och een Video dobäi, mee deen brauch laang, saulaang fir ze lueden...).
e puer spiller: ORISINAL.
ieressenzieler!
einfach just weins der GUI, ech fannen daat tip top, ass fir verschiddener vläischt zevill Windows baseiert, mee trotzdeem fannen ech datt daat eng cool homepage wier (nach e bessen upassen/pimpen).
Conzept vun den Deckkäpp? I'm Sorry I haven't a Clue.????
well der moolen? Drawn haat ech schon gewisen hei, dofir elo Animation Archive.org. Z.B.: 1, 2, 3 (do ass vill Trafik am Moment, et ka si dat et net seier geet) .
innuendo?
jo waat soss nach...?
Huet een eng Fro?
neierdeems gett et frappr, mach Landkaarten fir dech, mengen daat geet aawer just vir Amiland....
flickrfling mecht der Biller zu dengen News/Neiechkeeten.
Döner365 :-), fann ee gudden Kebab an denger Geigend.
de GigaPixelProjet. Megaheichopleisend Photo'en.
nastypixel, graad nei entdeckt;
to read: "Hi-Fi auf den Punkt gebracht".
.Original.deier Auer am Java.
Haaten mer och schon hei, mee fir DEI DEI ET NET MATTKRITT HUN: YUGOP. Klick op "Archive" an exploreier/experimenteier e bessen :-)
dreem net zevill, Filmer sinn net daat richtecht Lewen...
[vir dei dei et interesseiert, vill dovunner haat ech bei del.icio.us zereckgehaalen...
sou, lo sinn geet et duer, bis dann
lenksradikal
Bei wmmna steet nach datt een a Schweden 1500 Ennerschreften brauch vir eng Partei ze grennen, an datt d'Piratpartiet um 1. Daag 4000 Ennerschreften gesammelt huet. Bei der Piratpartiet op der Säit bei "Fas 1" sollt een och gesinn wei et weidergeet mam Ennerschreften sammelen, mee si schengen do e puer technsch Probleemer gehaat ze hun. "Fredag" wärt jo Freide(s/n) heeschen, dann gi mer mei gewuer.
d'virtuell Realitéit gëtt och ëmmer besser
Also Project Gotham Racing (daat huet matt Metropolis Street Racer op der Dreamcast ugefaangen). Op der Dreamcast ass daat Spill schon immens gudd gewierscht, d'Graphik ass do och schon saugudd. An well do net nemmen Vollgas gefroot ass, mee proper fueren (fir Kudos zu kreien :-) ass et mei interessant wei verschidden Rallye-Simulatiounen.
Also ech sinn keen Spillfreak, bleiwen just op Tony Hawk (1-3) an Gran Turismo hänken. Mee bei MSR an PGR hun ech aawer och schon vill Zäit hänken geloos...
Bei gamestats kann een Video'en vun MSR kucken. Bon Project Gotham Racing 3 gesäit natirlech Welten besser aus...
Monday, January 09, 2006
deja vu
1. Ass do een Emulator drop fir aal Browseren. Dat heescht där hutt de e puer aal Browseren zur Auswiel, sou datt een mol de Feeling vum Pampers-Internet kann kreien. Dei Experienz ass aawer haut verfälscht, well ech mengen net datt nach vill Leit mam 33kbps oder nach mei lues Modem surfen...;
2. Fennt een do d'Geschicht vum Internet erem: Timeline. Ass vläicht fir verschidden Leit ze drechen mee ass informativ.
Ech war am gaangen do bei egalwaat de RoundUp vun Joer zu liesen, wou ech dorun hun missen denken well sech do gefroot gett wei Internet matt dem Lynx(-Browser) ausgesäit, an dunn haat ech un dejavu geduecht. Sou waar daat :-)
Amateur Microscopy
nach een Nooper bei Blogspot, dest Keier een deen Photo'en mecht vun deem waat ennert sengem digitalen Mikroskop läit. Ass nach nei dofir ass nach net esouvill do, mee ech wert deemnächst do mei oft eran kucken.
enquete85ätt
freier posts vum doofblog doriwwer hei
Sunday, January 08, 2006
d'blogscene (ganz kuerz)
z.B. (duercherneen)
- de patrick.egalwaat.lu säin Blog, oder offiziell dem Pa säin Blog;
- den näschtnotz.net + d'Bounseschlupp, deen eischten letzenbuergeschen Podcast;
- dann http://blog.sadautumn.com/ oder och thoughts genannt (op englesch);
- nach egalwaat.lu selwer;
- an doofblok.tk;
- dem joel.lu seng augenbilckeII (op däitsch);
beim doofblog haat ech dann och blog.lu fonnt an weini stieft de Popst :--), schon mei aal mee haat daat net op letzebuergesch entdeckt bis elo; an den .:Hnol:. :-) waat et net alles gett
a beim Patrick de Video vun den Decemberists wou d'Ami'en Letzebuerg de Krich erklären...
ass schon witzech..., 16 military wives heescht d'Lidd (hun d'Decemberists nach net kannt, hei de Link).
daat ass et fir haut
Fonnt um Internet
Sou verleiert een och seng Privatsphäre erem e bessen:
Zu Stockholm, a Schweden, gett et och elo eng "City-Maut". "Maut" trefft net zou, et ass eng Steier, an a Schweden sinn d'Steieren dei een muss bezuelen public, d.h. elo kanns de "iwwerwacht" gin just andeems de duerch Stockholm fiers. Zumolst well IBM do och nach 162 Kamera'en installeiert huet. Mei bei Heise.
Dei nei Campagne vun eiser Police: "Sou net!!".
De Shopblogger ass gewarnt gi, well een heen eischter fennt, wann een "Sozialgericht Bremen" am Google agett, wei d'Geriit selwer. Jeje waat et net alles gett...
Niewenbäi: een Laptop wous de den Display kanns eroofhuelen, an eleng domadden, dem Display, weider kanns schaffen...
elektreschen Auto deen alles oofzitt + duerchsichtegen HD
Bei Revver ass een aaneren Video, mee do gesäit een den Auto vu mei no, mee et gesäit net esou gutt wei seier dei Koar ass...
Wou ech schon dobäi sinn Video'en ze verlinken, hei ee neien Harddisk vun WesternDigital (Video). D'Säiten sinn duerchsichtech sou dats de den Oarm vum HD gesäis wann ee Lies- oder Schreifzougreff ass.
de Wooster Collective
http://www.lost.art.br/
a weider geet et
- Rename, een ganz simplen (gratis) Programm dee saugutt domadden eens gett Dateien emzebennen;
- Foobar2000, och een einfachen an gratis Programm, mee des Keier fir Audiodateien ze lauschteren. De Clou, den Player kann och aus Zip oder Rar Fichieren d'Audiodateien erausliesen ouni alles ze entpaaken an niewenbäi kann en serienmeissech baal all Audioformat oofspillen waat et gett. An der Special Edition kann en och direkt op CD brennen a nach vill mei.
- een engleschen Student wosst net wei en säin Studium sollt finanzeieren. Lo verkeeft en op senger Homepage 1 Pixel fir 1 $, an 1000x1000 Pixelen mecht halt eng Millioun, dofir den Numm MillionDollarHomePage.... En huet schon 999.000 Pixelen verkaaf;
dann nach e puer nëtzlëch Saachen um / vum Netz:
digg ass wei delicious, mee schon mei populär mengen ech. (zb funny movie).
an esouwäit ech daat richtech verstaanen hun mecht PubSub daat selwescht wei Technorati, d.h. Bloggen duerchsichen (et ginn der soulues zevill vir google an yahoo). Waat Blogniscient an Icerocket och kennen...
Writely eleng ass och schon erem dowärt. Daat ass een online Wordprocessor, eng Säit wous de Text kanns antippen, Spellchecker an d'formateieren vun der Schreft sinn och agebaut. Dann kenn een deen Fichier (.doc, .pdf, .rtf an openoffice files kennen bearbecht/gemaach ginn) online stoen loossen an vun aaneren Leit bearbecht ginn, oder per email verscheckt ginn an sou weider. Probeiert et einfach emol selwer.
AbiWord ass een Wordprocessor, mee fir eroofzelueden, ass och gratis an kann immens vill verschidden Textdateien verarbechten.
ze frank waar och schon hei, mee do et sou flott waar nach eng Keier, an och daat Spill wou de Männchen de Maus-Cursor well fänken.
nach eng Foto vum Erlkönig: SsangYong Kyron (huelen ech mol un), mei bei flickr:
