Wednesday, August 30, 2006

COD

back by popular demand:
COD steet net fier "complément d'object direct" wei mer agedrummt kritt hun, mee fier de fameisen "click of death". E Click of Death (un click de la mort qui tue) heiert der normalerweis vun engem Harddisk. Gett et aawer anscheinend och vun Iomega Drives (2te Link) ze kaafen ;-)
Bon ech well ärch net mei zouquaselen: bei Dataclinic.co.uk fannt der d'Linken zu den Audiofiles vum Click of Death (Beispill um IBM Deskstar); oder hei (right click save file/target as) : 1 (buffer corruption) oder 2 (click of death).

Tuesday, August 22, 2006

Trial Evolutioun

sinn duerch ehrensenf bei dumpalink geland, an op hierer Säit ass een klenge Video vum Ryan Leech ze gesinn. De Ryan Leech ass am Trial (ouni Motor ;-) een Meeschter, iwwert eng Ketten fueren fannen ech schon onmeiglesch, mee daat hei ass nach mei krass: Link zum Video.


Friday, August 18, 2006

de Sky Cutter .40 V2

och eng gudd Idi:



fonnt bei ehrensenf.

eng rouesch Hand

brauch een fier proper ze molen, hei gewisen beim "pinstriping":



fonnt bei boingboing.

Saturday, August 12, 2006

MTB Film

Sportfilmer gin och emmer mei opwändesch produzeiert, an heiansdo ass d'Resultat dovunner   
saugudd! Kuckt emol den Teaser vu "Roam", gemaach vu "The Collective", fonnt bei Necoblog.

Google Video Tip

Et kann een d'Videoen vu Google och als .Avi erooflueden, fonnt bei phlow.

Friday, August 11, 2006

Stop Motion Animation

eng saugudd Animatioun, matt villen aale "Videogames" als Referenz, gemaach vum Jelle van Dun. Ass bei YouTube, mee "embed: disabled bei user request". Kee Problem: hei ass de Link a gitt kucken! fonnt bei "EhrensenF".

Thursday, August 10, 2006

interaktiv Flash Animatiounen


mär surfen graad bei typeorganism*

[23:40:03] poussinhaineux says: gudden site

[23:40:43] T N says: moment, kucken graad wei eng buschtawwen weiviel gewiicht hun

[23:40:53] poussinhaineux says: hihi

[23:41:40] T N says: den doubleU ass wuel dee schweiersten... (Zoufall?)

een "M" ass am Fong d'selwecht schweier, mee et ass mei Espace doteschent...


(* also bei mär am Opera leeft daat net richtesch, mee am Firefox schon)

 

Liam Lynch

Wednesday, August 09, 2006

Filmer ouni Copyright

 Also Filmer wou keen Copyright mei drop ass, an dei doduergen gratis sinn fennt ee bei johns.net/freemovies/.

Hei kritt ee gehollef

 Bei take it apart huelen se alles ausserneen, a soen se geifen et erem zesummegebaut kreien ;-)
Mee ass schon interessant ze wessen wei een ee Laptop Display wiesselt, oder wei een en Harddisk proper auserneen baut....

e puer Kuerzfilmer

Bei ozoux fennt een e puer Links zu den Animatiounen, dei um Electronic Theater gewisen si gin.
Carlitopolis vum Luis Nieto
ass och mäin Favorit, "och" well dee schon bei Ehrensenf kuerz virgestalt gouf.

een neie Segway?

ee klengen Video vun engem Segway Prototype "Centurion", feelt just nach datt dei 4 Rieder ugedriwwen ginn... Mei Informatiounen dozou gett et bei Segway op der Säit, fonnt bei jalopnik.


Monday, August 07, 2006

Philosophen Fussbal

Wei den Titel et seet, hei de Link zu engem Fussballsmatch, Griechenland versus 
Däitschland
, fonnt bei Knuttz's Corner.

the White, the Black

 E klengen Animatiounsfilm aus Russland. Einfach mee gudd gemaach, wei d'Figuren vum Sch(l)ach(t)briet ennerteneen eensginn.
Link zum Video bei scary.ru, fonnt bei Knuttz's Corner.

Sunday, August 06, 2006

Globis trying to visit Globis House

 daat waar d'lescht Joer, Flims & Laax (an der Sxhwäitz)

ee Scanner ass emmer gudd




:------)) mei bei flickr

waat ee net sou alles am Haus huet



een Aaf & en Hond

 

net nemmen fier Star Wars Freaken: Chad Vader

ech si jo keen Fan dovunner, mee dei Parodie gefällt mer schon (Episode 1):

 

Link zur 2. Episode.

ee belleschen Clip



gudd Idi : bei der 40. Sekonn ;-) gesäit alt gudd aus

mol ee richtegen Grond fier rosa ze kaafen



Et geet drem Broschtkriibs ze bekämpfen, Aktioun vun JagWire (maachen Kabelen fier Veloen)

Fier d'Männer: Mär kreien Hodekriibs, dorobbe muss een och opassen!

O'Reilly an Make an Europa (zu Breissel)

 Ech hoffen ech fannen d'Zäit fir deemnächst kuerz op Breissel ze goen. O'Reilly rifft do all d'Leit op EUROSCON, an Make ass och do. O'Reilly ass fir mech Synonyme fir Open Source Software & aus all elektroneschem Apparat sou vill wi meiglesch erauszehuelen; eleng hier Bicher hu schon flott Coveren: emmer schwaarz wäiss Deieren, z.B.:


 A matt Make op der Plaatz kann daat jo just interessant sinn.

op der rietser Sàit fannt der rem wei gewinnt Links

do ech net gudd matt HTML emgoen kann (*), dofir gett et jo Blogger, waar meng Linklescht eng Zäit just ganz ennen ze fannen. Ech haat geduecht et wieren all dei embedded Video'en, dofir hun ech dei mol all ewechgeholl, an just de Link dohigesaat (wann eppes net geet, kennt der et rouech mellen).
Bon, et lung net un de Video'en vu google oder youtube.
Do hun ech dann all (dei lescht) Post duerchgekuckt an fresch publizeiert, blogger seet engem "cannot publish due to html problem" oder sou ähnlesch. Bei mengem Beitrag iwwer dei emweltfrendlesch ugedriwwen Spillsach kruut ech dann een HTML Feeler gemellt, "Font tag not closed", daat gesicht an deleted, an elo ass mäin Template erem normal (sprech: wei emmer). Verstinn elo just nach emmer net firwaat den HTML-Code vun engem Beitrag mei stoark ass wei deen vu mengem Template, (da dierft jo net sinn) ...

Well "alles" rem leeft wei et soll, hei mol rem Internet Nonsense: "Ursula Martinez: Juste pour Rire" (Not Safe For Work)

(*) - dofir ass d'Bild ennendrenner och ze grouss...

Saturday, August 05, 2006

Päiperleck?



am Norden gett et gläich [waar d'lescht Joer] eng Invasioun vu Pimpampelen (fonnt bei boingboing)

[Update:] ech kreien d'Bild "leider" net mei kleng gemaach (ass jo och flott esou grouss). Misst de mettelsten Deel och vläischt einfach mei grouss maachen, mol kucken wei daat geet...
Mee zu de Raupen: ass schon krass waat daat fir eng Invasioun ass. Mee, de Guidon ass bestemmt mei aerodynamesch esou, et kann een emmer vun der Natur leieren .... []

Saturday, July 29, 2006

grouss Emailen verschecken



Matt Pando kann een Emailen verschecken dei bis zu 1 GB grouss sinn, normalerweis ass et geduecht vir keng Limitatioun ze hun (ass nach eng Beta, wei emmer).
Fir datt Daat geet, muss een sech eng kleng Applikatioun erroflueden (am Fong een Torrent Client vun Pando). Et kritt een ee Link op seng normal Email adress 
 gescheckt , an dee Link mecht ee matt der Software vu Pando op, an dann fetzt daat.

 

Wednesday, July 26, 2006

och eng gudd Iddi



Ee klengen Auto matt senger Tankstell. De Clou, seng Energie kritt de Auto 
(vun Horizon Fuel Cell Technologies) vun enger Brennstoffzell geliwwert. Et ginn nach net vill Informatiouen doriwwer, z.B. ass deen ferngesteiert? ;--) (fonnt bei Futurezone)

Tuesday, July 25, 2006

"Dulce et decorum est pro patria mori"




Den neie Clip vun Kasabian (right click save as) ass net schlecht gemaach,
 d'Musik vun hinnengefällt mer och. mei zum Titel bei Wikipedia. (fonnt bei videos.antville &
bei dekku.blogspot (d'Photo ass och vun do). er och. 

[benotzen well erem Opera, 9, well den Firefox Macken huet matt Video'en oofspillen. Bei
Firefox waaren d'Zeilen an Billergreissten emmer begrenzt, hei guer net...trial and error, selwer maan ass emmer am beschten]


The Good the Bad and the Ugly

[update: video ewech geholl gin]