Monday, November 14, 2005

een klengen update fir an de web mee e groussen fir mech

also nodeems mer den oowend jo eisen privaten wan/internet réseau haaten, d.h. per ftp zougreff op mäin pc [op mengem pc leeft dann een FTP-Server-Programm(zb http://www.guildftpd.com/ net graad all aaneren wärt et och maachen...), op deenen aaneren brauch just een FTP-Client-Programm (wei http://fireftp.mozdev.org/) an jo mei brauch een dofir net ausser dsl (an do geet mäin upload nach laang net duer...).



jo an wou daat gaangen ass hun ech (de sepp waar erem 1. natiirlech ;-) ) un
http://www.dyndns.com/ geduecht, de service mecht, matt engem klengen programm datt deng/meng/dei jeweilech ip vum pc zu der internetaddress bei dyndns.com eguivalent ass (op lux: dei selwecht ass). [https://www.dyndns.com/services/dns/dyndns/] de klengen programm heescht:

Official Windows Update Client

oder dyndnsupdater [http://www.dyndns.com/support/clients/]. d'ass een klengen programm, leeft am hannergrond....
jo bon de rescht ass bei dyndns op der säit, bei sengem account muss een eng address eraussichen, z.b. .is-a-geek.net, oder .ath.cx, .mine.nu , oder .boldlygoingnowhere.org
bon meng ass dann " boxeschesser.boldlygoingnowhere.org/ ". do ass bewosst keen link gemaach, well eischtens matt "http.//" virdrun geet et souwisou net, hei leeft nach näicht esoueppes waat daat keint verstoen, am moment leeft daat just matt "ftp://" virdrun, a just wann mäin ftpserver leeft (dyndnsupdater) an ech ärch als user a mengem server agedroen hun...

[1/2p.s.: daat praktescht un dyndns ass datt ech kengem mei muss meng ipaddress gin fir datt deen mesch fennt ech sinn elo einfach den ftp://boxeschesser.boldlygoingnowhere.org/ (fir de moment mol just ftp...]

bon soss gin et nach vill fett sachen
zB rem bei [http://makezine.com/blog/] jeje et muss mei selwer gebaut ginn ;-)
fir datt ech et net vergiessen a fir dem rui nach mei (well hei lo dyndns leeft) d'flem ze gin: [http://unattended.msfn.org/]
an och vir de rui:[www.psp3d.com] lo gin och dei nei psp'en gläich gecracked

an jo mäin flickr ass geupdate (zenter geschter), del.icio.us ass souwisou emmer derwärt, grad esou wei make.com

Sunday, November 13, 2005

haha waat et net alles gett: online videorecorder am moment fir 11 däitsch senderen


also daat hei ass schon erem saufett

een internet seervice ass, gratis (!!), du hues de choix teschent " - 3sat - rtl - rtl2 - vox - zdf - ard - pro7 - kabel 1 - sat 1 - mtv - arte" (found via www.phlow.net), muss dech registreieren, an dann sees de him waats de wells ophuelen, am moment kritt een ee link do gett gekuckt ops du daat wierklech waars (well just esou ass et legaal, wann all mesch deng file kann kucken ass erem een probleem do), an dann kanns de dei file erooflueden, ass leider nach am wmv format, mee bon...

et brauch een en decoder, de kuck eben op dei file fier dech ass an duerno (nom decoden) hues de eng wmv file

an matt "buddy"'en kann een sendungen (aus?)tauschen.

ech fannen daat schon mega derwärt aawer, lo brauch een dann och gläich keen fernse mei :-) wann een internet huet...

an den internet service ass hei:
http://www.onlinetvrecorder.com

an jo daat ganzt gett duerch d'werbung um internet finanzeiert, keen probleem domatt soulaang de rescht gutt leeft...

bon hun daat och graad erreicht fonnt, muss daat och nach testen...

portable software, dh alles waat um usb/flash disk leeft

jo hei ass een pot matt allem waat um memory stick kann laafen
zB firefox, thunderbird, open office an nach vill aaner ssachen

http://johnhaller.com/jh/

an dann feelt nach een chatprogramm deen och um stick leeft do gett et miranda
ass een chatprogramm deen yahoo, msn, irc, icq an nach vill aaner chatprogrammer gebrauchen kann
leider ass skype nach net richtech integreiert mee daat kennt gläich:

http://www.miranda-im.org/

diy saachen wei gsm, rulott, pimp the t-amp, velosluuten

also fir wann een saachen well selwermaachen:

http://makezine.com/

excellent säit matt linken fir diy-projet'en, op "weblog" klicken...

____________________________________________________

hei ass een deen säin egenen handy zesummenbaut, fannen ech decke gaas, wosst net waat alles sou schon meiglech ass, den typchen hellt een pc (gumstix) + een gsm-modul (
GM862-pcs) [get et och matt bluetooth an usb, dei selwescht firma mescht och een passenden gps-modul], wann daat bis zesummengebaut ass huet den tipchen eppes wei een communicator vun nokia...

http://www.surjpatel.com/

mol kucken waat dobäi erauskennt, well d'hardware ass jo do, muss just nach alles matt der software zesummenspillen... (soll op linux laafen)

_____________________________________________________

eppes ganz aanescht mee och gutt:
http://mobilesportsman.blogspot.com/

där kennt bestemmt däi aal blenkesch ami-rulotten, mee heen baut eng ganz fresch op... d'endresultat ass schon derwärt, obschon dei rulott nach nodeeler huet (zB keng gefiedert Rieder)...

_____________________________________________________

jo an dann nach mäin verstärker:
http://www.si-technologies.com/frontEnd/cm_productDetail.jsp

ass een belleschen verstärker, deen aawer fir weinesch käschten een gudden sound mescht...
hei kucken:

http://www.tnt-audio.com/clinica/t-amp_tweaks_e.html

ennen op der säit sinn nach linken zu aaneren säiten fir den verstärker ze tunen (och commerziell...)

_____________________________________________________

an eegener saach:
http://www.dansworkshop.com/Monster%20Quartz%20Halogen%20Bike%20Light.shtml

sau einfach, mee och effektiv luuten (halogeen) fir un de velo, oder egaalwou, ass portabel

d'haaptsäit ass och cool, zB een Oszilloskoop aus engem aalen monitor maachen
ass net präzis mee ass schon een ufank...

musek links

jo do sinn mer erem, gitt emol heihinn kucken:
http://www.redferret.net/pmwiki/pmwiki.php

do fannt der tonnen aaner linken fir gratis mp3'en...

dann gett et ähnleches fir video's saachen:
http://videos.antville.org/

lauter musiksvideo'en mol besser mol schlechter
Link

moin



helloworld :-)
so lets the fun begin

ok daat ass daat emol, mol kucken wei daat weider leeft

bis gläisch erem
dann dann

P.S.: där musst/kennt op d'iwwerschreft vu menger "notiz" klicken, dann komm der dohin wouremms et geet ;-)

50 best independent filmer (net vu mär

lauter gudd filmer, lo hun ech erem eng lescht vun kuckenwerten filmer...


Link

yeti internet comic

flotten trailer, leider kuerz, mee gesäit mol gutt aus

yeti family soap :--))


Link

flott animeiert bild

a weider geet et: http://blueballfixed.ytmnd.com/
daat ass eng gif, einfach zesummengesaat, mee ass deck witzech aawer, am ufank information ( blue balls overload) mee dann geet et aawer :-)
ass eng .gif file, am firefox mescht een, d.h. klickt enn op:
Tools->Page Info->Media
an ennert der iwwerschreft "address" muss een daat sichen waat een well/brauch an dann kann een ennendrenner op "Save" klicken, schon kann een daat weider un seng kollegen emeailen :-)

ah jo theoretesch ass deen selweschten link och an der iwwerschreft vu menger notiz mee do ech net wees op daat geet, ass de link zur secherheet och am text selwer dran... (daat schengt ze goen, op mannst emol bei mär

Link

go firefox go

also ech fannen den internet explorer null!!!
bon do ginn et alternativen gitt emol kucken:
http://www.killbillsbrowser.com/
hier grenn fir ze wiesselen sinn zimlech gutt :-)
Link

als start emol daat heiten

moin erem
sinn frou wann daat elo geet, well dann brauch ech d'chat-programmen mol net mei sou oft, well meeschtens "spammen" ech d'leit zou matt saachen dei ech um internet fannen.

an well daat heiten lo relativ nei ass, fänken ech matt deem un waat ech an der lescht fonnt hun, also um internet..

wei zB daat heiten: http://www.brianudelhofen.com/DJshadow.html de link wärt jo goen...
sinn schüler dei DJ Shadow Endtroducing nospillen, kuckt de video daat ass schon gudd geroden...

formaliteiten: ech hun daat hei
fonnt: http://musicthing.blogspot.com/

souweit fir mäin 1.posting

Link