Monday, May 07, 2007

leiwer speit wei nie

Ech waar mol rem en Tour bei de Karl Zéro maachen, deen e neien Documentaire gemaach huet: "Ségo et Sarko sont dans un bâteau". Waar natirlech mei aktuell virum leschten Sonnden, mee ass trotzdeem interessant, kucke lo mol den 3. Deel.

Beim "Résultat présidentielle France 2007" Blog fennt een de Film (3 Deeler). [mmh de leschte Link verweist op de Blog bei scoopeo, waar zwaar bei Blogspot drop gestouss.]

nach den Link zum Video:
1. Deel - 2. Deel - 3. Deel.

Sunday, May 06, 2007

Pandora mei restrictiv

Fier iwwer Pandora Musik ze lauschteren muss een elo definitiv an Amerika sinn. Lo gett d'IP controlleiert an all net amerikanesch IP haat Pesch.
da muss ech lo last.fm mol mei benotzen.
(gewuer ginn duerch de schockwellenreiter)

Saturday, May 05, 2007

dem Fränk Schleck säi Velo

fennt een bei cycling news. Matt detailleierter Beschreiwung a lauter Photoen.

Ech hoffen datt d'Form vun eise Profi-Cyclisten unhällt. Am UCI-ProTour Classement ass de Fränk Schleck de Moment 7. & an de Kim Kirchen 19.. Domadden läit Letzebuerg op der 6. Plaatz am Classement vun de Länner :-) Mol kucken wei daat no de groussen Tier ausgesäit.

Wednesday, May 02, 2007

neies vun netvibes

daat hun ech mer emmer vun netvibes gewenscht, lo ass et do. Netvibes Tabs public maachen, 1. test:

Add to Netvibes

09 F9 11 02 9D 74 E3 5B D8 41 56 C5 63 56 88 C0

Do d'Affekooten vun Digg Angscht kruuten, hei de Code:

09 F9 11 02 9D 74 E3 5B D8 41 56 C5 63 56 88 C0 via google ;-)

Mettlerweil ass rem alles beim aalen bei digg.

[update: ech waar am ufank e besse paff (matt 77 f) iwwert dei reaktioun, vun digg souwuel wei vun de user. Mee lo denken ech mer, et ass wei bei de klenge Kanner: daat waat verbueden ass, ass vill mei interessant wei alles aanescht. Wann se net ugefaangen hätten, dee Code ze zenseieren (& user bannen a.s.w.), da wier et guer net sou wäit komm... Kann ee jo net maachen, graad wann een och nach dovu lieft. Wann d'Leit sech richtech iwwer internet organiseieren an demonstreieren da geschidd vill mei wei digg laamleen... (den internet hei hällt daat souwisou net aus ;-)

bei devloop lo dese video fonnt (dei dei näischt verstinn, liest dem lauren1973 säi comment):



interessant artikelen doriwwer bei techcrunch, spreeblick, devloop,

(meng 2 Su, wei emmer :-)

Tuesday, May 01, 2007

SMS matt fon

bei fon hun ech nach dese Video fonnt:



ech wees nach net wei daat geet, mee daat liesen ech secher nach no. Ech verschecken jo net vill SMS'en, mee gratis ass emmer besser wei dofir bezuelen.

e bessen Pignon Fixe

Pignon fixe kann och interessant sinn. Si weise natirlech net, wei se de Bierg eropfueren; trotzdeem e gudde Video:



fonnt bei boingboing.

den Hydrogen Racer hieft oof

Horizon Fuel Cells hun ee Set erausbruet fier ferngesteiert Autoen (passt op en Tamyia 1:10 Chassis):



Videolink.

Datt esou eppes och an engem Fliiger funktionneiert ass och elo bewisen ginn:



Videolink.

nach e puer netzlech Saachen

- eng Lescht matt de Standard Passwieder vu Routeren;
- de WinFuture Update Pack schengt och netzlech ze sinn, muss ech emol probeieren. Et ass näischt aanescht wei dei normal Windows Updates, mee di brauchen emmer eng Eiwechkeet fier eroofzelueden;
- e puer Extensions fier Thunderbird;
- eng Lescht matt Open Source Programmer bei Wikipedia;
- online converter;
- google image search matt mei groussen biller;
- de psx emulator fir de pc;
- kissyoutube fir youtube videoen eroofzelueden

joost

Joost ass och elo getest ginn. Et ass u sech eng gudd Saach, mee alles waat mei laang wei 15 Minutten dauert, gett net oofgespillt. Meeschtens bleiwt joost dann och nach hänken. Souwäit ech wees läit daat un der DSL-Leitung, de Schockwellenreiter soot joost geif pro Stonn (+-) 350 MB erooflueden an 100 MB eroplueden. A matt deem miesen Upload, deen een hei zu Letzebuerg kritt, gett daat net vill; (och wann den Download mei seier soll ginn...).
Wann een well Joost probeieren, scheckt mer eng email (fennt een riets ennert den Archiven)...

Fier dei wou och Probleemer matt Joost hun: probeiert emol den Democracy Player.

Origami Konscht

Hei e klenge Video vun engem franseischen Origami Meeschter:



ps: wa kee Videolink hei steet, dann ass en am Titel ze fannen

de big brother

ass zwaar schon mei aal mee wärt nach mei laang aktuell sinn:

mmh, si bessen hanendran, steet schon bei noOdle.kicks-ass.

Monday, April 30, 2007

och net schlecht



Lo muss nach een erausfannen wei daat matt Brout a Fesch geet ;-) fonnt bei ehrensenf.

Friday, April 06, 2007

Thursday, April 05, 2007

Daat heite soll keng reklam sin....

...mais bon, muss jo alt och heiansdo ee posten. Also jungs, kee problem méi mat dë meedercher fir nëmmen 49,99(usd).

Wednesday, March 21, 2007

mol zur Oofwiesselung...

...rem een online Spill: Get the Glass!
fonnt bei der contentschmiede.
vill Gleck ;-)

Wednesday, March 14, 2007

Tuesday, March 13, 2007

Saturday, March 10, 2007

Pando op Linux

nach net ganz, mee elo ass emol de Pando Downloader fier Linux do. An daat bescht, ech kruut et souguer un d'laafen ;-)

Monday, March 05, 2007

an d'reschter fennt ee...

...bei ebay: Artikel 320088449961 , merci Mondoperfecto.

waat huet de Baam?

Thursday, March 01, 2007

voilà

Hei nach ganz nei:



De Motorkühler ass och schon ukomm, nei Motorritzelen waar ech haut an d'Staad sichen, baal 2 mol mei deier wei bei ebay, an och bei ebay fannen ech 5 € fier ee klengt plastiks Steck (mol keen Delrin) deier... Där kennt mer jo lo soen: Kaaf der näischt sou!. Mee daat mescht aawer Spaas - also wann e bis hoovert/flitt, och wann et mei leieren & bezuel fir deng Feeler ass (de Moment) ;-)

just esou

Joost soot Moien, si hun zenter leschtem Dezember Routeren & Serveren hei stoen...

konnt schon een vun menge Lieser matt Joost spillen? Wa jo, comment, w.e.g.! Merci am Viraus!

aus all Feeler soll ee leieren



fonnt bei boingboing

Wednesday, February 28, 2007

Monday, February 26, 2007

e klenge Mini-Z Video

2006 Andalusia Mini-Z Championnat:



Toun oofschalten! Dei lescht 10 Sekonnen och kuckenswert!!

fonnt bei minizz.com; videolink.

an rem eng nei Spillsaach

Elo ass et een elektro Helikopter. De Lump an den Yves haate mer hier Helicopteren gewisen, an do waar ech ewech. Eng Woch um Netz gesicht, an do hun ech an der Staat mäi Glëck fonnt ;-)

E Kyosho Caliber M24 ass et ginn, (daat waar leschte Samschden, de 17.):

Bon Akku oplueden. Dauert laang, normal 10-15 Stonnen. Dofir e Sonnden reischt een Hoovertest gemaach, mei waar net dran, mei kann ech och net... Den Akku gett mam normalen Chargeur vill ze lues, an net stoark genuch opgelueden; sinn ech geschter gewuer ginn, wou ech mer direkt nach 2 Akkuen kaaf hun. Dofir: dei lescht Woch ass hooveren ugesoot gewierscht. A vill trimmen a piddelen, waat fier d'Kaatz waar, well lo wou d'Akkuen mol fetzen, muss ech rem alles aanescht trimmen.

[Trimmen: nodeems den Haaptrotor [keng 8schen mei haat] besser agestallt waar, ass schon alles manner wackelesch. Trotzdeem zitt den Helicopter emmer nach liicht no 10-11 Auer]

E Samschden ass den Akku aawer mol benotzbar ginn, (sinn ausser en Donneschden all Daag meng 4-6 Minutten gehoovert, mei ass net dran, ausser mat LiPoly-Akkuen).

Sin deen Daag och gewuer ginn daat ech dei matt max 1A oplueden kann, dei nei Akkuen hun ech dohier seier opgelueden matt 500mAh. Mei kreien ech just eraus aus dem Chargeur wann ech d'Ausgäng uneneeschleissen, hun ech nach nie gemaach, do muss ech nach driwwer noliesen.

E Samschden waar et dann souwäit: oofgehuewen. Yuppi! Ooh nee! (crash) ech muss nach vill leieren.
Haut och rem bessen gehoovert a souguer kuerz geflunn. Resultat: 2 Motorritzelen gefemmt bis elo, den Haaptritzel huet och schon 3 ugeknabbert Zänn. De Rotor ass stabil behaapten ech emol :-)

Tuning: bis elo nach näischt, mee e puer Aludeeler sinn ennerwee, z.B. Kühler fier de Motor.

Soss futtigangen: nach näischt, hun natirlesch e puer Markeierungen am Holz um Späicher geloos ... :--)

Photo kennt no...

Friday, February 23, 2007

Lëtzebuerg am Internet

de Videoclip vun den Decemberists kennt der vläischt schon, wann net, hei ass en, videolink:



Ech haat nach deen heiten Link fonnt wou ech dann och Pulch fonnt hun. Pulch ass eng kleng Video Animatioun wou ennert aanerem e krankt Lëtzebuerg dra fierkennt. <-- klick de Link

e besse Geschicht

... ass och nach dohannert, fonnt bei ehrensenf:



videolink