Tuesday, March 13, 2007

Saturday, March 10, 2007

Pando op Linux

nach net ganz, mee elo ass emol de Pando Downloader fier Linux do. An daat bescht, ech kruut et souguer un d'laafen ;-)

Monday, March 05, 2007

an d'reschter fennt ee...

...bei ebay: Artikel 320088449961 , merci Mondoperfecto.

waat huet de Baam?

Thursday, March 01, 2007

voilà

Hei nach ganz nei:



De Motorkühler ass och schon ukomm, nei Motorritzelen waar ech haut an d'Staad sichen, baal 2 mol mei deier wei bei ebay, an och bei ebay fannen ech 5 € fier ee klengt plastiks Steck (mol keen Delrin) deier... Där kennt mer jo lo soen: Kaaf der näischt sou!. Mee daat mescht aawer Spaas - also wann e bis hoovert/flitt, och wann et mei leieren & bezuel fir deng Feeler ass (de Moment) ;-)

just esou

Joost soot Moien, si hun zenter leschtem Dezember Routeren & Serveren hei stoen...

konnt schon een vun menge Lieser matt Joost spillen? Wa jo, comment, w.e.g.! Merci am Viraus!

aus all Feeler soll ee leieren



fonnt bei boingboing

Wednesday, February 28, 2007

Monday, February 26, 2007

e klenge Mini-Z Video

2006 Andalusia Mini-Z Championnat:



Toun oofschalten! Dei lescht 10 Sekonnen och kuckenswert!!

fonnt bei minizz.com; videolink.

an rem eng nei Spillsaach

Elo ass et een elektro Helikopter. De Lump an den Yves haate mer hier Helicopteren gewisen, an do waar ech ewech. Eng Woch um Netz gesicht, an do hun ech an der Staat mäi Glëck fonnt ;-)

E Kyosho Caliber M24 ass et ginn, (daat waar leschte Samschden, de 17.):

Bon Akku oplueden. Dauert laang, normal 10-15 Stonnen. Dofir e Sonnden reischt een Hoovertest gemaach, mei waar net dran, mei kann ech och net... Den Akku gett mam normalen Chargeur vill ze lues, an net stoark genuch opgelueden; sinn ech geschter gewuer ginn, wou ech mer direkt nach 2 Akkuen kaaf hun. Dofir: dei lescht Woch ass hooveren ugesoot gewierscht. A vill trimmen a piddelen, waat fier d'Kaatz waar, well lo wou d'Akkuen mol fetzen, muss ech rem alles aanescht trimmen.

[Trimmen: nodeems den Haaptrotor [keng 8schen mei haat] besser agestallt waar, ass schon alles manner wackelesch. Trotzdeem zitt den Helicopter emmer nach liicht no 10-11 Auer]

E Samschden ass den Akku aawer mol benotzbar ginn, (sinn ausser en Donneschden all Daag meng 4-6 Minutten gehoovert, mei ass net dran, ausser mat LiPoly-Akkuen).

Sin deen Daag och gewuer ginn daat ech dei matt max 1A oplueden kann, dei nei Akkuen hun ech dohier seier opgelueden matt 500mAh. Mei kreien ech just eraus aus dem Chargeur wann ech d'Ausgäng uneneeschleissen, hun ech nach nie gemaach, do muss ech nach driwwer noliesen.

E Samschden waar et dann souwäit: oofgehuewen. Yuppi! Ooh nee! (crash) ech muss nach vill leieren.
Haut och rem bessen gehoovert a souguer kuerz geflunn. Resultat: 2 Motorritzelen gefemmt bis elo, den Haaptritzel huet och schon 3 ugeknabbert Zänn. De Rotor ass stabil behaapten ech emol :-)

Tuning: bis elo nach näischt, mee e puer Aludeeler sinn ennerwee, z.B. Kühler fier de Motor.

Soss futtigangen: nach näischt, hun natirlesch e puer Markeierungen am Holz um Späicher geloos ... :--)

Photo kennt no...

Friday, February 23, 2007

Lëtzebuerg am Internet

de Videoclip vun den Decemberists kennt der vläischt schon, wann net, hei ass en, videolink:



Ech haat nach deen heiten Link fonnt wou ech dann och Pulch fonnt hun. Pulch ass eng kleng Video Animatioun wou ennert aanerem e krankt Lëtzebuerg dra fierkennt. <-- klick de Link

e besse Geschicht

... ass och nach dohannert, fonnt bei ehrensenf:



videolink

Monday, February 12, 2007

Wei mixt een e Beat

Hei eng gudd Demonstratioun vum Beardyman:



Videolink; fonnt bei boingboing.

Monday, February 05, 2007

Sunday, January 28, 2007

Lada Lotus



http://www.youtube.com/watch?v=qd99YZbi7B0

Sunday, January 21, 2007

Borat huel se

An ech duecht daat wier rem sou ee blöden Film aus Amerika. Mee ech si positiv iwwerrascht! Sou gudd galaacht, mei politesch onkorrekt geet baal net.

Hei e klengen Ausschnett vum Borat:



Dem Borat (Sacha Baron Cohen) seng Ried bei de Golden Globes:


Friday, January 19, 2007

liit Veloen

sinn et nach emmer ginn. Mee et gett aawer all Joer besser. Gitt emol bei Light-Bikes kucken. E Stroossevelo vu (oofgeronnt) 4 Kg an e Fully vun 6 Kg, (mol net matt massesch Carbon, mee haaptsächlech Titan). Daat ass scho beis, zumolst well dei och mei stabil sinn wei dei 3 Kilo Veloen.

Sunday, January 14, 2007

Kategorie: gratis Bicher

Nach net gelies, mee si graad am gaangen Ubuntu GNU/Linux (Grundlagen, Anwendungen, Administration) eroofzelueden, ganz legal, kuckt emol hiere Katalog.
Hei de Link zur online HTML Versioun, fonnt bei der Contentschmiede.

Google verbesseren

Dei nei Editioun vun LuxPrivat ass och ganz interessant. Just e bessen deier, gudd datt se online ass ;-)
fir d'roboter: LuxPrivat, Lux Privat, Letzebuerg Privat.

Saturday, January 13, 2007

waat kennt als nächst?

iwwert eng Flesseschkeet laafen haate mer jo schon, et keint een och am Hexafluorid schwammen:



fonnt bei boingboing.

Aaner Substanzen matt interessanten Proprieteiten beim New Scientist Technology Blog, fonnt bei kottke.

Thursday, January 11, 2007

foneros ahoi



e groussen + fier e wlan Skypephone ass eben gratis wlan netzer ze benotzen ;-) ]

an elo leeft de fon souguer. D'Dieren si net emmer op, me de fon wärt dann aawer laafen. Ech kann och nach net soen wei gudd d'Signal vum wlan ass, muss nach alles getest ginn.
10, Rue de Pontpierre, Monnerech.

Blanquefort ass baal komplett verfont ;-)


Ongefeier 30 weider foneros gett nach hei wann ee google maps kann trauen ;-)

am Moment kann een nach aaneren Leit fon router gratis schecken, wann ee säin fon router registreiert huet. (an 3 Wochen kucken do mol weider, sou laang dauert daat, also d'Liwwerung, net d'umellen ;)

Deemno wei een Router een huet, kann een do einfach eng nei fon Firmware drop maachen.

offiziell fon blogs ginn et der och massesch...

sou e belleschen router gett natirlech och gehackt, waat ech aawer net welles hun.

Sunday, January 07, 2007

music?

ech si grad duerch phlow.net gewuer ginn datt den Talib Kweli an de Madlib ee gratis Album am Netz stoen hun, net schlecht. Avis aux amateurs. (ZIP File)

kee CycloCross mee d'Mini-Z Piste auserneen geholl

een (normalen) Sonndes-Nometten, Merci un de Mondoperfecto. D'Mini-Z Piste ass net mei. Mei seriö Aarbechten hun Prioriteit:



fier komplett ze sinn, hei da nach d'Mini-Z Sammlung.

Thursday, January 04, 2007

seier muss et goen

fier datt d'Foarw net dreschent, eng Sich no -spray can art- Videoen weisst nach mei dovun:



fonnt duerch StumbleVideo.

waat et net alles gett

En erstaunleschen Video iwwert Insekten bei deenen e Champignon am Kapp wiist:



Fonnt duerch boingboing bei random good stuff.

Niewebäi ass daat heiten een Drivel Test. Ouni Browser bloggen op Linux (ubuntu an desem fall).

Friday, December 08, 2006

d'zäit vergeet. Linux wärt bleiwen

c't kaaf, ubuntu 6.10 installeiert, ass e Genoss! knapps 25 Minuten inklusiv formateieren a partitiouneieren, (Athlon 2500+, 1 GB RAM).

Si paff, baal alles erkannt, enner Anerem:

- WLan geet ouni Problem (soulaang ech DHCP benotzen);
- Printer geet, muss kucken ob d'Resolutioun vum Screen de Printer beaflosst, well et keint ee ball 4 Säiten op eng DINA4-Säit printen;
- extern HD souwei den USBstick geet;
- mäin Trackball ass gaangen, 3 Knäppecher sinn am Ufank* net gaangen oder ennerstetzt ginn;

Am Device Manager ass bis op den Trackball alles richtech erkannt, souguer d'PS2 Eyetoy. Dei konnt ech nach net testen, well ech net wees wei :-) kennen nach net genuch vu Linux.

Op deser Plaatz: e groussen Merci un de Black, dee mer weidergehollef huet, wann ech hänkebliwwe sinn ;-) Automatix 2.0 waar e vu villen gudden Tips, dei 2 Video'en maachen och Loscht op Linux: eischten zweeten

Mäin 1. Problem, wei kommen ech u meng Harddisken dei nach do sinn. Do hun ech psydm installeiert sinn mol u meng HD'en komm. Ass zwaar NTFS a ka just liesen, mee daat geet duer fier alles ze kopeieren :-)

2. Am Flash geet de Sound net, schlemm well z.B. bei yugop oder youtube dann näischt ze heieren ass. Dofir ginn et och verschidden Leisungen, mee mäin ubuntu verhällt sech daat nett... :-(

3. Problem:

Ech sinn ee vun deenen dei een Trackball benotzen ;-) Den "Cordless Optical Trackman" gett als Maus ugewisen, ass iwwer PS/2 ugeschloss net iwwer USB, dofir gett se vläischt net direkt erkannt.

De "back" & "forward" Knäppchen ass net gaangen (souwei den "hold" Knäppchen, mee dee brauch ech net). Inspireiert durech des Säit an des Säit hun ech da propeiert dei 2 Knäppecher un d'goen ze kreien. *Matt dem Resultat datt e right Click op dem Trackball elo "Paste" ass (am Firefox "open in new tab" wann een op e Link clickt, soss "paste"). Duerch ee Click mam Scrollrad kritt een elo deen aalen richtegen "right click"... (den "hold Knäppchen gett och net matt "xev" erkannt)

Mam Photoapparat hun ech och nach meng Schwierechkeeten, mee bon da misst gläich och goen.

baal all Software dei ee brauch ass drop. Nvidia driver installeiert,
matt Automatix enner aaneren ;-) Google Earth installeiert, Skype souwisou. Alles leeft op mannst sou seier, wann net esouguer besser wei op XP. Elo kann ech mäin MiniDisc leider net matt Music oplueden, et muss een eben Prioriteiten setzen ;-)

fir dei dei souweit gelies hun, hei nach de link zu de verstopptenen Smileys am Skype.

Linux ass immens!