Sunday, November 26, 2006

besser Animatiounen

Ryan vum Chris Landreth gemach matt Alias Maya, scho mei aal, mee lo och bei youtube, an 2 Deeler:



Link



Link

Sunday, November 19, 2006

Wann et kee Veloswee gett...

Hei e netzlecht Steck fir un de Velo:


Fixie Inc. Cycles for Heroes haat ech bis elo nach net kannt, de Cyclo-Cross Modell PureBlood geäit och gudd aus.

am Summer d'Kamera ausgepaak

an Enn des Joers kritt een d'Resultat:



E klengen Ausschnett vun Earthed 4: Death or Glory.

Fir Motocrossfrenn huet den Alex Rankin nach een klengen Video: Moto Fundementals.

Tuesday, November 14, 2006

waat et net alles gett

Dei richtesch Meschung aus Waasser a Stärkt (Amidon) , a scho kann een iwwert d'Waasser laafen:



Et gesäit net mei wei Waasser aus, mee daat mescht et net manner interessant. Non-newtonian fluid heescht daat. Nach e Video dovun bei Google. Fonnt bei Make.

Kultur mol aanescht

de Manifestoon



fonnt bei boingboing.

Monday, November 13, 2006

eng kleng Geschicht

ass zwaar scho mei aal mee egal. Hei just de Link, well ech net well datt de Video automatesch uleeft...

selwer maachen

z.B. sech sou eng Bunn an de Goart bauen:



fonnt bei ehrensenf.

neie Sport

Urban Sprinting: den Alarm an engem Geschäft ausleisen, (ouni eppes futti ze maach oder eppes ze klauen !), op d'Security woarden a fortlaafen:



och fonnt bei fumezlamoquette.

och eng Art a Weis...

... fier Musik ze maachen, also matt richtegen (analogen) Instrumenter, ouni dei Instrumenter spillen ze kennen weisst den Lasse Gjersten bei Youtube. Dei meecht wärten de Lasse vun desem Video kennen. Mee seng Musik ass och net schlecht:



fonnt bei flm.fr.

Tuesday, November 07, 2006

e klenge Video

just de Link , well soss de Video direkt uleeft.
fonnt bei videos.antville.

Saturday, October 28, 2006

Linerider



Video fonnt bei kottke, linerider kennt der hoffentlech schon.

Nonsense fonnt um Netz

de Clip zum Helfe Schneider seng Lidd "Ich drück die Maus" (fonnt bei phlow):



GPS kritt emmer mei Funktiounen: den Discriminav (fonnt bei Navigadget):

nach e bessen Reklam fier gudd Musik...

fier: Rodrigo y Gabriela, zwee Mexikaner dei akkustesch alles perfekt op der Guitar beherrschen, endlech och bei youtube ze gesinn:
1. Videolink.
2. Tamacun (Videolink):
3. Videolink:



4. Videolink:

Friday, October 27, 2006

praktesch Internet Servicen

Pando - och wann verschidden Seppen sech driwwer opreegen, well se nach ee onneidegen Program installeieren mussen - mescht immens gudd säin Dengscht!
[Update: Pando ass elo an der beta 0.9.3 ukomm, an do kann een och "send to IM/web" benotzen, mol kucken wei an op daat geet]

Pando Package

Test Download-Link.

Blogmusik - waar enner aanerem haut [geschter] och bei ehrensenf - sicht (Mp3-?) Musik dei op de Bloggen ze fannen ass. Ech geif et besser fannen wann ee Minidisc amplaatz vom Ipod wier, ah nee Sony ass evil.
Stage6 - vun Divx.com - ass eppes wei youtube. Et muss een e Plugin installeieren an dann kann een als Bonus d'Videoen direkt am Divx-Format oofspäicheren (geet seier wann een de Filmchen schon gekuckt huet, ech huelen un de Programm huet Zougreff op de Browsercache), klengen Tip: While my guitar gently wheeps. Eng “embed” Funktioun feelt nach: http://stage6.divx.com/Slow_Motion/show_video/1021427

full screen geet och ouni fresch ze bufferen: http://stage6.divx.com/members/200478/videos/1024453

Pandora - ass wei e besseren Radio
des Lescht keint onendlech sinn...
nach e bessen Javasript Magic (copy, paste an d'URL-Bar & enter drecken):

javascript:R=0; x1=.1; y1=.05; x2=.25; y2=.24; x3=1.6; y3=.24; x4=300; y4=200; x5=300; y5=200; DI=document.getElementsByTagName("img"); DIL=DI.length; function A(){for(i=0; i-DIL; i++){DIS=DI[ i ].style; DIS.position='absolute'; DIS.left=(Math.sin(R*x1+i*x2+x3)*x4+x5)+"px"; DIS.top=(Math.cos(R*y1+i*y2+y3)*y4+y5)+"px"}R++}setInterval('A()',5); void(0);

Thursday, October 26, 2006

The Woodring Monitor



Dei Säit lung nach an den "Drafts" hei, haat ech iegendwann bei Drawn fonnt,

modern Architektur

Als eischt dem Frank Gehry säin lescht Wierk (fonnt via de Speisekartenblog bei Elciego:



Videolink.

an ee gringt Haus (fonnt via boingboing bei PopularScience):



Videolink.

och impressionant

Ech hätt emol net geducht datt daat meiglech wier, mee et leiert een emmer bäi ;-) De Stanley Jordan mecht esou guer datt et einfach ausgesäit:



(merci Geraldo)

wann ee säin Kierper enner Kontroll huet:



WOW. An et ass net de Scott Wills wei do steet mee de B-Boy junior. (merci Geraldo)

schued

Schued, lo gett et den b352 net mei.

gratis Musik

gett et elo bei allofmp3 (128 kBit/s). Hiere propietäre Player ass anscheinend och schon geknackt ginn...

e gudden Artikel iwwer Batterien...

...iwwert dei normal, mee och dei di brennen gin bei Wired erklärt.

d'hellesch Kou muss gesechert ginn

oder wei ennerstetzt een Ebay an de Schwoarzmoart. Sony huet elo errecht datt Lik-Sang zougemaach get. Sony huet Angscht datt se d'Distributioun vun hierer PS3 net enner Kontroll hun, dofir muss Lik-Sang dann elo dru gleewen. An dobäi waaren dei Deck vu Sony Europa och gudd Clienten vum Lik-Sang...

Tuesday, October 24, 2006

deiere Parking

D'lescht Woch waar de Parking mol zur Oofwiesselung payant... Haat näischt am Batiself (zu Stroossen) kaaf, mee den Auto stung de ganzen Daag do. Et stinn och Schelder um Parking datt en eng Krall ugeluet kritt, an 30 € muss bezuelen, wann ee Laangzäitparker ass. Ech parken alt do wann ech schaffen muss, (zenter Abrell ;). An dest Keier hun ech missen 30 € bezuelen, net well ech eng Krall um Auto haat, mee et sinn lauter Typecher ronderem gelaaf an hun d'Leit ugehaalen & bezuelen gedoen. Sie haaten deen Daag anscheinend mei wei 80 Auto'en do stoen, dei näischt do ze sichen haaten...

Cofalux ass anscheinend dei Firma dei den Terrain gereiert.

Anscheinend ass dei Praxis aawer net ganz legal, z.B. eng Taxe ka just de Staat akasseieren.
Dann hun ech nach heieren, datt verschidde Leit gesoot haaten, sie hätten keen Frang derbäi, an dei hun do näischt missten bezuelen. Alt erem eng Form vun Diskriminatioun, waat jo och net erlaabt ass...
Nujee, et leiert een emmer bäi, dei nächsten Keier wärt ech och net bezuelen.

eng gudd Animatioun


Over Time
Uploaded by Carmin


fonnt bei ehrensenf.

Spacewarp

Lo ass de Finetuning ugesoot, daat wärt nach e bessen mei laang daueren. Lo laafen 4 (bis 5) Jicken matteneen maximal 90 Sekonnen bis datt eng erausfällt... Nach 2 Photoen bei flickr.

Sunday, October 22, 2006

eng flott Spillsaach

D'ass mer rem eng Spillsaach an de Grapp gefall, sollt mol net fier mech sinn. Mee lo wou daat Ganzt ufänkt Formen ze kreien, fannen ech, datt daat näischt fier ee 4 Joer jonken Bouf ass. Et geet em de Spacewarp (vun Bandai, um Netz bei Tanomi ze fannen), daat ass eng Jickebunn. Dei aal Modelle gesinn och aus wei wann se vill Spaass geifen maachen. Dei nei si bestemmt net mei einfach zesummenzebauen, mee et geet aawer, wann een net eleng ass (merci un dei, dei an de Bastelstonnen mattgemaach hun ;-)




bis heihinn waar et nach einfach, d'Gebrauchsanweisung ass zwaar op japanesch, mee dei ass sou einfach ze verstoen wei eng vu Lego (am Ufank emol). Do sinn dei 32 Meter Kabel (16 Meter Bunn) dru komm, wann ech richtesch gereschent hu, da brauch ech 31,94 Meter...

Dei 4 Loopingen waaren bis elo daat schlemmst.

Herno wärt keng Staang mei riit sinn... An da gin et der, dei sech eng Mauer domadden bauen :-)

Lo sinn nach ongefeier 4 Meter Bunn (d.h. 8 Meter Kabel) ze verleen.


Tuesday, October 17, 2006

och interessant

Ech kann ärch nemmen rooden mol bei EnglishRussia laanschtzekucken, wei schon do steet: Et geschitt vill Interessantes op engem 6. vun der Erd...
Z.B. gett een do mei gewuer iwwert d'moskauer Kanalisatiounen, beim Paratozor (iwwersaat bei Worldlingo) sinn lauter Fotoen ze gesinn, bei moscowhite (iwwersaat bei Worldlingo), steet daat Ganzt a Wieder.


Wei gesoot bei EnglishRussia fennt een lauter Saachen, z.B. desen sauflotten Auto:


oder dese Video:

Friday, October 13, 2006

eise Planeit

Eng gudd gemaachten Animatioun iwwert eis Welt. Baseierend op Statistiken vum CIA World Factbook.


fonnt bei kottke.