Tuesday, October 10, 2006

Sunday, October 08, 2006

Saturday, October 07, 2006

modern Konscht: the Helicopter & Airplane Dance

vläischt deemnächst am Pei Musée ;-) da ginn ech och mol lussen
genuch de Geck gemaach, respekt un de Pilot!



et ginn och gudd Fliigerpiloten:

Thursday, October 05, 2006

schlau Leit ... ?

Vläicht hu der et schon mattkritt, am Moment ass eng nei* Schachweltmeeschterschaft, an an der Final steet den Vladimir Kramnik geint den Veselin Topalov. Mee bon, et mengt een et wier an enger TV Show, d'Rollen mol emgedreint: dei aaner maachen eng laang Pisspaus...



*"eng nei", well bis elo waar et wei am Boxen: et gi verschidden Federatiounen an Klassementer (hei: ELO), an et oft mei "Weltmeeschteren". Lo wellen se daat änneren, an 1. richtegen Weltmeeschter bestemmen. Mee matt deem waat ee bis elo mattkritt huet, do gett et net vill em Schach!!

Wednesday, October 04, 2006

meng Fro dozou

Zenter weini ginn Batterien dei Feier fänken an Laptop/Notebook's agebaut? Oder aanescht, wei een aalen Laptop/Notebook ass net betraff? Hu selwer kee Laptop, mee meng Schwester (jo, sou eppes hu mer och) huet een aalen second-hand Thinkpad (an een neien Akku, keen Original IBM) ... an de poussainhaineux huet e Mac matt Akku (vun 2004?) ....


Waan ee gesäit weivill Batterien mettlerweil zereckgeruff gett, freet een sech op ee Computer matt engem Akku ee russesch Roulett BBQ ass, oder net? Commentaire w.e.g.!

huet do och seng (Hardware-)Hänn matt dran...

P.S.: Et gett een jo och net direkt gewuer firwaat dei Batterien op eemol Feier fänken, et heiert een oft vun "iwwerhetzen". Mee daat ass a verschiddene Fäll net plausibel, well de PC (Laptop/Notebook) ausgeschalt woar... Wou läit de Feeler?

Tuesday, October 03, 2006

srydrm


















Click hei vir mei Linken via BoingBoing.

(net nemmen) weinst Sony an Apple soll ee geint DRM sinn, mee well een Aaneren bestemmt waats du matt denger Musik oder dengem Video därfs maachen. An daat och nach laang nodeems de et kaaf hues (= doheem um PC, CD, Handy & wou net nach iwwerall)....


mei info iwwer sory...

Monday, October 02, 2006

Mini-Z Photo'en

d'Mini-Zs fetzen och nach emmer, mei Photo'en op der Controllstatioun bei flickr.

leschte Sonnden zu Jonglenster

e puer Photo'en vun den internationalen Damp- & Modellbaudeeg zu Jonglenster (moar ass dee leschten Daag....). RCM huet agelueden:

Firwaat steet orange drop? Sponseren dei well sou "Saachen"?


Action on!

Mei bei flickr.

Monday, September 25, 2006

[update] fier Comic Frenn

All (?) Episode vun de Simpsons a vu Futurama steet bei DailyMotion. Mei einfach eremzefannen bei allsimps.com an allfutus.com; (fonnt bei kottke mengen ech).

[update]: do dei fierescht Linken net mei laang wärten goen: bei dailyepisodes (am Moment down) fennt een dei selwescht Simpsons & Futurama & mei, z.b. och nach South Park, Family Guy & American Dad.

Saturday, September 23, 2006

spill matt LEDs



D'Säit dozou bei Graffiti Research Lab
.
Mei Informatiounen zu den "Throwies" fennt ee bei Graffiti Research Lab. Nach vill Linken bei Make.

Kamini: Marly - Gomont



:--) fonnt duerch de Karl Zero . Kamini.fr huet eng besser Qualiteit vum Video

Freed matt enger miniramp

Vun almost skateboards gett et e klengen neie Video: Almost Cheese and Crackers. Mee bon d'Greisst seet näischt aus, Qualiteit brengt et. De Film steet an 3 Deeler bei Youtube, aus Freed um Spaas hei den 1. Deel. Haal dech un!



Link zum 1. Deel;
Link zum 2. Deel;
Link zum 3. Deel.

Do net de ganzen Film online ass, kuckt och den den Trailer op der Almost Säit. Fonnt via Kottke bei The Hot Crew.

Monday, September 18, 2006

Geek Stuff

Eng digital Oberfläsch, an desem Fall fier ze Moolen:



Youtube Link
; fonnt beim Fred Cavazza.

Do an de Commentairen waar dann och de Link zu deser Mool-Software:



Youtube Link;

An iwwregens, Youtube Videoen kann ee duerch/bei Youtubex einfach oofspäicheren

Saturday, September 16, 2006

Hydraulesch Schaltung um Velo

Hydraulesch Schaltung fier de Velo ass schon e puer mol gewisen & verkaaf ginn, graad esou wei dei elektronesch, mee huet sech nach emmer net duerchgesaat. Ass och nach emmer deier a schweier gewierscht. Bon deier sin nei Technologien nach emmer...., mee dofier ginn se jo och besser. 5rot.com. Bessen Evulotioun muss jo och sinn ;-) mei liit wei XTR! (fonnt bei Light-Bikes)

C'était un rendez-vous

Wann der mei Informatiounen zum Film vun Claude Lelouche wellt, da kuckt de "Making Of". An wann der wellt kucken wei eng Streck en gefuer ass, da klickt emol hei (Google Maps + Google Video Mashup). Fonnt bei Jalopnik.

Friday, September 15, 2006

Reklam fier schwaarzen Schokola

M&M's haaten 2 Milliounen M&M's gebuerden fir deen deen d'Bild vum E. Munch geif eremfannen. A si haalen hiert Verspriechen och elo, fonnt bei Kottke.

Satelitenbiller als Hannergrond oder Tapeit

Bei Earthwallpapers.org fennt een Hannergrondbiller vir de PC. Wei de Numm et schon seet sinn et Biller vun der Erd, realiseiert matt der Hellef vu GoogleMaps. All d'Biller stinn bei Flickr;fonnt bei kottke.

Ween et gären nach mei grouss hätt, kann sech bei Berlintapete emkucken, Phototapeiten a verschiddene Greissten a matt ville verschidden Motiven, z.B. Satelitenbiller, mär gefaalen dei vum E. Haeckel gudd, bei 2,3m op 3,3m keint ee schon baal mengen et wier een am Bësch ;-) :

Spike Lee bei YouTube

Bei Ticklebooth stinn eng Rei Linken zu Spike Lee Filmer/Animatiounen/Videoen. Ennert aanerem och dei zum Documentaire "When the Levees broke" (26 Parts, Deel 1). Wann et ärch interesseiert da kuckt se seier, well ech mengen net datt dei nach laang online sinn; fonnt bei boingboing.


Thursday, September 14, 2006

interessante Oueb

bei GasPanik.tv gett et selwer gemaache Sendungen ze gesinn, hu mol dei mam Karl Zéro gekuckt. GasPanik ass eng interaktiv Sendung, d.h. matt Skype-Visiophone + Forum, ass emol eng aaner "soupe" ;-)

De Karl Zéro huet een Blog an eng TV-Säit: leweb2zero.tv. Daat kennt jo graad richtesch firun de Wahlen am Frankräich.

Ech wees net mei genau wei ech dei Sàiten fonnt hun, mee daat heiten waaren mol Teschestatiounen:

Original Signal - Diffusion Web 2.0;
buzzila;
Loic Le Meur Blog;
Rodrigo A. Sepúlveda Schulz.

Top Gear an hier verreckten Idien

Rollstullsport



Respekt!

Neiechkeeten mol aanescht

Bei Project Censored fannt der eng Lescht matt wichtegen Neiechkeeten iwwert dei keen eppes schreiwt oder weist. D'ass eng amerikanesch Säit dofir steet Halliburton ganz uewen, mee et stinn trotzdem nach aaner interessant Saachen do.
Link zu den Neieschkeeten + Erklärungen.

Monday, September 04, 2006

ze gudd fier dohinn

 

et ginn och liicht Aueren

Wei den "Tourbillon Richard Mille Calibre RM 009-1 Felipe Massa", dei knapps 30 Gramm schweier ass obschon se massiv ausgesäit:



Mei Informatiounen dozou bei Richard Mille.

matt Carbon fierts de besser

Bei Light-Bikes ass eng selwer gebauten Carbon Gaafel vun Fox ze gesinn. Een Italiener deen sech matt F1 Carbon auskennt huet dei fabrizeiert. Ass schon impressionant waat d'Leit hautzedaags färdeschbrengen.
Vill Carbon vun der Eurobike fannt der och bei Light-Bikes, waat dann aanescht ;-)

dobaussen spillen :-)

E puer kleng Video'en vun den Outdoorgames haat ech iwwer nicolai fonnt.