Saturday, May 20, 2006

Friday, May 19, 2006

Stechwuert "Knoff Hoff"

E "megacoole" Video ass nach bei b352.com ze fannen, einfach emol kucken, hei just een Screenshot:

och gudd

beim b352.com ginn et e puer interessant Reklamen ze gesinn, gitt einfach emol kucken (wees nach net wei Trackback gett dofir hei de Link zur Interweb Säit wou der mol alles kennt kucken, ech waar ennen op Marketing hänkebliwwen :) Link

Thursday, May 18, 2006

8 Bit ass In ;-)

Getty Images wellen am aktuellen Internet net verstebsen ;-) (original):


dofir gett et elo 10 ways, an do old Style erem trendy ass:

daat waat se ubidde ass am Fong daat selwecht wei dei online Service (Tools & Hacks) fier flickr. Mee 10 ways ass op alle Fall e Bleck wärt well se (och) immens vill Photo'en hun. Erem fonnt bei Ehrensenf. (hun graad gemierkt datt den Titel op englesch zimlesch 2deitesch ass, lëtzebuergesch ass ebe lëtzebuergesch)

Nain tain do

och fonnt bei Ehrensenf, eng Nintendos Reklam:

Video'en online kucken

Peekvid huet am Moment nach eng kleng Selektioun vun Video'en, an de Kategorien Serien, VideoClips an Manga. Vill Spaass, fonnt bei ehrensenf.

Tuesday, May 16, 2006

Mini-Z

net datt ee mengt Mini-Z geif et net mei gin:

 Posted by Picasa

Monday, May 15, 2006

鬱蒼 -luxuriant-


鬱蒼 -luxuriant-, originally uploaded by geinin.

oarmen Auto

oder

nature takes over.

op englesch well ech bloggen aus flickr eraus:

Choose your point of view:
poor car
or
nature takes over

Tuesday, May 09, 2006

eng grouss Blumm

An de botaneschen Gäert vu Bonn blitt elo eeen Titanenwurz (Amorphophallus titanum). Dei Blumm ass schon impressionnant, hei nach de Link zu der Webcam vum Titanenwurz, an ee Bild dovun:

Se rechne mat Mett Mee bis se opgeet, dann ass et och besser se op enger Photo ze kucken, well di sténkt fierchterlech! (fonnt beim Zebu)

Sunday, May 07, 2006

coole Videoclip

een coolen Videoclip, imho (fonnt bei videos.antville).
an do ass och nach ee Link zu engem 2. Clip vun deem Lidd.

Roboterkampf

am fong fannen ech daat super, well dei eischt, dei daat asetzen wärten, si natirlech Armeien...(fonnt bei gizmodo):

Saturday, May 06, 2006

Frittebude ;-)

Frittebud :-)

Zitat: "

die Frittebud hat auf, und das Semantic Web weiss es

Heute bin ich auf dem Weg durch die Stadt an der Frittebud vorbeigelaufen um die nächste aktuelle Speisekarte aufzunehmen, natürlich kommt diese erst morgen raus… Was aber viel wichtiger ist, die website der Frittebud ist online, sodass man die Speisekarte als PDF runterladen kann.............."

mei bei B:\datenbrei.

drop the guitar

apropos DC, den Danny Way huet erem e mega Drop-In gemaach:

Renaissance

Bei Drawn ass eng kleng Notiz vu Renaissance, ee Film vum Christian Volckman. [Keng Aahnung firwaat ech daat net eischter mattkritt hun, well de Film ass zenter dem 15 März an de franseischen Kino'en...] Hei ass di offiziell Säit vum Film, gitt kucken!

The One Lap of America

Sou heescht Gumball ewell wann ech daat richtesch verstaanen hun. An de Boss vun DC-Shoes fiert och matt (fonnt bei Jalopnik):

och eng Method fir Kleeder ze verklappen

fonnt bei blogscout:
Also matt Dinsaurier kritt een net vill Kleeder verkaaf: Shaiwear; mee "Sex sells" dofir hieren expliciten Katalog bei sexpacking...

Thursday, May 04, 2006

vun flächendeckendem WLAN wärt ee jo wuel dreemen därfen

Keng Aaahnung waat dei lescht 2 Deeg lass waar um internet, well an der Haaptstroos um Chantier alt een geduecht huet, heen keint dee Kabel duerchschneiden (wou meng Telefonsleitung och derbäi war). An ech keen Internet per TV hun, dofir just emol daat heiten:




(merci Mondoperfecto)

Monday, May 01, 2006

test

yugop

take 3: Coop designed Hot Wheels

de Coop ass drem gebieden ginn fir 2 Hot Wheels Modeller ze designen. Ech fannen daat gesäit gutt aus ;-) :

wei liit kann e Velo sinn/ginn ?

Bei Light-Bikes sinn och erem e puer schei liit Velo'en ze gesinn, de Cervelo an de Parlee si jo schon liit (em dei 5 Kilo), mee den Hummer sin 3,6 Kilo fir de kompletten Coursevelo. Gemaach vum Günter Mai:

Joga Bonito



www.nikefootball.com



wann de link am Titel net geet dann huelt deen heiten: nikefootball.com

Speichert all Video aus dem Browser

Graad hun ech bei BoingBoing dei heiten praktesch Extension fir den Firefox fonnt. Videodownloader, vum Javi Moya, heescht dei Extension an op der Säit dovun ass och een kuerzen tutorial. Ech wollt schon baal den FLV-Player vum Martijn Devisser installeieren, mee do hun ech gemierkt datt dee gudden aale Videolan daat schon kann :-)

Och net schlecht: Online Anime Episodes (stung bei Videodownloader).

Tuesday, April 25, 2006

d'Ronn vun de letzebuergesch Bloggen

dei ech mer relativ regelmeissech ukucken (an der Reihenfollesch wei se a mengen Bookmarks stinn) an et ass emmer eppes interessantes dobäi:

"Wesst der waat schlemm ass? Um 3 auer moies, ass keen schwein mei online... "
wann der nach liesenswert letzbuergesch Säiten kennt, dei net hei stinn, dann schreiwt de Link an e Kommentar!

deen heiten Link (klick&kuck! TERRORISM!) haat ech och bei engem vun den opgeleschtenen Bloggen fonnt, ech wees leider elo direkt net mei wou.
deen heiten Video ass dann graad esou gutt , (Pop-up's+ Speck Reklammen nsfw)

Printer oder Pixel Roller

Den Xyron Design Runner ass een klengen handlechen Printer, d'ass keen einfachen Printer, deen heiten kann direkt op Stoff, Holz a.s.w. printen (via Gizmodo).

De Printer ass jo schon net schlecht (ausser datt en (ze) kleng ass), mee den Pixel Roller mescht am Fong daat selwescht. D'ass een Rouleau fir unzesträichen deen elektronesch kontrolleiert gett. Hei gett fluoreszent Foarw benotzt:

E Video dozou hei ; fonnt bei make.

eng Mega Kamera

Bei Red.com fannt der e puer Informatiounen iwwert eng nei Kamera. Also d'ass nach net gesoot datt ee se ka kaafen, fir de Moment ass emol fir Enn des Joers eng Presentatioun dovunner geplangt (zu Las Vegas wou schon aanescht).

Dei Kamera mam "Mysterium Sensor" soll eng Opleisung hun vun 4520x2540 Pixel, dann soll et anscheinend Mmeiglesch sinn daat Material "RAW" erauszekreien, 60 Biller pro Sekonn sollen och meiglech sinn. De Problem ass fir dei 7 TB pro Stonn (bei 1 GB/Minutt) gespeichert ze kreien....

Do d'Informatiounen nach raar geseit si gett relativ vill spekuleiert, 1. Quell dozou ass dem Mike Curtis säin HD For Indies blog (1. Artikel, 2. e bessen Mathe an 3. eng inoffiziel FAQ). Bei Dvdinfo gett weiderspekuleiert...

Wann der ärch froot ob daat alles woarm Loft ass oder net, keng Aahnung, mee do den Jim Jannard (Grenner vun Oakley) dohannertstecht kann ech mer denken datt op mannst een Exemplar produzeiert a gebraucht gett... An un de Suen wert et dann net leien fir dei Kamera ze maachen. Beim Jim op der Säit fennt een e puer gutt Biller z.B. den Dragster hei, ech hätt net geduecht datt deem Seng Fenster sech sou keint deformeieren...:

Monday, April 24, 2006

och gutt

eng kleng bizarr Playstation Reklam, via kotaku:

Sunday, April 23, 2006

Mini-Z Sonnden

Trotz deem scheinen Wieder hu mer haut erem gutt Gaas gin op der Mini-Z Piste :-)
Do ech keng Photo'en gemaach hun an net vill neits ze weisen ass, kritt der einfach e puer Biller vun neien Mini-Z Karosserien dei ob der 45'er Shizuoka Hobby Show 2006 virgestallt goufen (Photo'en vun RC51, Link zu de Mini-Z Photo'en).



All Auto matt deem Sponsor waar gutt mengen ech, a wann de Porsche an deem Look gemaach gett (a gutt ausgesäit) da misst den Lancia Integrale och gläich esou ze kreien sin (imho).

Mee den Cinquecento gesäit och gutt aus, wier och gutt am Racing-Look:

de Chassis ass e bessen aanescht & interessant ass hier Antenn, och einfach vir selwerzemaachen:


ennert aanerem sinn nach des Modeller derbäi:
  • GZox 350Z SuperGT
  • Porsche 934 Vaillant
  • F1 Ferrari
  • F1 McLaren
fonnt bei Minizz. Mini-Z Niews ass och e Bleck wert. Mee d'Quell dovun ass de Mini-Z.com Forum.
De Lump huet mer haut den Iwaver Mania Shop gewisen, do gin et bellesch Quartz'en, Auto'en & Tuning (dei verschidden Modeller vun Iwaver si matt deenen vu Kyosho kompatibel). Hei nach eng Photo dei de Lump mer per Email gescheckt huet; (mär hun d'Internetsäit de Metten net fonnt, dofir just de Link vun Yokomo USA):



Daat interessant ass datt d'Karosserie vum Sonic Racer vu Yokomo och iegendwei kompatibel mam Mini-Z ass, 1:28, an ennen Riets am Eck den Camion ass bestemmt och flott fueren ze gesinn.

RC51.com hutt der vläischt elo schon e puer mol gelies hei, mee bon där huet bestemmt net bei RC51 op Garage geklickt, daat ass och derwärt, z.B.: