Saturday, April 22, 2006

Mini-Z Subaru

de Lump huet mer eng Leierstonn iwwer Airbrush gehaalen. Dobäi erauskomm ass den Rocky Mountain Subaru:


[Update: de Vernis ass drop] De Vernis feelt nach souwei d'Contouren vun de Fensteren nach matt-Schwaarz ubemolt musse ginn. De Rescht ass alles am Airbrush gemaach ginn. Nach aaner Klengeschkeeten, wei d'Spiggelen matt Spiggelen austatten an de Kühlergrill verkleeden, mussen och nach gemaach ginn. E Spoiler huet de Subaru (nach) net, well deen falschen Spoiler derbäi waar...

nach ee Wierk vum Lump, den John Player Special Lotus, eehm nee Audi TT:

Friday, April 21, 2006

de Kierper vu bannen

graad bei heise entdeckt datt et mettlerweil meiglech ass de Kierper vun bannen ze photografeieren. De Photoapparat an der Pell mescht et meiglech. Photo'en bei Technology Review:

Fliigeren am extreemen Deiffluch

This summary is not available. Please click here to view the post.

Wednesday, April 19, 2006

schlau gebaut

deen Stull vun "D'Andrea Group Interactive & Dynamic Art". Dee Stull fällt auserneen a kann sech erem selwer zesummebauen!! Link zum Video! (fonnt bei make)

Traffic an Indien

e klenge Video vum Traffic an Indien:



(via boingboing). Ech si mer secher op verschiddene Plaatzen an Europa ass et net besser...

Monday, April 17, 2006

Biergcourse zu Luerentzweiler

Ech waar kuerz bis op Luerentzweiler d'Biergcourse kucken.


Gutt Parkplaatz fir dee Lambo, direkt noom Start, gesinn huet en elo jiddereen ;-P Posted by Picasa

dem Marc (eroof scrollen), deen elo (offiziell) beim GDMH-Team ass, säin Début ass jo och gutt verlaaf (Photo bei Motorsport.com fonnt):

een klengen Firefox Tipp

een klengen Tipp fir Firefox-benotzer:
wann ee schon emol, wei ech, een Passwuert an dei falsch Kescht agetippt huet, kritt een daat matt "Shift + DEL" erem ewesch (fonnt bei phlow).

de Mini-Z Sonnden

Net datt der mengt ech hätt de Mini-Z Sonndes-Nometten vergiess: Eis Piste ass elo färdesch, se ass nie färdesch, mee fir de Moment ass se mol gutt esou:


Kork ass sau sensibel, a pescht bis elo net gutt um Lino, mee d'ass een saugudden Belaag fir matt deenen klengen Auto'en ze fetzen. Hei sinn nach 2 Photo'en.

also eng gutt Afeierung derzou kennt der bei Mini-Z-Cars.de (nach keen AWD/4WD do) fannen, just esou zur Informatioun. Et kritt een elo ewell den Pajero Mini-Z Overland fir 77 € (+ ~18€ Versand fir Lux), leider kritt een de Mad Max do net mei, mee den Knight Rider ass nach emmer do ze kreien, sou wei ewell de Skyline Silhouette do ze fannen ass:



. Dee geif d'Buedemwellen guer net verdroen, d.h. de Kork a Fatzen rappen ;-)

Där kennt aawer och emol een Bleck an de Mini-Z Rayon bei Managertoys oder Monkeytoys werfen (Versand jeweils 8,50€). Wann der mei dovunn wellt gesinn :-)

Saturday, April 15, 2006

Cycling.lu


D'Geschäft ass jo schon e bessen op an elo gett et "Cycling.lu by Tom Flammang" och online. Ech wenschen ärch - Tom & Atti - datt der vill Velo'en verkaaft!

Modellbau iegendeen?

waar elo gradd op CultTVman gefall wou ech erem no Mini-Z gesicht hun :-)
do fennt een Modeller dei gemaach sinn wei hiert Vierbild aus dem Film, z.B. the yellow submarine:


oder den Tron-Cycle:


waat huet daat matt Mini-Z ze dinn:
ma den Mad Max Interceptor vum Scott Copeland z.B.:

oder deen aaneren Interceptor vum Scott.

Thursday, April 13, 2006

Peoples Archive

Zitat:

Do gesäit een a Bild an Toun dei aal Meeschteren erzielen waat se am Beschten kënne, sou vill Leit hun se nach net, mee git deem nach e bessen Zäit:

leider leeft daat nach net super bei mär (winxp sp2, firefox 1.5.0.1, qt 7.0.3), also hiere Video.

one red paperclip

one red paperclip

wow, de Kyle huet säin "recording contract" (en Album an engem kanadeschen Studio ophuelen) geint "1 Joer laang gratis wunnen" getosch.

Wednesday, April 12, 2006

Origami

bei make graad dee flickrset vum Joel entdeckt. Dee mescht erstaunlesch Saachen matt Pabeier, sou wei dei Mask:

Monday, April 10, 2006

e bessen Nonsense aus dem Netz

alles vum fucking blue boy:

- Devine ou je suis!
- The Easter Bunny hates you! (video)
- Whack your boss! (spill)

an hei ass och net schlecht: hannert der Intro vun Bleach verstoppt sech e Kuerzfilm am Senn vun Lauf der Dinge, daat heescht lauter Kettenreaktiounen. D'Musik nervt just seier...



wei schon gesoot, alles hei beim dafuckingblueboy fonnt.

Hu graad gesinn "Lauf der Dinge" ass och bei googlevideo ze fannen:

Sunday, April 09, 2006

Velo

eng saugudd a sauflott Photo, fonnt beim Phatblog, top Desktop-Background! :

Photo bei flickr. Vun esou eppes dreemen ech nach e bessen, lo gläich hun ech genuch a Mini-Z Karosserien investeiert...
Soss kennt nach Intense (5.5 EVP), Santa Cruz Nomad oder Maverick ML 7/5 a Fro, bon d'Lescht geet onendlech weider do ech jo nach dovunner dreemen: Seven, Lightspeed, Merlin, Ibis, Dekerf, Rocky Mountain, Sycip, Commencal, Proceed (eng kleng Lescht vun Links fannt der bei Mtbr.com), Yeti haat ech och nach nie een ;-P , net ze vergiessen: nicolai! an et ginn nach lauter aaner gutt Velosmarken wei Principia, Colnago a Klein...

Mini-Z Piste Evo II

Sou gesäit eis Piste dann elo aus:


Dei kleng Oofgrenzung ennen ass vir e Pitstop ze maachen :-)
De Belag ass Kork, an dei Schaumgummis-Tuben sinn ugeneelt. Mee dee Kork ass super, do hues de mega Grip! Do fiert sech deen hannengedriwwenen Modell baal sou gutt wei den AWD. Ech hun erem net genuch Photo'en gemaach, ech hun rem ze oft missen schrauwen. Well elo net mei vill ka gescheien - ausser d'Traap erooffaalen an sou weider - hun ech dann och emol de Subaru aus der Vitrin geholl (en ass och elo nach ganz) an e puer Tier niewend dem Lump sengem Morsche gedreint :

d'Photo'en a besserer Opleisung wei gewinnt bei flickr.

P.S.: de Speedchecker ass ze kuerz komm well mer un der Piste gebastelt hun. An d'Luuten vum Yaris sinn nach net färdech well ech ze lues sinn... An e Merci un de Pol datt en och mattgehollef huet.

cabspotting

bei boingboing hatt ech cabspotting fonnt. Daat ass eng real-time Koart vun San Francisco, dei vun den Taxi'en gezeeschent gett.
daat huet mech erem u Wigle erennert, waat nach emmer e super Service ass:

tribler torrent client

ech hun an der Lescht bitcomet benotzt, mee tribler klengt och gutt, Zitat:

  • Amazon-like recommendations to get interesting files
  • Doubling the download speed by using the upload capacity of friends
  • Real-time P2P file sharing with P2P video streaming
  • Showing the locations of other downloaders of the same content with city-level accuracy on a world map
waat mer do net gefällt ass "Amazon-like" + "showing the locations". De Projet ass vun 3 hollänneschen Universiteiten gemaach, mei bei tribler.org.

Wednesday, April 05, 2006

optesch Illusiounen dei 2.

ech konnt et net loossen, daat gesäit ze gutt aus [kuckt selwer!]:

http://mightyillusions.blogspot.com/2006/04/christopher-walken-illusion.html

(mettlerweil och bei make ze fannen, haut waaren och nach diy LAN-Kaabelen do...)

Speedchecker

de Speedchecker ass ukomm, dank ebay och saubellesch, bis elo just kuerz getest.


D'Batterien sinn nach net ganz opgelueden, net datt elo erem iwwer de Mini-Z AWD vun Kyosho gelästert gett ;-P ; de weekend wärt dann eng top 5 kommen :-) Posted by Picasa

[Update: 2WD erkennt de Speed Chekcer wierklech net.]

Monday, April 03, 2006

Gizmodo AeroGrow

AeroGrow ass ee klenge Goart fir am Haus, alles waat ee brauch ass Stroum a Waasser. Hei ee klenge Video dozou vu Gizmodo

e bessen Basket

NCAA Mens Basketball

Université Marc Bloch

e puer Photo'en vun der Université Marc Bloch fannt der beim poussainhaineuxdestras . Matt deem heiten geet et un:


Ma vill Spaass nach, weini dei nächst Suen fir Renovatiounen kommen steet an de Stären...

[Update: bei Flickr fennt een lauter Photo'en dei matt CPE markeiert sinn]

kuckt emol bei make

bei make sin erem sou vill Saachen, gitt einfach emol kucken, hei z.B. den Hangman (Vullefudder):

Soundpads

ass zwaar net mei nei, mee trotzdeem:

Sonic Impact, dei selwecht dei de gudden T-Amp produzeieren, maachen "Soundpads".

Deenen Soundpads feelt just ee Resonanzkierper, d.h. et pescht een se dohin wou een well, an dann huet ee Lautsprecher. Froen mech wei gutt daat fonktionneiert... (fonnt bei thinkgeek)

Photoen vum Spezialized Day zu Scheffleng

Där fannt lauter Photo'en vun deem Daag hei:

optesch Illusiounen

mei dovunner an all aaner Zort vun opteschen Illusiounen bei Mighty Optical Illusiouns.