Wednesday, March 29, 2006

meng drett Hand

wei gesoot:
dei huet mer schon vill Dengschter geleescht ;-)

Mr Carrilho


bei Drawn! fennt een emmer erem op eneits flott an interessant gemoolten "Biller". Fier all Gout ass eppes derbäi, z.B "scheckt de Bush op de Mount" wei ech et nennen, hei een Ausschnett (vum Andre Carrilho):

Pandora Online Radio

och gutt, ech kruut graad eng Email vu Pandora wouranner se mer mattdeelen datt se nei Saachen vum Brel J. hun. Dee Service ass jo och gutt, just dorunner mierkt een dann och wei oft se nei Saachen beikreien, bon ech hun och nemmen 7 "Radiostatiounen" (Artisten) do... Do et erreicht dei 2. Email vun Pandora ass well ech mech net bekloen, well Spam verschecken se net!

Monday, March 27, 2006

Sunday, March 26, 2006

Mini-Z Piste

wann alles gutt geet, wärte mer de nächsten Week-End eis Piste embauen. Alles waat net Piste ass gett aus Styropor erausgeschnidden ( + e puer Schanzen fir dem gangster säin 1:24 Monster Truck)


(dei komesch Foarw haat Piste (Styropor) net, a wärt se och net kreien, de Rescht ass ok. 8 Meter laang, 4,25 Meter max. breet (min 3,75; ennen ass Boxegaas, aus der Boxegaas eraus an direkt 90° riets Keier an dann Gaasss). D'Stroos ass 50cm bis max 80cm (an de Keieren) breet.

An eng Steilkurve muss och nach sinn, dei kennt ganz lenks oder ganz riets, daat musse mer nach kucken, den Parcours gett dofir och nach e bessen modifieiert.

Nach keng Aanung wei den Tunnel respektiv d'Breck soll gin. Ech misst nach e bessen 6mm Plexiglaas am Keller leien hun. Fir d'Piste haat ech a Foren gelies Regupol 6510 sollt gutt sinn, ass am Fong Dachpappe, mol kucken wou een bellesch dorun kennt. Kritt een och vir unzeleen, daat wier zimlech praktesch...

De Speedchecker hun ech emol bestallt, da gesi mer emol wei seier se wirklech sinn...

Mini-Z, waat dann Aanescht!

Jo haut waar erem Mini-Z Daag, (et keint een soulues Televie an Mini-Z embenennen), dem Lump seng Kreatiounen sinn erem ze schein fir domadden ze fetzen:

als 1. dem Lump säin TT:


dann den Lexus (ech haat Rosport Blue als Sponsor u Land gezunn ;-) an de Lump huet daat emgesaat:



ÄVRY WÄR RULES!:


De Subaru haat ech an der Staat gesinn matt engem AWD Chassis.


Haat de Yaris elo mol op den AWD Chassis gesaat, daat gesäit esou gutt aus wann dee fiert datt de Lump och elo vum AWD iwwerzeecht ass :-) De Yaris huet och schon seng Spiggelen verluer...
an dem Lump sain "Morsch" dee gläisch wärt gesponsert ginn, huelen ech emol un.

mmh, sooss nach: 1. well ech des Woch Luuten fir mäin Mini-Z maachen, d.h. mol kucken op ech een universellen Set kann zwaffen deen op all Karosserie passt, deemno wei maachen ech der direkt 2 bis 3, wann ech schon am gaangen sinn. Et feelen nach wäiss LED'en dei ech nach muss kaafen + "Knopfzellen"-Batterien.
2. Well ech emol den Subaru bespretzen, dee gett hechstwaarscheinlech vun Rocky Mountain (=bikes.com) gesponsert... mol kucken wei a waat daat gett...

Monday, March 20, 2006

e bessen racing feeling

aus enger Email (Merci Georges):

En 1976, après avoir terminé son dernier film, Claude Lelouch s'est trouvé avec une bobine où restait une dizaine de minutes non utilisés. Il a alors eu l'idée géniale d'organiser une espèce de course dans la capitale française. Sans demander d'autorisation à personne (eh, oui, cela a existé, il n'y a pas si longtemps que ça) et avec l'aide de quelques-uns de ses collaborateurs, Lelouch décide de tourner le film par un beau matin du mois d'août, profitant ainsi d'une circulation plutôt légère. Partant de la Porte Dauphine jusqu'à Montmartre, le trajet choisi est un des plus beaux de la plus belles des villes : Av. Foch, Place de l'Etoile, Champs Elysées, Concorde, Louvre, Opéra, Pigalle, Montmartre. La voiture est une Ferrari 275 GTB, du metteur en scène lui même. Le film a presque 9 minutes, en pleine vitesse par les rues de Paris, et il est dit que, lorsqu'il a présenté le film au publique, le metteur-en--scène a été interrogé pour donner des informations sur qui aurait piloté la voiture. Il a répondu qu'il s'agissait d'un pilote de F-1, mais s'est refusé à révéler son nom. Plus tard, après des investigations, la police parisienne est arrivée à deux noms, Jacques Laffitte et Jacky Ickx. Vous pouvez cliquer dans le link sans crainte. Attendez le téléchargement et puis un double click sur le petit écran du film pour l'avoir en plein écran. Fermez les volets, si vous pouvez (la scène a été filmé au petit matin), et mettez bien le son.

Sunday, March 19, 2006

Specialized Demo Day zu Scheffleng

haut ass Specialized zu Scheffleng, et kann een em dei 10 Velo'en testen
mei fennt e bei funriders.lu, S-Cape vu Reiden oder hei.

vill Spaass

Saturday, March 18, 2006

net nemmen Mini-Z fueren futti

[Update: Ech hun d'Leit an d'Auto'en manner seier identifizeierbar gemaach..., leider ass den Account bei Flickr scho rem voll, dofir sinn d'Biller just hei]




(Merci Lump). Passt bei Exotic Wrecked Cars.

007 Transit Luxembourg


flickr-set hei, matt mei Photo'en (merci Georges)

test 1.0a

wees och net firwaat, mee anscheinend muss ech bei flickr agelogged sinn, eh ech hei Photo'en kann "posten"....:


weider Mini-Z Photo'en hei.

test

mmh, daat ass elo nemmen gaangen well ech bei flickr agelogged waat..., vläicht haat ech doweinst Probleemer

problemer

bei allem waat ech haut um boxeschesser wollt maachen haat ech Probleemer, d.h. wann ech duerno wollt kucken wei de blog ausgesäit kruut ech net vill ze gesinn, wees net op daat u Blogger läit oder u mengem Browser..

zur Oofwiesselung mol Mini-Z:

:-) ferrari


"Super Saving Shipping" klengt gudd, froen mech waat super gesaved ass dorunner, :-) haat net geduecht datt Ferrari vill Saachen enner 250€ hätt :-P

de leschte Mini-Disc?

Et gett gemunkelt datt Sony och elo ophällt Mini-Disc'en ze maachen, elo geif dann gläich de läschten Modell erauskommen, an Form vun engem portablen Hi-MD-Recorder/Player:

anscheinend kann een schon een reserveieren, 349€ ..

Friday, March 17, 2006

och net schlecht

Radioblog ass am Fong een Webradio (oder Audiostreamer), (fonnt bei flm, via mondoperfecto)

Thursday, March 16, 2006

Mini-Z AWD = Cramé


geschter Kurrelager agebaut, duerno ass de Motor net mei gaangen;
haut de Motor ausgebaut a getest: Motor geet;
do hun ech geduecht ech hätt geschter d'Kaabelen verdreint.
Do hun ech se haut erem verdreint;
10 sekonnen, do huet d'platine gedämmt...

daat heescht et waar alles richtech mee d'Platinn haat souwisou eng matt der Dänn well geschter de Motor schon net gaangen ass, an aawer alles richtesch agebaut waar;

lo kann ech den MR-01 mol mei (leider) testen, mee AWD ass sou top, ech kann deen net esou do stoen gesinn;

d'Platinn steet bei kyosho.de fir 90€, den kompletten Chassis fir 149€
do ech souwisou fir 32 € (+Post) Plastiks-Ersatzdeeler brauch, ass d'Rechnung relativ seier gemaach...

jeje

bis dann

Sunday, March 12, 2006

Mini-Z Mini


sou lo kann ee gläisch mam Mini fetzen. Eeen eischten Test huet en iwwerstaanen :-)

Mee Kyosho brengt och esou vill originell Modeller eraus z.B den Skyline Japan Police:

oder den RS-2000



fonnt bei dem Teddy Lin.'s sengen Photo'en.
D'WRC Modeller gesinn och super aus, dann gefällt mer nach den Lotus Europe, deen aalen eckegen Skyline an de Yaris (normalerweis fannen ech deen net derwärt, mee um Mini-Z fannen ech daat schon witzech).

Wann der nach mei Modeller wellt gesinn da kuckt emol bei Mini-Z Shop.de (och op "Sondermodelle" klicken...) oder bei Managertoys.de.

vun intelligenten Deieren

e klengen Video vun schlauen Deieren (fonnt beim fucking blue boy):

Tuesday, March 07, 2006

keen IT-Crowd mei, dofir 1 Ersatz

Ech hun des läscht leider missten feststellen dat "The IT Crowd" net mei bei googlevideo ze fannen ass. An leider och net op der offizieller Säit vir all auslänneschen (jiddereen deen net op der Insel lieft) Internetbenotzer ze gesinn ass.

Dofir als Ersatz, eng Stonn Top Gear Olympics 2006 (Top Gear Homepage).
Och wann der keng Loscht hutt sou laang ze kucken, klickt einfach mol play, well an deenen eischten 60 Sekonnen kritt der emol een klengen Virgeschmaach, an duerno gett et nemmen besser. Ech hun erreicht 12 Minutten gekuckt, dofir kann ech net mei doriwwer erzielen. Wann der wellt zappen:

~ 2"40' - gutt Musik + e Volvo
~ 5"40' - Biathlon = SUV + AK-47 ;-)
~ 9"30' - den Schluss vum Biathlon
~ 10"40' - de Verleierer fresst "Golden Snow"

ech kucken lo mol weider:

Sunday, March 05, 2006

Mini-Z Nometten


Eis Piste ass elo opgepescht. Als Leitplanken hun sech Meteren bewärt, et därf een se natirlech net de falschen Wee benotzen :-) Alles matt Duck Tape fixeiert, de Linoleum huet nach e puer Faalen (2 Senner vum Wuert treffen do zou), mee bon mär fueren jo och net F1 hei - ausser d'Juxlait-Team, deen S2000 leeft sauseier!!
Tuning ass do net vir näischt, hei eng plastiks Felsch vum S2000:


Hei lung nach een Mini vun Tamiya 1:24 ronderem, lo probeieren ech deem seng Karosserie op Mini-Z emzebauen:


geet nett esou ouni weideres, mam Radstand schengt et jo ze klappen, mee lo ass keng Plaatz mei do vir de Fiederwee. Dei breed Pneu'en a Felgen gesinn do och krass aus. Hun nach nie matt Spachtelmass modelleiert, mol kucken waat meiglech ass...

.Hei nach e puer Mini-Z Photo'en.

eng Lektioun Physik

Daat heiten fannen ech erem netzlech, beim Phishkneght Extended fennt een Linken fir Video'en vun den Physiks-Cours'en um MIT (RealMedia-Format).

Friday, March 03, 2006

Google Epic by Aperto

Grad bei IT&W fonnt a gekuckt. Eng schlecht Zukunft vir d'Medienwelt?

Kuckt deen klengen Video: Google Epic !

Juxlait






Wann der nach keng Loscht op Mini-Z kritt hutt, hei nach 2 Kreatiounen vum Lump, den Juxlait S2000 an den "Dunebuggy"

Thursday, March 02, 2006

Luxusbuerg

waat et net alles gett, z. B. Luxemburg Luxury Design. Ech kruut graad de Link vum Sepp, (Merci gesoot), Luxemburg Luxury Design. Engrish anyone? Firwaat net Luxembourg? Sou daat ass genuch Schleichwerbung ;-)