Saturday, February 25, 2006

Fussball

oh jee d'FIFA gett jo och emmer besser, lo sollen dei däitsch Medien Fussbal schreiwen ampplaatz Fußball, weinst dem Copyright.
Daat an nach vill mei absurd Saachen zur Fussballeltmeeschterschafft fannt där am Artikel doriwwer vum Thomas Knüwer.

(fonnt duerch den Telepolis Artikel: Mal eben um's Blog)

Friday, February 24, 2006

Pinches chinos

Piches chinos daat ass een spueneschen Blog iwwert chinesesch Produktpiraterie, den Ennertitel ass "La Biblioteca en Linea de la Pirateria China". Am Moment scheint Speiderman a China in ze sinn... Mee do fennt een vun allem... PEZ-Imitatioun, Hummer-Klon, Beier, dei maachen einfach alles ;-) souguer rechteckesch Waassermelounen:

Was ist Karneval


Excellent, ech well mech net zevill widerhuelen dofir rooden ech ärch just op de Link ze klicken an deen Video ze kucken! (by Ehrensenf).

The Brazilian XC Skier

The Brazilian XC Skier

gotta read this!

Thursday, February 23, 2006

gutt nei Musik fannen

Ech haat ärch schon drop opmierksam gemaach, mee well et sou gutt leeft alt nach eng Keier:
probeiert Pandora emol aus, gitt een Musiker oder een Lidd an, an Pandora fennt Lidder dei dobäi passen.

leeft am Browser, oder an enger klenger Fenster ausserhalb. Play, Pause, Skip, Volume. Mei brauch een do och net...

Zur Informatioun d'Pandora FAQ an zu gudder Lescht den Pandora Blog.

een aanert Keyboard

Leider ass d'Optimus Keyboard nach net eraus, mee dofir ginn et jo aaner Saachen, z.B. den "DX1 Input System" vun Ergodex. 25 Tasten deis de ganz configureieren an plazeieren wei a wous de wells... Keint mei Tasten hun, misst dann och mei grouss sin, an keint och een Graphiktablet (Touchscreen) integreiert hun fannen ech... ;-P

[Update:
System Requirements:
enner aanerem: USB English Keyboard.............. (jiddereen denkt sech säint)]

(fonnt bei Thinkgeek, merci Sepp)

de Ron DeCort

de Ron DeCort ass een Auermecher. Interessantes doriwwer fennt een bei Timezone, do ass dem Ron säin online Notizblock, wou heen deier Aueren auserneen hellt, repareiert an erem zum laafen brengt.

"Tourbillon cage, movement side. Note: the balance is free-sprung, with no regulator." Ron DeCort.

Do gesäit een och emol firwaat dei Aueren sou wertvoll sinn....

Bird Hand Book


Sauflott Photo'en. Kuckt ärch d'Bird Hand Book mol un!

Bitty

De Bitty Browser ass och eppes waat praktech ka sinn. Net nemmen well een Bitty an Websäiten kann integreieren, mee och well deen Browser ewei eng Proxy ageiert. An domadden kann een dann Säiten kucken, wou een normalerweis net gesäit, well een duerch seng IP net zougeloos gett.

Pimp my Church


"Jesus plugged in" kenne mer jo schon;

ech konnt mer et einfach net verknäifen :-)

Tony Royster Jr

Hei nach een Drum-Solo vum Tony Royster Jr. (matt 12 Joer).



(merci Lump)

niewenbäi

"IT Crowd" ass mettlerweil bei Episod 5 ukomm.
Dei 2. Episod haat ech net esou gutt fonnt, mee de Rescht ass aawer erem super.

Natirech sinn dei och bei Google Video ze fannen: Hei de Link.

Dann ass nach ze bemierken datt Ehrensenf nach emmer kuckenswert ass.

Sunday, February 19, 2006

Spiller fir Grouss a Kleng ;-) RC, Schach, ze Rescht

do et d'Spielwarenmesse och gett, haat ech geduecht ech integreieren daat einfach esou nach heidrann:

Do muss ech eng Keier hinn,also d'Spielwarenmesse (2006) dei ech mengen, ass zu Nürnberg, (mol kucken, d'nächst Joer dohin an dann op d'TEFAF ;-)) D'Foire zu Nürnberg gett et och schon laang, dest Joer vir d'57zechst, an och grouss, hei de Plang. Bon Poppen an Karnevalsartikel vergissen mer mol seier, mee beim Rescht fennt een bestemmt interessant Spiller.

Mee vill Berichter, bzw. Artikelen doriwwer hun ech net fonnt, bei Boardgames sinn e puer Links dozou. Bei Spieletest.at ass relativ vill dozou ze fannen, relativ, well meeschtens just iwwer Briedspiller ("Brettspiele") geschriwwen gett, ok iwwert de neien Lego fannt der och do eppes, mee ferngesteiert Saachen, Maquetten? Maquetten waaren bei Modelluniversum eng iett (oder ass et ihett/yett (???)), mee greisstendeels just Armeis-Modeller: 1 - 2 - 3 - 4.

Allgemeng Biller fennt een bei Spieletest enner "Impressionen" 1 - 2 - 3 - 4

den SWR haat och Leit dohinnergescheckt, dofir hun ech d'Fußbal-Luder fonnt :---)))

muss een de Pink Panther sou messbrauchen (d'Bild ass vum SWR, hei nach 4 Fußball-Luder)?

Ech hun graad gelies datt d"Internationale Spieltage" zu Essen mei Leit unzitt, ech hun dei graad erreicht kennegeleiert, dofir de Link dozou.

Iegend een Briedspill waar do ze gesinn watt eng Meschung aus Schach an Damme, (2 bis / oder 4 Spiller) waar, fannen de Link lo leider net mei, mee daat ass dann meng "Transition" zum Schachdeel:
D'Schachgesellschaft vun Merzesch huet ee Blog: "en passant", doriwwer haat ech den SC vu Grünzburg fonnt, do kann een Blitzschach oder een 3er antippen, ech kann d'Schachsprooch nach net gutt genuch fir mattzemaachen... mee ass gutt gemaach.

Elo meng aal Notiz: "Ferngesteiert Gimicks"


ha Kyosho huet nach vill welles, d'ass schon mei laang eraus mee trotzdem kennt där de Manoi vläischt nach net. MANOI Säit vun Koysho. E klengen Roboter deen och nach athletesch soll sinn...


Ass wuel een AIBO-Ersatz well dei gin jo och futti... ;-)

Friday, February 17, 2006

iwwert ee gehaasstenen Fresch

Nodeems ech deen Artikel iwwer d'Evolutioun vun de Freschen an Australien (bei Telepolis) gelies haat hun ech missten bei "Cane-Toad" kucken goen. Sou nennen sie och deen Fresch, kuckt de Film hei.



Standbild aus dem Film Cane-Toad vum Andrew Silke an dem David Clayton

modern Konscht?


oder ass et just een neien Stänner, fonnt bei TechEBlog.

Thursday, February 16, 2006

Iwwersetz!

also am internet gebraucht een jo meeschtens eng aaner Sprooch wei des. Ech kennen der och net immens vill, mee hun bis elo just Pons (ennen bei PONSline d'Wuert aginn an d'Sprooch wielen), Leo (just vun DE op FR/EN) & Babelfish (vun altavista) benotzt.

Mee haut hun ech duerch Ehrensenf den AJAX Translator fonnt, ass wierklech sou einfach, an fonktionneiert och nach gutt. Leider kann een maximal 150 Buchstaawen aginn, also eischter fir SMS'en. Wierklech schued, mee daat fonktionneiert esou gutt datt ech ärch trotzdeem rooden et emol auszeprobeieren!

Wann nach een aaner gutt Online-Iwwersetzer kennt, egaal wei eng Sprooch, loost et mech wessen w.e.g.

Wednesday, February 15, 2006

Secher ass Secher

Där huet dei Reklam bestemmt schon um Fernseh gesinn, mee fir secher ze sinn ;-) hei de Link: Sicher.de. Dann ennen bei "Crash!Boom!Bang!" op "Los gehts" klicken.

Tuesday, February 14, 2006

engrish

den Jon Rahoi photografeiert alles wou Engrish drop steet. Engrish ass wäit verbreed, fennt een bestemmt och hei zu Lëtzebuerg, als Beispill d'Photo vun WikiPedia dozou:


an 1. vum Jon:

aus senger Kollektioun vum Januar 2006.

[Update:

Ech waar e bessen blann, well eng Engrish.com -Säit gett et och schon mei laang (Merci Pa), dofir well et esou flott ass nach eng Photo vun Engrish:

]

dj BC presents The Beastles

Den DJ BC huet d'Beatles matt den Beastie Boys gemixt, dorausser sinn d'Beastles ginn. Ech mengen jidderen deen 2manyDJs gutt fennt, dee kann och eppes matt the Beastles, oder besser gesoot matt esou Mash-Up (oder Bastard Pop)-Alben eppes ufänken.



Eppes ganz Aanescht: Nina Gordon sengt "Straight out of Compton" vun N.W.A., lo versteet een den Text och emol wärten verschiddener denken ;-)

zefrank

Eng kleng Parodie zu der "Oil Addiction" vun den Amerikaner vum "zefrank".

Monday, February 13, 2006

Songbirdnest

Songbirdnest, huet schon een deen Program getest?

Hier Beschreiwung:

Songbird plays the Web. Play any MP3 on the Web without leaving the page. Songbird can view Web pages as dynamic playlists that it can play, save, or automatically download every day. Songbird plays your music too. Songbird has all the features you expect in a desktop media player. And Songbird constantly improves. Like Firefox, Songbird's features may be improved with user installed and contributed cross-platform extensions.

Ech muss daat emol testen, a kucken op daat elo eppes wei iTunes ass (waat ech net well!).

Web 2.0 bei Flickr.

Audiostreamer haat ech nach gewisen kritt, ass och net schlecht. Dee leist dech d'Radiostatiounen dei's de lauschters och ophuelen... Leider net gratis.


a bei SketchSwap, kanns de däin Gekritzels geint een aanert tauschen, ass alt esou een Web-Gimmick ;-)

daat wier et schon vir haut.

Computerfirmen oh jee

Bonjuer,

Där hutt et vläischt schon mattkritt , Microsoft präpareiert seng nächst Windows-Versioun. Ech hoffen där sidd nach zefridden matt ärem aktuellen Windows-PC.... well ech wees net op der deen neien Windows wellt/braucht/kennt gebrauchen, well Microsoft leist nemmen nach Driver'en drop laafen, dei vun hinnen zertifieiert sinn. Natirlech kascht daat och nach, vir datt dei kleng Entweckler keng Chance hun. (Artikel vun PC-Magazin)

Datt Microsoft deenen klengen Entweckler keng Chance well ginn kennen mer schon vun hierem DRM (Artikel bei Boing Boing), Zitat:

"The bombshell was Amir's explanation of the reason that his employer charges fees to license its DRM. According to Amir, the fee is not intended to recoup the expenses Microsoft incurred in developing their DRM, or to turn a profit. The intention is to reduce the number of licensors to a manageable level, to lock out "hobbyists" and other entities that Microsoft doesn't want to have to trouble itself with."


Et kannen nemmen besser ginn... Z.B. well Microsoft esoulaang brauch fir säin Windows erauszebrengen, hun se schon eng Lotterie (oder ass et russesch Roulette? Et ass jo vläischt tatsächlesch Vaporware, Artikel vun Wired) dozou gemaach. Root weini deen neien Win lanceiert gett an du gewenns eng Rees zum "Event"!

Mee den Hit vum Daag, ech kann et nach emmer net gleewen: Anscheinend kanns de keng HDTV Filmer op dengem PC kucken, ausser du keefs een komplette Kit vun, lossen mer mol soen Microsoft, oder wei am Artikel nach steet, vun Dell.

The Great HDCP Fiasco ass mäin Hit vum Daag.

De Firing Squad wollt testen, wei eng Graphikkart schon op d'Zukunft virbereed wier, daat heescht HD-DVD oder BlueRay keint oofspillen. Tjo den Test waar mei seier eriwwer wei geduecht. Well keng Graphikkaart huet deen "richtegen" HDCP-Support. Bon et ass jo nach e bessen frei vir vun BlueRay an HD-DVD ze dreemen, mee wann daat esou weider geet, dann "kucken mer d'Filmer eben erem op VHS", wei de Mondoperfecto soot.

Thursday, February 09, 2006

The IT-Crowd

The IT-Crowd ass eng englesch Sitcom, aktuell ass Episode 3, wou een gesäit waat am IT-Department sou lass ass.

Dei eischt Episode gett et och bei Google Video; Give it a try ;-)



by Channel4

Wednesday, February 08, 2006

HTML ass alt esou eng Saach

Ech hoffen där gesidd des Säit ewei soss och, wann net schreiwt emol Reklamatiounen w.e.g.

soss kann een nach riets op "Archives" op den aktuellen Mount klicken, dann kritt een dei neitsten Saachen gewisen...

Ech wees och net firwaat een net direkt dei aktuellsten Saachen gewise kritt.

you should see a Lancia Stratos [free imagehost test]


let's test. You should see three pictures of a Kyosho Mini-Z Lacia Stratos (first generation).

[IMG]http://www.files.bz/files/3121/my nikon s2 pix/DSCN0911.JPG[/IMG]
[IMG]http://www.files.bz/files/3121/my nikon s2 pix/DSCN0914.JPG[/IMG]
[IMG]http://www.files.bz/files/3121/my nikon s2 pix/DSCN0913.JPG[/IMG]

do murphy's law och nach aktuell ass, gräifen ech emol op mei bewärten Mettelen zereck:



Sunday, February 05, 2006

e bessen Velo

- eng Velossäit, dei ech an der lescht oft kucken ginn, ass Light-Bikes. D'ass jo net datt ech emmer dei Saachen weilt dei do sinn, well een Carbon-Kettenblaat fannen ech Nonsense (ass just fir scheinzemaachen...), mee fir ze kucken waat meiglech ass. Oft sinn Saachen do dei selwergemaach sinn wou een sech dann dei eng oder aaner Idi kann erauspicken.

- Do haat ech dann och gesinn dat dei nei Principia-Säit online ass. Ech besetzen zenter '96 een Principia MacB (naja as deen 2., kruut deen 1. op d'Garantie ersaat well kleng Rëss bei de Schrauwen vum Bidonshalter entstaanen sinn) an sinn deck zefridden domadden, enner aanerem huet en Todtnau an Flims/Laax (Alpenarena) iwwerlieft. Ech muss dozou soen alles un deem Velo ass vun deemols, mee ech sinn mei schweier ginn (vun 61kg op 75kg, ass jo och schon e bessen hier ;-).

- dann den "Plus One Lap"- Blog, (fir Outsider: eng Cyclo-Cross-Course dauert meeschtens 1 Stonn + 1 Tour). Daat ass een Amerikaner deen iwwert seng Cyclo-Cross-saison schreift, mee och nach aaner flott Saachen vun deem Sport weist... Bei him haat ech dann och den Link zum Nathan Spear fonnt. Ech kennen deen net besser wei där, op senger Säit fennt een Video-Fichier'en vun de leschten (net all, mee d'Weltmeeschterschaft 2006 ass z.B. derbäi!) Cyclo-Cross-Coursen. Wärt ech mer och nach eroofzeien... ;-)

- ween singlespeed gutt fennt kann och emol beim phaty laanschtkucken. Heen huet mech agelueden fir am flickrpool girls on bicycles! mattzemaachen, ech hun daat och akzpeteiert mee leider nach keng Photo fir dohin fonnt, um PC hun ech net vill Fraen op Velo'en... Dofir op där heiter Plaatz een Opruff u meng Lieser, wann een Photo'en matt Girls on Bicycles huet, scheckt mer se op boxeschesser [at] 30gigs dot com. Dei eenzech dei ech esou direkt hei fannen ass eng vum Kelly S(mei wees ech net mei) vun MountainbikingUK,



d'Kelly fiert och Velo, mee hei ass eben eng op engem Moto, an ech mengen wrestlen huet et och gemaach fir den eXtreme Sports Channel am engleschen Sat. Ech wärt deemnächst emol erem aal Zeitungen duerchkucken fir e puer Photo'en eranzescannen...

- vläischt pickt daat och keng Sau mee ech hun graad gemierkt dat et Dugast nach emmer gett. Do sinn ech e bessen pafffffff (matt 7 F) well virun e puer Joer (4-6?) waar gesoot ginn se geifen ophaalen matt Boyau'en produzeieren. Ah jo, pardon ech haat vergiess de M. Dugast mescht Boyau'en, an ech well net iwwerdreiwen mee Dugast sinn dei beschten Boyau'en dei et ginn. Heen mescht och ewell MTB-Boyau'en, du muss em just de Profil ginn :-) wann daat net op d'Moos ass. Et gett natirlech Näischt fir näischt, ass jo och handgemaach...

Friday, February 03, 2006

e bessen Nonsense




fonnt bei kunstemæcker (Numm verbessert).

The Religious Policeman

The Religious Policeman

Gutt ze wessen datt et nach Leit gin dei iwwert sech an d'Welt laachen kennen. De "Religious Policeman" ass een "Saudi" deen derwert ass gelies ze ginn, am Moment wou sou vill Polemik ronderem dei dänesch Karikaturen , aus der Zeitung Jyllands-Posten, ass. E Link zu hieren Artikelen doriwwer.

An dann faalen nach Leit op sou eppes eran - wann een dat esou ka soen-, oder wei erklärt ee sech soss datt de Chefredakter vun France Soir entloos gin ass? As deen just entloos gin well heen d'Publikatioun vun deenen fameisen Karrikaturen erlaabt huet?

Et freet een sech erem wou mer liewen...

Just zur Informatioun,
den Artikel doriwwer vun Telepolis ass och gutt.

A kloer ass jo och dat d'Amien geint dei Publikatioun sinn. Hahaha dei hun näischt besseres ze maachen.

Thursday, February 02, 2006

Top Gear

Ech probeieren deemnächst och d'Thema ze wiesselen, mee daat heiten hun ech erem zevill gutt fonnt:



Top Gear ass esou eng gutt Sendung :--))

bei google video fennt een baal 200 Video'en vun Top Gear
, heiansdo ass och eng ganz Sendung drop (1 Stonn!).