Monday, January 30, 2006

Pimp our Mini Z



ee GROUSSEN Merci un de Lump! Elo kenne mer se emol ennerscheeden :-)


Eng eischt kuerz Beschreiwung vun eisen neien Spillsaachen: 2x Kyosho Mini Z AWD.

An der Kescht ass alles ausser Batterien an een Chargeur. E puer normal Batterien kaaf a lass geet et, e puer ass gutt gesoot: 8 x AA fir d'Fernsteierung + 4 x AAA fir den Mini-Z.

Aiaiai waat daat fetzt :---) Also op normalen Plättecher huet et keen Wert ze fueren, do dreint en nemmen duerch an ass baal (show me the Driftmaster ;-)) onkontrolleierbar. Um Teppech, naja oofgesinn datts de lauter Hoer an d'Rieder kriss, huet den Auto net esou vill Grip (zumolst matt eisen Standard-Slicks...), daat hängt natirlech och vum Teppech oof... Dofir Späicher e bessen emraumen, mol do um Linoläium probeiert. Tip Top, ech muss de Lino nach fixeieren, well elo sinn nach e puer Faalen dran. Och kuerz dobaussen probeiert, direkt Steng an den Zännrieder beim Motor dei fräileien, huelen un do ass op vir de woarmen Motor oofzekillen... Fetzen maachen se op alle Fall schon gutt/seier genuch, Zitat vun Dans Data:


Obschon do muss gesoot sinn datt Kyosho een e bessen duercherneen mecht, well eis Mini Z AWD sinn 1:28 Modeller (wei all (?) Mini Z, matt engem Radstand vun 94mm, verstellbar op 90mm), mee hier Karosserien (heescht do "Autoscale") sinn 1:24, an se passen aawer drop... Mär haaten een 1:24 Fujimi Honda NSX bei Hand, an probeiert mee deen passt aawer net esou ouni weideren Tuning drop. (Fujimi haat ech nach net kannt, fannen leider keng offiziell Säit dei ech verstinn...)

Seier sinn se op alle Fall, de Spoiler/Pare-Choc fir ass schon zimlech mattgeholl (no 3 x 1 Stonn fetzen), soss ass aawer nach alles an der Rei. Dofir ass daat elo eis Trainings-Carosserie. ;-) Lo hu mer normal Meter'en (net dei fier bei Beier, Globi!) ronderem d'Piste als Leitplank, ass net schlecht well et fiedert e bessen, mee ass nach ze hoart... Apropos Fiederen, dei beim Auto quietschen e bessen dofir matt e bessen Bitzmaschinenuelesch nogehollef.

De Mini-Z Basement Club huet och eng fein Piste... an e puer Videoen.

Lo mussen mer mol leieren dei Auto'en ze beherrschen.

(zur Info nach eng gutt Beurteelung vum Mini Z vun Dans Data.)

Nach e puer Photo'en vun de gepimptenen MINI Zs.

zum Oofschloss nach 2 Maquetten vum Lump:


perseinlech hun ech Antigel jo net gär, mee den Antigel Racing Team gefällt mer aawer :-)

Sunday, January 29, 2006

Intelligenz vs PC

Ech hoffen där interesseiert ärch fir Schach? Wann net, och gudd, vläischt fir Computeren? a vläicht künstlech Intelligenz?

Ok, hun just graad deen Artikel bei ExtremeTech fonnt: Project Deep Blitz. Also daat soll lo keen Krich sinn, ech sinn Pacifist, "Deep Fritz" setzt sech zesummen aus "Deep Blue" an "Fritz", (et fennt een mettlerweil och Fritz 9 (mam virtuellen Schach Türk) oder Deep Fritz). Deen 1. waar een Projet vun IBM, e puer Zitater aus dem Artikel well et esou flott ass:

By beating the World Champion in a six-game match in 1997, it was finally proved that a brute force search of chess moves is superior to the most sophisticated human conceptual understanding of the game and superior to the ability of the most skilled humans to calculate chess moves.

"Brute Force" ass nett fir näischt bold, ech well just drop hiweisen: Aass Intelligenz "brute force" ? (Lo so mer nach den doubleU keint Schach spillen... );

(mee bon et geet elo net em den W, den Artikel ess wierklech informativ:)

It's no wonder that IBM denied Kasparov a rematch because if Deep Blue had lost IBM would have to have invested substantially more money to win the next match.

an bis dohin haat daat schon vill kascht:

the cost of the Deep Blue project from 1985 to 1997 is estimated to have been over $100 million.

waat bestemmt och schon gudd konnt rechnen:

resulting in a grand total of 1.15 billion transistors.

an do de Kasparov och net mei domm gett... :-) huet IBM mol leiwer: "NEE" gesoot.

just nach een Graphik, deen duerstellt weivill Schach-Positiounen een rechnen kann ab engem bestemmtenen ELO-Wert (matt ELO gett de Ranking vun de Schachspiller ausgedreckt).:



[Update: haat nach vergiess waat weivill Punkten brengen, dofir fräi aus Wikipedia eraus:

  • >2700 Supergroßmeister
  • >2600 Weltklassespieler
  • >2500 Großmeister
  • >2400 Internationaler Meister
  • >2300 FIDE-Meister.
  • >2200 Nationaler Meister
  • >2000 Meisterkandidat
An et geet em de Project Deep Fritz, d.h. een PC ze bauen, deen leeschtungsfähesch genuch ass fir een Supergroussmeeschter ze schloen..., dofir liest weider.


[well deen System net schlecht ass gin et mei ELO-Wertungen, och wann se net offiziell sinn wei z.B. dei vum Fussball... (natirlech ass Letzebuerg do och dran).] ,]

Saturday, January 28, 2006

sinn daat elo Suen zur Fenster erausgehäit?

Och net schlecht: ab dem 3 Februar kennt der probeieren den Message vum "SuitSat" ze empfänken. Also do hun e puer Astronauten geduecht, oh mer hun hei nach eng "Uniform" ronderemleien, komm mär bastelen emol een Satellit dorausser. Relax, ech froen mech op een net mei bellesch Satellitten kann aussetzen, well hier Spacesuit kascht bestemmt esou vill wei dei Rolex dei emmer matt dobäi ass... [Hei steet (PDF) eng Spacesuit geif em dei 2 Milliounen $ kaschten wann een nemmen eng mescht, Serienproduktioun gett natirlesch mei bellesch].

Mee bon fir besser PISA-Resultater schafft een matt allen Mettelen ;-) Mei Info zu deem Satellit bei suitsat.org.

Thursday, January 26, 2006

nach een Auto, mee mei seier



fonnt bei Kmini 2.0 op der Videosäit, waat iwwregens och een originellen Auto ass :-) Gitt rouech emol kucken: Link zu de Video'en

Wednesday, January 25, 2006

no sou vill eeschten Saachen och emol eppes fir ze Laachen

den Typpchen huet säin Fiat emgebaut, den Auto gesäit aus wei wann e geif hannerzesch fueren, mee d'Windschutzscheif ass eben lo an der Mall :--))

an Däitschland gett geint d'GVU ermettelt

D'ass d'Woch vum Copyright sou wei et hei ausegesäit:

wei der bei heise kennt liesen waar virgeschter an Europa eng grouss Razzia geint "Raubkopierer". An Holland, Eisterräisch, Polen, Däitschland an an der Tschechei sinn Heiser duerchsicht ginn.

Kuerz drop dei interessant Nooricht: bei der "Gesellschaft zur Verfolgung von Urheberrechtsverletzungen (GVU)" sinn och Saachen duerchsicht ginn. Daat ass jo net schlecht wann dee Club, deen am Fong soll kucken dat keen copyright-geschützten Daten sollen kopeiert ginn, selwer P2P-Gemeinschaft matt Hardware an Suen bestecht...

den norwegeschen Ombudsman ennersicht itunes

ha, daat heiten passt jo gudd bei meng lescht Notiz iwwer DRM:

Den Ombudsman ass gefroot:


Op der Säit vum norwegeschen Konsumentenroot steet dann och datt net nemmen itunes betraff ass:

Since many other download services like CDON.com, prefueled.com and MSN.no operate with similar terms of use the Consumer Council of Norway has requested that these services are also put under review for potential breach of the Marketing Control Act.
Daat ass jo mol een Ufank, mol kucken wei et matt der Piratpartiet steet.

een gudden Artikel iwwer DRM (Kopischutz)

Am "The Inquirer" fannt der ee gudden Artikel deen beschreiwt ween vun DRM (a.k.a Kopischutz) alles profiteiert. An daat sin net d'Musiker well hier Musik manner kopeiert ka ginn, mee natirlech dei deck Plakkenlabelen... Waat dann Aanescht?!

Bicher kennen och mei modern ginn

Wei ech graad gemierkt hun, kann een bei O'Reilly schon an verschiddene Bicher liesen, obschon se nach net veröffentlecht gi sinn. Du muss natirlech bezuelen fir dei Bicher ze kucken, mee wanns se publizeiert ginn kriss de och eng Kopie dovunner.

Monday, January 23, 2006

d'Blogbuerg



[Update:] Firwaat steet daat hei? Well ech nach net richtech eens ginn matt HTML. Fir daat an d'Sidebar anzesetzen wollt Blogger een Online-Link vum "Icon", an do ech net op Egaalwaat selwer wollt verlinken, hun ech een Upload vum Bild gemaach, also hei, an duerno de Link a mengem Template agesaat.


[2. Update:] hun e bessen um HTML gepiddelt

Sunday, January 22, 2006

Hydro-Foam

Am Juni 05 ass ee Video (bei Putfile) vum Micheal Connally um Internet opgetaucht dee vill Leit begeeschtert huet. Am Video sinn 2 ferngesteiert Hydro-Foam-Fliiger-Booten ze gesinn. Nee ech hun mech net verschriwwen, daat ass ee Boot waat och fleien kann well et immens liit ass. Deen Apparat weit nemmen 300 Gramm, daat ass meiglech duerch d'Materien dei benotzt ginn, Hydro-Foam, ass daat selwecht wei Depron. Depron ass Styropor deen och am Fast-Food Beräisch benotzt gett ;-) De Motor kennt aus engem CD-Laafwierk dann feelen Akku'en an Servo'en fir ze renkelen an dann fetzt daat.

Genuch Liesmaterial fannt der an de verschiddenen Forumen:
free plans for the hydra-foil;
Flugboot???;
Miss Fanfoid;
RC Fanfold;

e puer Pläng;

bis elo waar alles delwergemaach, mee sou lues kanns de och däin Geld domadden maachen:

1. vun Walkera relativ deier, mee d'Fernsteiereung ass derbäi;
2. de Speed-Up, mei bellesch mee bon waat hällt daat aus?;
3. och ewell vun Graupner; Graupner ass leider down soss geif ech mei doriwwer schreiwen.

nach e puer Modeller dei nett super ausgesinn: 1, 2, 3.

nach e puer Videoen:
1 RC Gallery;

an bei Hydro-Foam.de fannt der alles beieneen.

[Update:] Ech haat vergiess ze schreiwen datt ech an deem däitschen Forum och de Link zu engem letzebuergeschen Modellbau-Club fonnt hun, Modell-Club Petite Suisse vu Berduerf, wou een och kann Photo'en vun engem Hydro-Foam fannen, cf "Echternacher Sei August 2005".

Vill Spaass!

spammed mech emol zou w.e.g.

wei der vläicht mattkritt hutt, hun ech mer een Compte (Email-Account) bei 30gigs.com gemaach. Bon hun graad erausfonnt dat dei och Email-Marketing maachen.

Muss ech elo nach eng Warnung maachen wann ee mer well eng Mail schecken?




1. Targeted Traffic Network: Thona Network recently developed Targeted Traffic Network (TTN). We will develop targeted traffic for any product/services. TTN affords you the best quality network. Users generated from TTN are screened and driven through contextual search and targeted press release...

2. Email Marketing: We advertise your products/services through some of the best email lists in the industry. I've tested over 100 email lists in the past few years. I will provide you with only the best converting, most responsive email lists only. Only 100% Can-Spam compliant publishers will be used. Depending on your industry, we are open to most CPA offers. Minimum initial buy is $2,000.

3. Pop Advertising: We will run your products/services for a minimum test of $5,000 (2 Pop Networks) through high converting network of pop providers....

4. Contextual Pop Advertising: ...

5. Search Engine Advertising: My years of experience in managing search campaigns with Google, Overture, and other search engines will assist you in achieving targeted exposure for your products and services. In general, I can enhance your search engine campaign efficiency by 30% - 50%...


haalt dovunner waat der wellt...ech haalen dei mail address mol nach

Saturday, January 21, 2006

La grande Nation

Een liesenwerten Artikel iwwert den schwaarzen Deel an der franseischer Geschicht. Et deet mer leed dat den Artikel op preisesch ass, mee en ass aawer informativ (ech surfen nach emmer zevill am anglo-germaneschen web...).

(zur Info: Telepolis = heise, wei och d'c't, meeschtens objektiv an informativ Artikelen, meeschtens, well heiansdo verstinn ech nett vill....)

Thursday, January 19, 2006

eis Nooperen aus Frankräisch bis

Majo dann. Ech wees net op der et mattkritt hutt mee de Président vun de Fransousen huet gemengt et därft een net woarden bis den Konflikt do wier. Et misst een seng Waffen "dissouasive" asetzen an domadden sinn och Atombommen gemengt... A bee dann...

Seng offiziell Ried.

Haaptthema: "la dissuasion nucléaire"

Et sinn nach e puer Saachen an senger Ried, mei oder maner verständlech, z.B.

"... Enfin, il ne faut pas ignorer la persistance des risques plus traditionnels d'instabilité régionale. Il existe, malheureusement, partout dans le monde des risques de telle nature. ..."

A haat däin Auto och gebrannt?

"... Mais ce serait faire preuve d'angélisme que de croire que la prévention, seule, suffit à nous protéger. ..."

huet de Popst dofir eppes geint Gummi'en?

"... C'est le rôle attribué à la dissuasion nucléaire qui s'inscrit dans la continuité directe de notre stratégie de prévention. Elle en constitue l'expression ultime. ..."

Ech fannen daat huet net mei souvill matt Preventioun ze dinn, wanns de direkt matt Atombommen lass scheiss.

"... Dans le même temps, nous continuons à soutenir les efforts internationaux en faveur du désarmement général et complet, et, en particulier, la négociation d'un traité d'interdiction de la production de matières fissiles à usage nucléaire. ..."

Secher ass secher.

"... Par exemple, la garantie de nos approvisionnements stratégiques ou la défense de pays alliés, sont, parmi d'autres, des intérêts qu'il convient de protéger. ..."

Kennt mer bekannt fir. Gett et daat och op Englesch?

"... le M51, grâce à sa portée intercontinentale ...+

Hello Death Star

"... De même, nul ne peut prétendre qu'une défense anti-missiles suffit à contrer la menace représentée par des missiles balistiques. Aucun système défensif, aussi sophistiqué soit-il, ne peut être efficace à 100%. ..."

Hello DoubleYou

Jojo daat waar et schon

Du kanns der d'Ried och virliesen loosen, leider ass et net den Jacques den schwätzt, ech extra probeiert well ech wollt wessen wei en "le laser mégajoule" geif auschwätzen ;-)

Uewen ass de Link wannder alles wellt liesen...

fir dei Schei, dann schreiwt mer emol!


also mär gin 30Gigabyte duer. Wann där mär Iegendeppes ze soen hutt, am Bild uewendriwwer fannt der meng Emailadress. Bis dann.

[Update:] daat geet och ewell wann der an menger Linklescht (a.k.a. Blogroll) "scheck mer [email]! oder mei ennendrenner daat Bild vum bxschssr [ at ] 30gigs dot com uklicks.

Tuesday, January 17, 2006

e modoernt Keyboard


Daat ass eng Tastatur dei mär och gefällt. Beim Optimus Keyboard ass all eenzel Tast een klengen Display, an daat innovativt dorunner ass, du kriss emmer ugewisen wei eng Buchstaawen/Kommando'en graad meiglech sinn, natirlech geet daat och matt Programmen oder Spilller. Mol oofwoarden waat daat dengen kascht, "less than a good mobile phone" kann schon saudeier sinn dann aawer..

d'FAQ
:

It’s in the initial stage of production.

We hope it will be released in 2006.

It will cost less than a good mobile phone.

It will be real.

It will be OS-independent (at least it’s going to be able to work in some default state with any OS).

It will support any language or layout.

Moscow is the capital of Russia.

Each key could be programmed to produce any sequence.

It will be an open-source keyboard, SDK will be available.

Some day it will be split (and made “ergonomic”).

It will most likely use the OLED technology (e-paper is sooo slow).

Our studio is located two blocks from the Kremlin.

It will feature a key-saver.

Keys could be animated when needed.

It has a numeric keypad because we love it.

There’s no snow in Moscow in summer.

It will be available worldwide (why not?)

OEM is possible (why not?)

Monday, January 16, 2006

k'monga prooph

k'monga prooph


all PC misst daat hun...

Etsy

Etsy ass eng "Platform" (e Service) wous de deng "Konschtwierker" (selwer gemaachten Saachen) kanns verkaafen. Witzech ass z.B.: Tetris als Stoff-Cuben. Et muss een jo net direkt matt Schach ufänken... An den Amigurumi Contest ass och cool...


apropos Kaatzen, ech kann Kaatzen net leiden, mee bon hun aawer näischt geint Deieren, dofir funny Kaatzenstuff:

stuff on my cat... Kaatzen sinn och gedellech:


:---)))))))))

kennt der d'Limecat schon? ass och schon e Joer aal, mee muss nach emmer laachen wann ech dei Kaatzenbinette gesinn (och ewell bei wikipedia...) :


(d'Henn kommen dann speider... där kennt jo en attendant mol d'Photo'en vum Nell bei Flickr kucken...)

Sunday, January 15, 2006

e puer Flickr Tools

Ech waar bei quasimondo geland an do haat ech de "retrievr" eremfonnt. Daat ass een klengen Onlineservice deen et ermeiglecht d'Photo'en vun Flickr unhand vun enger "Skizz" ze duerchsichen. Ech drecken mech heiansdo komesch aus, also du mools eppes an retrievr fennt dei Photo'en dei dengem Gekritzels gläichen.

quasimondo entweckelt selwer sou kleng Tools, ennert aanerem den Flickeur. De Flickeur hellt Photo'en bei Flickr (alles per Zoufall) an mescht een animeierten "Videoclip" doraus. Heiansdo kennt dann nach ennen 1 Datum + 1 Comment hinn stoen (wees net firwaat, mee erennert mech e bessen un BlairWitchProject. Läit vläicht um Sound an wells de eppes kucks wous de näischt driwwer wees...).

een Mountainbike vu 6 Kilo

jo bon wann een Mountainbike elo just nach 5,55 Kilo weit kann een Moto och just 45 Kilo schweier sinn (by Light-Bike)

A matt Carbon Kettenblieder weilt ech och net wäit fueren... Ass mei fir scheinzemaachen oder fir einfach een liiten Velo ze hun deens de aawer net kanns fueren well e futti fiert, wei dei vun Steinbach. Also ech haat nie esou een, mee dei hun virun 10 Joer schon "Uphill-Bikes" gebaut dei 6 Kilo liit waaren, mee fuer keng Traap domadden eroof, soss kanns de Schierbelen opraafen! A fir dee Präis deen daat da kascht ass et et net derwärt.

Et ginn och liit Velosdeeler dei haalen z.B. CarbonSports, Zipp, Merlin, Seven, Litespeed an nach vill mei an och ganz Aaneres z.B. vun Syntace, den Trials-Kader matt agebautener Ventil. Wann eng Teitsch dran ass als den de Kompresser an "debosseleiers" den Tube esou... Firwaat net... Oder den "Suedel" aus Carbon...

Nach Een extralight :-)

e bessen Velo

Earthed 3 : Europa ass eraus. Ech kann dann och nemmen recommandeieren den Trailer ze kucken. Earthed 1 an 2 waaren schon besser an aanescht wei vill amerikanesch Velosvideo'en.
Ass vun 4130 Publishing, dat sinn och dei dei Sprung gemaach hun (leider keng offiziell Säit mei online).

Beim mtb-freak hun ech dann gesinn datt Velo an Moto emmer mei matteneen verschmelzen. Oder waat denkt där vun engem 125ccm Moto deen 45 Kilo (Titanium :-) oder 55 Kilo schweier ass a wou d'Halschent vun de verbautenen Saachen aus dem Mountainbike kennt? Ah jo FX-Bike heecht den Moto an soll 5000 € kaschten.


Honda misst och esou eppes erausbrengen, de Velo (RN01) hun se jo schon gebaut, a si hun bestemmt och een Moto fir derbai... Ass bestemmt mei deier dann aawer, well Honda huet sauvill Suen dora gestach, an och eremkritt well de Greg Minaar ass jo keng Päiff...


och wann et ausgesäit wei wann schon een Moto dran wier, mee nee do muss de nach pedaleieren. Mei Photo'en vum Honda hei.

Friday, January 13, 2006

komeschen Musik-(Video)Clip

saugudd: [Animatioun] Vikinger dei matt Musik kämpfen.
Jason Forrest - War Photographer
Loosst är Messagen bei den Comments w. e.g.

kennt een d'Book of Cool

Ech sinn haut erreicht dorop gefall, gesäit aus wei wann et daat Buch schon mei laang gett. An et geet NET em dei "Book of Cool" Bicher dei een bei Amazon fennt. Daat sinn"Cool Questions, Cool Answers" Bicher. Hei geet et em d'Book of Cool, daat sinn 3 DVD'en + en Buch (~300 Säiten), bref:

much more...
daat ass mol dobäi, et ass leider keng komplett Lescht (alles a Klammeren ass vun mär, ween een daat net mierken sollt):

1. Football (mam Mr. Woo)
2. Ropes & Whips (leiert Peitschen mam Vince Bruce)
3. Frisbee (Tom Leitner)
4. Flatland Bike (Martti Kuoppa)
5. Streetball (ganz vill, kuckt selwer!)
7. Casino & Cards (George Joseph)
8. Bar Flairing (Tricks vun/mam Chirstian Delpech)
9. Pool (also Billard, Thorsten Hohmann & Mike Massey)
10. Skate (Sandro Dias)
11. (Roller)Blade (Fabiola da Silva)
12. Footbag (hackysack mam Vasek Klouda)
13. Break Dancing (Kryptonknights)
14. Street Bike (Bryon Anderson)
15. Street Soccer (Gino, Djuric, Wasinho)
16. Juggling ('Mad' Chad Taylor)
17. Gun Tricks (Howard Darby)
18. Penspinning ( :-) David Weis)
19. Cards & Magic (Aladin)
20. Rugby Kicks (Carlos Spencer)
21. Golf Tricks (Vincente Ballesteros)
22. Yo-Yo (Bill de Boisblanc)
23. Skateboarding Basics (Derek's Skate Shop)
24. Baton Twirling (Amy Arellano)
25. Scooter Tricks ("Trottinette" emol anescht vun de Razor Scooters)
...bei de Sichmaschinnen fannt der mei Video'en vun deenen verschiddenen Leit...

mei hun ech nach net fonnt. Ech muss nach e puer Reviews liesen. Där kennt an der Teschenzäit mol selwer d'Säit besichen well et ass einfach een Genoss deenen Artisten/Athleten nozekucken, well alles excellent ass, d.h. Profi'en + gudd Qualiteit vum Video/Film! Nach e bessen offiziell Informatioun.

vill Spaas.

Iwwregens, wann Een vun Ärch daat schon kennt, kann En jo mol soen waat En dovunner hält...

den Blondinnenwitz

Hass de de Link (an deen Heiten) schlussendlech fonnt? :--) wann net planetOzh huet de Link fuer op d'Koart (ass net aktuell mee trotzdem) ; da fenns de de Witz vläit mei seier :-) et stinn och emmer Witzen an der Comments.

Thursday, January 12, 2006

Ghost Town

Bon dei den Internet schon mei laang kennen, dei wärten dem
Elena och do schon iwwert de Wee gelaaf sinn. Hatt huet ee
fetten Moto an hatt ass domadden och emol duerch Tchernobyl
gefuer.

Ech hun un dee Link geduet wou ech hei iwwer d'Atomkraftwierk
Ignalina gelies hunn
...

e puer Videoclip'en

Stechwuert: e relaxen Owend, kuckt e puer Videoclips. Eng kleng Lescht bei DoCopenhagen.

oder firwaat net eppes vun Ninjatunes, op hierer Videosäit ass eng kleng Auswiel...

net nemmen Musik fenns de bei blogtv.
Kennt der den Weird Al Yankovic?

speider kennt nach mei

Tripod: Make You Happy Tonight



via kotaku. :---)

Wednesday, January 11, 2006

e puer interessant Saachen

also 1. den "blogger" "we make money not art" mecht enner aanerem och nach desen blog: No Garlic Please.
Do hun ech dann een Cover vir Miwwel fonnt, ass schon an der Rei, well ech hun 1. och e puer selwer gebastelt Regaler dei net flott ausgesinn, mee hieren Zweck total erfellen an 2. kanns de esou och Saachen "verstoppen" oder besser nach vir de Stëps ewechzehaalen...

an hei, 2., kennt der är bemolten/verzierten Beierdeckelen aschecken a weisen loossen. Beer Mat, komeschen Num fir een Beierdeckel fannen ech.

wann een nach net direkt wees waat een matt sengen Grondstecker soll maachen, kann een se och emol blo usträichen. Firwaat och net, sou fällt een op an där hutt dann dee Link dovunner...

dann een 19järegen (Jupelo)deen all Woch an een aaneren Disney-Park geet, een ganzt Joer laang (!!!!!) (anscheinend mecht heen en Deel vu sengem Spuerschwäin drop, daat sinn 100.000$)... een Zitat vum Jupelo:
- "Are you crazy?" is another pretty frequent question I'm getting. I don't consider myself crazy at all. It was unusual to run 3 businesses at 15, and it's unusual to spend an entire year at WDW. I'm pretty used to the whole "crazy" thing at this point. I'm having fun with this, and I have plans to make this even more fun (for me and all of you watching the site) as the year goes on.
(via boing boing).

wann der interesseiert sidd un enger "Factory Tour" vun Powell Skates (ass och een Video dobäi, mee deen brauch laang, saulaang fir ze lueden...).

e puer spiller: ORISINAL.

ieressenzieler!

einfach just weins der GUI, ech fannen daat tip top, ass fir verschiddener vläischt zevill Windows baseiert, mee trotzdeem fannen ech datt daat eng cool homepage wier (nach e bessen upassen/pimpen).

Conzept vun den Deckkäpp? I'm Sorry I haven't a Clue.????

well der moolen? Drawn haat ech schon gewisen hei, dofir elo Animation Archive.org. Z.B.: 1, 2, 3 (do ass vill Trafik am Moment, et ka si dat et net seier geet) .

innuendo?

jo waat soss nach...?

Huet een eng Fro?

neierdeems gett et frappr, mach Landkaarten fir dech, mengen daat geet aawer just vir Amiland....

flickrfling mecht der Biller zu dengen News/Neiechkeeten.

Döner365 :-), fann ee gudden Kebab an denger Geigend.

de GigaPixelProjet. Megaheichopleisend Photo'en.

nastypixel, graad nei entdeckt;

to read: "Hi-Fi auf den Punkt gebracht".

.Original.deier Auer am Java.

Haaten mer och schon hei, mee fir DEI DEI ET NET MATTKRITT HUN: YUGOP. Klick op "Archive" an exploreier/experimenteier e bessen :-)

dreem net zevill, Filmer sinn net daat richtecht Lewen...

[vir dei dei et interesseiert, vill dovunner haat ech bei del.icio.us zereckgehaalen...

sou, lo sinn geet et duer, bis dann

lenksradikal

"we make money not art" schreiwt iwwert eng schwedesch Partei - Piratpartiet - dei, wann se gewielt ginn, aus der Welthandelsorganisatioun austrieden wellen. Enner Aanerem wellen se Patenter an Copyright(-gesetzer) oofschaafen oder einfach net unerkennen.
Bei wmmna steet nach datt een a Schweden 1500 Ennerschreften brauch vir eng Partei ze grennen, an datt d'Piratpartiet um 1. Daag 4000 Ennerschreften gesammelt huet. Bei der Piratpartiet op der Säit bei "Fas 1" sollt een och gesinn wei et weidergeet mam Ennerschreften sammelen, mee si schengen do e puer technsch Probleemer gehaat ze hun. "Fredag" wärt jo Freide(s/n) heeschen, dann gi mer mei gewuer.

d'virtuell Realitéit gëtt och ëmmer besser

bei kotaku vergläichen se Photo'en vun Tokyo matt Screenshot'en vun Project Gotham Racing 3. Ass esou gutt gemaach dat ech bei deenen hei 2 photoen - 1 + 2 - nett wees wei eng do lo dei reel Photo ass. Bei gamebrink sinn nach e puer Photo'en.

Also Project Gotham Racing (daat huet matt Metropolis Street Racer op der Dreamcast ugefaangen). Op der Dreamcast ass daat Spill schon immens gudd gewierscht, d'Graphik ass do och schon saugudd. An well do net nemmen Vollgas gefroot ass, mee proper fueren (fir Kudos zu kreien :-) ass et mei interessant wei verschidden Rallye-Simulatiounen.

Also ech sinn keen Spillfreak, bleiwen just op Tony Hawk (1-3) an Gran Turismo hänken. Mee bei MSR an PGR hun ech aawer och schon vill Zäit hänken geloos...
Bei gamestats kann een Video'en vun MSR kucken. Bon Project Gotham Racing 3 gesäit natirlech Welten besser aus...

Monday, January 09, 2006

deja vu

Daat haat ech ärch nach net gewisen, där kennt och vläischt schon: Deja Vu, "The web as we remember it" ass den Ennertitel.
1. Ass do een Emulator drop fir aal Browseren. Dat heescht där hutt de e puer aal Browseren zur Auswiel, sou datt een mol de Feeling vum Pampers-Internet kann kreien. Dei Experienz ass aawer haut verfälscht, well ech mengen net datt nach vill Leit mam 33kbps oder nach mei lues Modem surfen...;
2. Fennt een do d'Geschicht vum Internet erem: Timeline. Ass vläicht fir verschidden Leit ze drechen mee ass informativ.


Ech war am gaangen do bei egalwaat de RoundUp vun Joer zu liesen, wou ech dorun hun missen denken well sech do gefroot gett wei Internet matt dem Lynx(-Browser) ausgesäit, an dunn haat ech un dejavu geduecht. Sou waar daat :-)

Amateur Microscopy

Amateur Microscopy

nach een Nooper bei Blogspot, dest Keier een deen Photo'en mecht vun deem waat ennert sengem digitalen Mikroskop läit. Ass nach nei dofir ass nach net esouvill do, mee ech wert deemnächst do mei oft eran kucken.

enquete85ätt

ha ech muss nach mei surfen wei et ausgesäit, sou speit wei ech dei heiten fannen...
freier posts vum doofblog doriwwer hei

Sunday, January 08, 2006

d'blogscene (ganz kuerz)

also zu Luxusbuerg ginn et och e puer Blog'en
z.B. (duercherneen)
- de patrick.egalwaat.lu säin Blog, oder offiziell dem Pa säin Blog;
- den näschtnotz.net + d'Bounseschlupp, deen eischten letzenbuergeschen Podcast;
- dann http://blog.sadautumn.com/ oder och thoughts genannt (op englesch);
- nach egalwaat.lu selwer;
- an doofblok.tk;
- dem joel.lu seng augenbilckeII (op däitsch);

beim doofblog haat ech dann och blog.lu fonnt an weini stieft de Popst :--), schon mei aal mee haat daat net op letzebuergesch entdeckt bis elo; an den .:Hnol:. :-) waat et net alles gett

a beim Patrick de Video vun den Decemberists wou d'Ami'en Letzebuerg de Krich erklären...
ass schon witzech..., 16 military wives heescht d'Lidd (hun d'Decemberists nach net kannt, hei de Link).

daat ass et fir haut

Fonnt um Internet

Op der Säit Priups.com weist ee, weis de matt engem Toyota Prius däin Haus matt Energie beliwwers. Am Moment dingt den Prius just als Noutstroumagregat mee do leist sech nach vill maachen anscheinend.

Sou verleiert een och seng Privatsphäre erem e bessen:
Zu Stockholm, a Schweden, gett et och elo eng "City-Maut". "Maut" trefft net zou, et ass eng Steier, an a Schweden sinn d'Steieren dei een muss bezuelen public, d.h. elo kanns de "iwwerwacht" gin just andeems de duerch Stockholm fiers. Zumolst well IBM do och nach 162 Kamera'en installeiert huet. Mei bei Heise.

Dei nei Campagne vun eiser Police: "Sou net!!".

De Shopblogger ass gewarnt gi, well een heen eischter fennt, wann een "Sozialgericht Bremen" am Google agett, wei d'Geriit selwer. Jeje waat et net alles gett...

Niewenbäi: een Laptop wous de den Display kanns eroofhuelen, an eleng domadden, dem Display, weider kanns schaffen...

elektreschen Auto deen alles oofzitt + duerchsichtegen HD

Also Wrightspeed ass eng amerikanesch Firma. Bis elo hu se just een Proof-of-Concept-Car gebaut. Mee hier Maschine fetzt relativ seier (0-100 an 3 Sekonnen), am Video op der Säit selwer (riets Maustast, "Save Link as", ass eng .wmv File) gesäit een wei een Ferrari an een Porsche oofgezunn gëtt.
Bei Revver ass een aaneren Video, mee do gesäit een den Auto vu mei no, mee et gesäit net esou gutt wei seier dei Koar ass...

Wou ech schon dobäi sinn Video'en ze verlinken, hei ee neien Harddisk vun WesternDigital (Video). D'Säiten sinn duerchsichtech sou dats de den Oarm vum HD gesäis wann ee Lies- oder Schreifzougreff ass.

de Wooster Collective

een Site matt villen Photo'en iwwer Graffiti, bei hinnen heescht daat Street-Art. Deen Zuch hei aus Brasilien ass dann wuel Rail-Art, deen ganzen (!) Zuch ass voll gesprayed, kuckt Detailer!

http://www.lost.art.br/

a weider geet et

sou, nach e puer mei aal Saachen just zu ärer Informatioun:


- Rename, een ganz simplen (gratis) Programm dee saugutt domadden eens gett Dateien emzebennen;
- Foobar2000, och een einfachen an gratis Programm, mee des Keier fir Audiodateien ze lauschteren. De Clou, den Player kann och aus Zip oder Rar Fichieren d'Audiodateien erausliesen ouni alles ze entpaaken an niewenbäi kann en serienmeissech baal all Audioformat oofspillen waat et gett. An der Special Edition kann en och direkt op CD brennen a nach vill mei.
- d'franséisch Poste huet Timberen erausginn matt verschiddenen Helden aus Videospiller;
- een engleschen Student wosst net wei en säin Studium sollt finanzeieren. Lo verkeeft en op senger Homepage 1 Pixel fir 1 $, an 1000x1000 Pixelen mecht halt eng Millioun, dofir den Numm MillionDollarHomePage.... En huet schon 999.000 Pixelen verkaaf;

dann nach e puer nëtzlëch Saachen um / vum Netz:
Squidoo ass een Service wous du eng "Homepage"(als Beispill: Sudoku) mechs. Et ass awer esou geduet dats de solls eng Informativ Säit iwwer een Thema mess, wouriwwers du dech auskenns. Daat gett et nach net laang dofir ass et nach net esou informativ wei ech mer daat virgestallt haat. WerWeissWas ass ähnlech mee do muss de Froen stellen an "Expert'en" beäntweren dei dann.

del.icio.us + flickr brauch ech jo net mei virzestellen, kennt der dann och schon Bubbleshare a schon photogen.lu? Och 2 Säiten wou een Photoen kann eroplueden, an dem klengen Krees oder dem breede Public weisen...
digg ass wei delicious, mee schon mei populär mengen ech. (zb funny movie).
an esouwäit ech daat richtech verstaanen hun mecht PubSub daat selwescht wei Technorati, d.h. Bloggen duerchsichen (et ginn der soulues zevill vir google an yahoo). Waat Blogniscient an Icerocket och kennen...

mengen netvibes haat ech och schon kuerz hei ernimmt, do kennt der är personaliseiert Startsäit am Internet maachen. Ass am Fong een Klon vun der MS-Initiativ live.com. Bei netvibes kanns de d'Wieder ugewisen kreien, souwei GMail, YahooMail oder PopMail, dann nach RSS/XML Feeds, Flickr, Notizen & Todo-List dohinner schreiwen. En plus kanns de nach eng Websearch maachen, de Präis vun eppes beobachten, deng Bookmarks reoplueden an Writely ass och elo integreiert, an nach mei ass geplangt. Daat leeft schon tiptop...

Writely eleng ass och schon erem dowärt. Daat ass een online Wordprocessor, eng Säit wous de Text kanns antippen, Spellchecker an d'formateieren vun der Schreft sinn och agebaut. Dann kenn een deen Fichier (.doc, .pdf, .rtf an openoffice files kennen bearbecht/gemaach ginn) online stoen loossen an vun aaneren Leit bearbecht ginn, oder per email verscheckt ginn an sou weider. Probeiert et einfach emol selwer.
AbiWord ass een Wordprocessor, mee fir eroofzelueden, ass och gratis an kann immens vill verschidden Textdateien verarbechten.

ze frank waar och schon hei, mee do et sou flott waar nach eng Keier, an och daat Spill wou de Männchen de Maus-Cursor well fänken.

nach eng Foto vum Erlkönig: SsangYong Kyron (huelen ech mol un), mei bei flickr: