Wednesday, November 30, 2005

the rescht - nuescht

sinn rem liddrech lescht deeg an di nächst bis de weekend wärten spannend genuch ginn, bzw waaren et

daat ass net schlecht. eng vase dei een wei papeier - soen ech emol sou - gebraucht ...

google video alarm:

an hei de "can pedro" net de compadre, mee een mautschen spuerneschen camions-chauffeur, leisst mei gummi op der stroos, an ass mei breet an dei keieren wei mär;

an hei een russ deen et de "yamakazi" - ass ze speit hoffen den numm ass net falsch - konkurrenz mescht.

nuescht

Monday, November 28, 2005

an zu gudder lescht, dach di bescht ;-)


DEE SEFFECHE SECRET VU LËTZEBUERG

wees net vu wou daat ass soss geif ech sourcen uginn, mee krutt daat per email

via thegadgetblog


ah eppes ganz aaneschters, ok passt och vläischt dobäi:
den onsichtbaren kondom, jo do wärt där all schein laachen, wei beim onsichtbarem WLAN-Kabel, mee bon daat hei ass echt:
Zitat:

"The new product, making use of naometer and physical foaming technologies, is said to be easy to apply, anti-bacteria and lubricating. The invisible condom, developed by a company in south China’s Guangdong Province, has won approval from the province’s drug administration and is now available in drugstores in the country."


jo jo net schlecht, an deem hei stemmen ech zou:

"Colbert: I bet this will sellout in countries that have legalized prostitution."

VOLLEKSVERDOMMUNG oder waat leeft hei?

Also klengen Recapitulatif: 1985 huet een misteriösen Bommeleer Letzebuerg onsecher gemaach. Deemols hun se "alles Meigleches" an Onmeigleches gemaach fir erauszefannen ween et wier. Do d'letzebuergesch "Autoritéiten" net vill bruecht hunn, hun e puer Gerüchter d'Ronn gemaach.
Et gett gesoot et wier een aus der Groussherzogsfamill, daat huet emsou mei plausibel geklongen well kuerz drop huet een aus der Groussherzogsfamill gesoot hee geif op den Troun verzichten, wann et un heen geif kommen....... (obschon en net esou seier un der Rei gewierscht wier, haut nach emmer net).

Bon lo 2005 ass mengen ech Ufanks deses Joers op eemol gesoot ginn et geif een nach eng keier all Spueren dei een deemols fonnt hätt op genetesch Spueren ennersichen, haut hätt een dei modern Mettel dofir..... Och schon komesch Idi, wees net mei ween daat un d'Rullen bruecht huet.

Lo am Hierscht haat RTL (iwwer Radio) do een "Aenzeien" vun deemols, deen reantelefoneiert huet a soot heen hätt een Attentäter/Bommeleer gesinn (deemols 1985 beim Findel mengen ech waar daat). An deen Aenzeien hätt vun der Police deemols gesoot kritt heen sollt rouesch sinn.... (soss wier säin Liewen net mei sou rouesch). Bon wou daat um Radio komm ass, du huet sech den JunckerNationale eragehaangen a gesoot heen geif deen Aenzeien unheieren, well sou Saachen keint een net einfach am Raum stoen loossen, an op daat een Decken oder eng oarm Sau gewierscht wier, heen weilt daat trotzdeem opklären. - Rem komesch datt heen daat muss maachen an keen vun eisem Police-System dovir do ass. - Do huet de JunckerNationale dann matt deem Här Aenzeien geschwaat, anscheinend waaren och dei vum Radio dobäi, mee d'Vollek gett do näischt mei driwwer gewuer.

Mee meng Pointe: Am Hierscht ass gesoot ginn, de Staat geif eng Email-Address arrichten an dann keint jiddereen do uginn waat en vun deemols wees. Den HIT: d'EmailAddress ass "enquete85@hotmail.com". Bon ech wollt deemols schon schreiwen gitt hacked dei Email, well waat sin daat vir Saachen, de Staat mecht eng Email-Adress wou streng geheim Saachen vun enger Enquête, dei nach leeft, dohinn gescheckt ginn.... Mee bon hun daat emol net missen maachen, well ass souwisou geschitt.... (Link ass an der Iwwerschreft).

Just zur Informatioun, Hotmail = Mircosoft!!!!

freet een sech waat fir eng Scholden mer bei Microsoft hun...

Sou lo stees de rem super do Letzebuerg, deng Informatiounen vun enger laafender Untersuchung bei Hotmail schecken ze loossen, nee mee am Eescht, iwwerleet do heiansdo een...

Rem gutt lächerlech ass daat Ganzt, connerie de la mort qui tue.

Zeugen mit gutem Erinnerungsvermögen gesucht d'ass jo schon net schlecht datt op eemol 20 Joer duerno eppes gemaach muss ginn mee daat do ass elo de Comble. Zitat: "The judge has asked for information to be sent by e-mail to enquete85@hotmail.com". Gutt wann d'Leit sech nach erennert hun, hoffentlech schreift den Hacker weinstens een Buch matt deem waat bei der Enquête erauskennt/komm ass.

Amplaatz sech bei Hotmail hacken ze loossen, kennen se och direkt alles heihinner schecken...

wierklech Volleksverblödung ass daat dooten

sou lo ass et um Feierkroop...

Sunday, November 27, 2005

meng it-news :-)

meng it-news (daat meescht via heise)

internetbanking ass nach emmer net secher, e puer pin an tan nummer, e bessen finanzsoftware, schon raums de oof.... anscheinend net nemmen bei enger bank, well mei banken deen selweschten system hun, do keint och een vun luxusbuerg dobäi sinn....

zu linz an eisterräich geet een internetprovider, deen och Linz AG heescht , deen dsl iwwert d'stroumnetz (heescht Powerline) ubitt, bon si mussen lo mol hier saachen besser elektresch oofschiermen well se gehiierloos de rescht funk steieren, heise seet si wieren 16000x iwwert deenen erlaabtenen normen; (ha daat klengt super, 1 aaner keier fresch schreiwen).
Zitat:
"Laut Bescheid muss die Störfeldstärke von PLC-Einrichtungen in drei Metern Entfernung auf Werte von 40 bis 26 dBµV/m (je nach Frequenz) gesenkt werden. In einem Frequenzbereich, in dem 30 dBµV/m vorgeschrieben wurden, sollen im Umfeld der PLC-Einrichtungen derzeit 72 dBµV/m üblich sein, die Sendeleistung also um das rund 16.000-fache zu hoch sein. Betroffene Funkamateure gehen davon aus, dass nach einer Reduzierung der Modem-Sendeleistungen von derzeit 200 mW auf ein bescheidkonformes Maß der Betrieb eines Powerline-Netzes ohne aufwendige Schirmungsmaßnahmen unmöglich wird. Daher fordern sie die Linz AG auf, ihre 5.000 Kunden rechtzeitig über die technischen Zusammenhänge und die eventuell notwendige Einstellung des Betriebs zu informieren."
an engem test no sinn Corinex an Devolo och net wei se sollen sinn, bemierken daat just sou niewenbäi well et daat och hei zu lux gett...;

ha, do geet et och emmer besser, wann daat heiten stemmt da verhaalen ech gläisch guer keng email an internets address. si wellen ubidden datt d'extensioun och ass weis du wells, z.B. tom.luxusbuerg wier dann eng fiktiv vum mär;

jo soss nach MD news, iegendwann wärt ech och een allen NET-MD bellesch bei ebay fannen, hei ass software dann brauchs de näischt mei vun sony, huet elo näischt mam rootkit ze dinn, mee ass aawer top. [hei ass graad firefox oofgeschmiert, d'halschent konnt ech recoveren, lo leeft alt ms word nach matt] haat an der teschenzäit u mäin aalen autoradio vun Alpine geduecht [+geschriwwen], muss deen och portable maachen *g*

an jo deck null nokia pc suite erkennt mäin handy (nokia 5140i)

um pc schon, mee wann ech den file browser opmachen, kenn dohinner stoen: "Failed to connect to Nokia 5140i"...

















niewenbäi bemierkt, do muss mer eng keier skaten... (jo dofir d'photo'en kommen all via email vum handy op de pc, mol kucken waat daat kascht...)



an een fir de sepp: how to fund a startup, kann mer et net verknäifen...

mol probeieren op daat leeft, well do sinn saachen dei laafen rem net geheier hei um pc

SequoiaView

SequoiaView ass eng Zort vun Explorer, heen weist der un waat wei grouss ass op dengem HD


kanns och Filteren an Foarwen an den Optiounen uklicken.


Dee Programm ass schon eleng praktesch, well du gesäis do wanns de matt der maus iwwer den Inhalt fiers, kriss de den Numm an d'Plaatz gewisen vun der Datei. An jo wann een dann .logfiles huet vun deenen een näischt wees, wei z.B. haat ech eng ntdlr.log (sou ähnlech) am Free Antivir Folder vun 417MB! Daat muss jo net sinn, delete ass keen Probleem well Antivir mescht direkt eng nei File, vun 8 kB. fonnt an der c't download lescht, ass een program vun der technescher uni vun eindhoven.

pc hellef wann de pc de geescht opginn huet

haat elo hei een aalen pc (PII 350Mhz, 128MB RAM, SiS GraKA, an een HD vun 20GB; nach aal keyb + mouse steckeren, mee aawer matt usb, cd + floppy)
windows huet leider net mei wellen starten, deem huet emmer eng aaner file gefeelt fir ze starten, och safe mode ass net gaangen. als 1. haat ech dann do knoppix (haat ech aus enger c't) drop starten geloos, de probleem ass do just linux (well knoppix ass linux wanns de daat elo nach net mattkritt hues) ennerstetzt NTFS formatteierung nach net komplett, lieszougreffer sinn keen probleem mee schreiwzougreffer aawer, haat zwaar keen probleem dei relevant dateien vun deem aalen pc op mäin usb stick ze transfereieren, mee trotzdeem daat geet anscheinend net emmer ouni probleemer.


do hun ech daat dooten fonnt, ass een bootable windows (xp) op cd: Ultimate BootCD 4 Windows. ann daat leeft och, start ewei eng windows-installatioun, mee installeiert am fong näischt, ass alles am RAM dran. ass sou praktesch well du kucks dann matt engem windows däin HD duerch, mee op der UBCD4WIN sinn nach tonnen aaner praktesch programmer (matt deenen ech am moment nach net vill ufänken kann, mee lauter saachen vir diagnostic, oder system restore, oder undelete an all sou saachen ze maachen. ass am original fir linux, mee ass do och iegendwann fir windows gemaach ginn, zenter daat et och BartPE gett...iwwerbleck. wees aawer net op der och op mac leeft, also dei linux versioun vun ubcd.

check alibaba.com


mann check daat emol, leider (echweesnetweemseidank) steet och keen präis dobäi mee do kriss de egaalwaat, gesäit aus wei ebay vir scheischen: check dis eng high speed yacht, een zementzwierk (!!!!), mee sinn iwwer boing boing drop gestouss wi sou oft, oder wann mer eisen fiiz wellen maachen eng produktionslinn dei 6000-36000 fläschen pro stonn kann proper maachen an ooffellen... oder mer maachen einfach eisen papeier wann mer dei kaafen...

jeje wei gesoot, ass eischter vir scheischen, mee do se och mei bellesch saacehn do hun, mol kucken & testen

john haller & Co

mengen haat schon dovunner geschriwwen, mee et scheint och do emmer besser ze ginn

lo gett et och well do een "package" matt all der software zesummen eroofzelueden, alles preconfigureiert fir vum (usb, asw) stick aus ze laafen.

ass relax, well funktionneiert wierklech alles direkt an ouni probleemer, kloer een aalen pc matt 128-256mb ram an usb 1 do kanns de mol kaffi drenken goen (wa meiglech matt nina simone am hannergrond) an dann geet et och, mee bon op mei modernen pc'en leeft daat tip top

also nach eng keier gitt bei den john haller, mengen gett et nach net fir mac, mee do gin et souwisou vill mei saachen well linux do jo och kombatibel ass

e bessen um verstärker gefrekkelt






jo wei der gesidd sin elo d'agäng vir d'speaker'en an d'kescht agebaut :-) ginn (oder audio ausgäng vum verstärker aus gesinn). mär hun och de support vun der platin vum verstärker definitiv gemaach, dei photo'en kommen nach, de pech ass nach net dreschen.

lo kennt nach eppes vir d'kaabelen bannendran praktesch + proper ze verleen

an dann mussen mer eis endlech drun maachen dem usb stick stroum ze ginn... ok et geint een den usb stick och iwwert den usb-kaabel un stroum ubannen, mee daat ass net esou praktesch, d'ass net emmer een pc do wann latsprecher do sinn, an och emgedreint (bon ee pc huet och lautsprecher, mee dann mussen dei an d'zigaarenkescht (nennen daat elo mol sou) agestach ginn waat och net praktesch ass well dann de pc keen sound huet...
d.h. eppes fannen waat dei 12v an 1,5v (wei eng kleng batterie) + deen richtechen ampérage emwandelt

Friday, November 25, 2005

roadmap

- speicherdaach isoleieren
- een gewächshaus bauen
- eis holzverarbeschtungsmaschinn ugeheien an austesten (aua! disciple)

- nodeler vun silikon?
- plastikfolien : loft a waasser a hetzt-bestännesch

[!- decke projet, fundament vum haus waaserdicht maachen hannenriets am eck]

boxeschesser.boldlygoingnowhere.org komplett arriichten, d.h. "fileserver", niewenbäi een pc bei tv, a soss saachen probeieren, z.b. net meng psp, gc, ps2, xbox...

an waat soss nach ufällt, deen aalen saab deebosseleieren + felgen an bremsen pimpen


jo soss nach en stock-/archiveier- systemam keller an um speicher arrichten, an och a menger kummer :--))

Monday, November 21, 2005

SORY

;-) ech fannen minidisc nach emmer gudd! mee bon d'minidisc player an recorder vun sony hun hier macken waat net gutt ass...
via boing boing an de Rescht dozou fann der och seier do: "Sony anti-customer technology roundup and time-line (Part 1)" an hei "Sony rootkit roundup, part II "

an hei cool aktioun: i [heart] rootkit


http://soryelectronics.com/

e puer linken


waat ech haut nach esou fonnt hun:
et gett net nemmen tomshardware(guide).com (.de) mee och TomsNetworking.com, ass och relativ informativ
dann weilt ech esou een gameboy hun, fannen dee gesäit super aus, froen mech just firwaat de Game Grrl keen display vun engem gameboy color geholl huet (bon ech sinn net den elektriker, do ginn et bestemmt grenn dofir...). Mengen daat geif ärch och gefaalen, matt all mame drop wous de wells... daat heiten passt nach dobäi portable nes emulator (mengen ech emol). Den Typchen hellt een "MEGAJOY", hätt een missen op der Schueberfouer sichen/fannen, well ass belleschen plastikschrott, eben just matt den spiller integreiert op engem chip...

soss hun ech nach photo'en vun rikscha'en fonnt, därf een och erooflueden a maachen domadden waat een well, mee leider geet den download-link net, an deen steet bei wikipedia :-( soss geif och schon eng photo hei stoen...z.b. http://commons.wikimedia.org/wiki/Image:Indonesia_bike1.JPG ass net gaangen den owend (20:02).

bon soss nach eppes fir vill ze liesen: HOW TO MAKE SPRINGS, all zort vun fiederen selwer maachen [matt deem richtechen ( selwergebasteltem) material...]

jo soss wollt ech nach op miranda hiweisen, ass een chatprogram wei gaim (d.h. et kann een op mei wei een chatprogramm gläichzäitech zougraifen, z.b. yahoo, msn, aol, icq, skype leeft nach net eleng, do hun se nach net alles rausfonnt..)
Mee daat coolt dorunner ass
1. daat et eischtens een klengen programm ass wou een just dei chat features hellt dei een brauch (all chatprogramm ass een aaneren plugin);
2. leeft deen op mengem usb stick ouni um pc installeiert ze sinn, daat ass deck fett!

lo hun ech och nach wavigo oder wavago fonnt, deen mescht daat selwecht wei skype, just besser, deen hun ech aawer nach net probeiert, am geigensaatz zu miranda...

ok, daat wier fir d'1. emol genuch aus menger lenkkescht

sonic impact t-amp II


mmh hei scheint dei nei versioun (II) vum class t-amp ze sinn vun sonic impact. Ass mei edel a matt mei an- an ausgäng... (via gizmodo), ass schon mei aal schengt datt ech daat iwwersinn haat...

maacht ärt warning zeechen

hei kennt der ären eegenen maachen (am fong och am titel vun desem message).

Sunday, November 20, 2005

eng gudd idi fir verschidde leit :-)


waat ginn et fir installatiounen, daat heiten mol net mei make fonnt,(ass jo och keen how to, just eng photo)... hei sinn nach aaner photo vum selweschten auteur: vari.antville

bon kucken nach e bessen dittsche.

cool photo'en vun sumo'en

jo hun ech beim jacqueschirac fonnt wei een liit kann nokucken :-)

ass eben vum Roi de La Montagne, hoffen d'ass net esou een wei den Supermassimo :-)
mee am eescht dei photo'en sinn interessant :-)
den roi de la montagne schengt do am sumos-trainingslager ze sinn... jidderengem säint, mee d'photoen fannen ech an der rei

jacqueschirac

:-) hunn ech graad fonnt, di säit http://www.jacqueschirac.org/ ass nach publi,c mee ech wees och net mei wei laang nach, well den typchen därf näischt mei dropsetzen. daat huet dem chirac no enger zäit net mei gefall... schon eleng weinst dem Jack : -- ))

OpenDir �

OpenDir �: "Cabaret Voltaire"

ah jo test, ass daat eppes?

et muss mei geblogged ginn

mmh, misst nach e puer aaner saachen maachen, mee hun fonnt keint elo hei einfach nei saachen beisetzen, mee
zur info - iwwert den t-amp verstärker wärt nach mei kommen an d'zukunft, well do ass eng firma dei tauscht baal alles vun der platin aus matt besseren saachen, mol kucken waat do netzleches dodrenner ass fir eis....,
dann zur info - nodeems dyndns geet a mäin ftp server prgram daat och managed, sichen ech elo eppes vir meng komplett homepage bei mär doheem ze hun (soulaang net (ze) vill leit dropginn dierft daat laafen...), mee dofir muss ech mol dei richtech programmen nach fannen... well ech weilt mei ewei photo'en heihinn setzen kennen,
nach zur info - et ass mer nach net gelongen bei onlinetvrecorder eng vun mengen sendungen eroof zelueden (hun mech och maximal erreicht 1 stonn domadden befaasst), mee hier free downloadlinks hun ech nach net fonnt, weder bei emule oder torrent, an dei matt der reklam dei laafen net, ass emmer time-out...
bon, daat hei wärt elo eng lescht ginn matt interessanten saachen dei ech um internet fonnt hun

cool: blue ball machine via IT&W

hei ass nach mei fett: yugop do huet een besser et geet een nach an d'archiven kucken, meeschtens interaktiv flash-"animatiounen"

witzechen stuff aus luxusbuerg: De kleene Maacher Pio, Shop matt witzejen t-shirten wei "Ech kennen de Bommeleer"

fir computer saachen haaptsächlech security/hacking vun saachen: blacklisted411

daat hei klengt gudd mee op sengem link (Visual Places) leeft nach net vill... via de.icio.us

daat hei ass de wan, am fong de wlan :-) wigle ass een internetservice, am fong eng database vun plaatzen (matt den geografeschen koordinaten) vun freien/openen/onverschlesselten wlan netwierker an hei ass elo den zoom in op den Süden vun Lëtzebuerg (am link gesäit een d'koordinaaten, ass relativ praktesch...), ech mengen dei agglomeratioun vun punkten ass Esch... mee de wan ass daat een do ganz stroossen kann erkennen...

;-) fir gudd op de stroossen ze fueren Brooks mecht Siedel fier Veloen zenter datt et dei ginn, een Suedel fir d'Liewen hallt, nach alles aus guddem Material...
daat hei ass dann de rescht fir dobäi, een Velo (Strooss, Cyclo-Cross; MTB an de Rescht wärt och gläich do sinn ) vum Tom Ritchey deen an eng Waliss passt dei net mei grouss wei een Rad ass (kloer an der Deift ass et mei grouss/breed wei e Rad, Globi!
ass vun hei.), de Velo heescht "Break-Away" - hoffen daat geschitt net wierklech - mee gesäit schon emol net schlecht aus, d.h. ass schon iwwerluet deen design. Do gett och schon aaneres an deem Beräisch daat waat bis elo State of the Art war ass daat heiten SandSMachine , ass och een effizienten System, wann den Kader aus ronnen Tuben ass...

jo daat wier schon e bessen, mol kucken waat mer afällt wann ech daat heiten elo gepost hunn...

Saturday, November 19, 2005

sauer photoen vun ausgestopptenen deieren

aus dem "Naturhistorischem Museum" vun Wien



sauert testbild via BoingBoing fonnt.

Thursday, November 17, 2005

erem sou speit mee bon kann et net loossen

the rescht




stinn och ewell um flickr

mmh et gin nach emmer vill cool saachen um net, z.b. opklärung iwwer trusted computing , och wann et langweilech klengt, eleng well de video sou gudd gemaach ass, ass et derwärt en ze kucken, also loosst ärch net 2mol bieden :-)
nuecht


Tuesday, November 15, 2005

dem malik säin getuntenen verstärker



























exclusive to boxeschesser :--)))))))

also eng zigarrenkescht plus den sonic impact t-amp verstärker plus een usb-stick (audio, mp3)

weideres kennt noom pennen

nuecht

Monday, November 14, 2005

een klengen update fir an de web mee e groussen fir mech

also nodeems mer den oowend jo eisen privaten wan/internet réseau haaten, d.h. per ftp zougreff op mäin pc [op mengem pc leeft dann een FTP-Server-Programm(zb http://www.guildftpd.com/ net graad all aaneren wärt et och maachen...), op deenen aaneren brauch just een FTP-Client-Programm (wei http://fireftp.mozdev.org/) an jo mei brauch een dofir net ausser dsl (an do geet mäin upload nach laang net duer...).



jo an wou daat gaangen ass hun ech (de sepp waar erem 1. natiirlech ;-) ) un
http://www.dyndns.com/ geduecht, de service mecht, matt engem klengen programm datt deng/meng/dei jeweilech ip vum pc zu der internetaddress bei dyndns.com eguivalent ass (op lux: dei selwecht ass). [https://www.dyndns.com/services/dns/dyndns/] de klengen programm heescht:

Official Windows Update Client

oder dyndnsupdater [http://www.dyndns.com/support/clients/]. d'ass een klengen programm, leeft am hannergrond....
jo bon de rescht ass bei dyndns op der säit, bei sengem account muss een eng address eraussichen, z.b. .is-a-geek.net, oder .ath.cx, .mine.nu , oder .boldlygoingnowhere.org
bon meng ass dann " boxeschesser.boldlygoingnowhere.org/ ". do ass bewosst keen link gemaach, well eischtens matt "http.//" virdrun geet et souwisou net, hei leeft nach näicht esoueppes waat daat keint verstoen, am moment leeft daat just matt "ftp://" virdrun, a just wann mäin ftpserver leeft (dyndnsupdater) an ech ärch als user a mengem server agedroen hun...

[1/2p.s.: daat praktescht un dyndns ass datt ech kengem mei muss meng ipaddress gin fir datt deen mesch fennt ech sinn elo einfach den ftp://boxeschesser.boldlygoingnowhere.org/ (fir de moment mol just ftp...]

bon soss gin et nach vill fett sachen
zB rem bei [http://makezine.com/blog/] jeje et muss mei selwer gebaut ginn ;-)
fir datt ech et net vergiessen a fir dem rui nach mei (well hei lo dyndns leeft) d'flem ze gin: [http://unattended.msfn.org/]
an och vir de rui:[www.psp3d.com] lo gin och dei nei psp'en gläich gecracked

an jo mäin flickr ass geupdate (zenter geschter), del.icio.us ass souwisou emmer derwärt, grad esou wei make.com

Sunday, November 13, 2005

haha waat et net alles gett: online videorecorder am moment fir 11 däitsch senderen


also daat hei ass schon erem saufett

een internet seervice ass, gratis (!!), du hues de choix teschent " - 3sat - rtl - rtl2 - vox - zdf - ard - pro7 - kabel 1 - sat 1 - mtv - arte" (found via www.phlow.net), muss dech registreieren, an dann sees de him waats de wells ophuelen, am moment kritt een ee link do gett gekuckt ops du daat wierklech waars (well just esou ass et legaal, wann all mesch deng file kann kucken ass erem een probleem do), an dann kanns de dei file erooflueden, ass leider nach am wmv format, mee bon...

et brauch een en decoder, de kuck eben op dei file fier dech ass an duerno (nom decoden) hues de eng wmv file

an matt "buddy"'en kann een sendungen (aus?)tauschen.

ech fannen daat schon mega derwärt aawer, lo brauch een dann och gläich keen fernse mei :-) wann een internet huet...

an den internet service ass hei:
http://www.onlinetvrecorder.com

an jo daat ganzt gett duerch d'werbung um internet finanzeiert, keen probleem domatt soulaang de rescht gutt leeft...

bon hun daat och graad erreicht fonnt, muss daat och nach testen...

portable software, dh alles waat um usb/flash disk leeft

jo hei ass een pot matt allem waat um memory stick kann laafen
zB firefox, thunderbird, open office an nach vill aaner ssachen

http://johnhaller.com/jh/

an dann feelt nach een chatprogramm deen och um stick leeft do gett et miranda
ass een chatprogramm deen yahoo, msn, irc, icq an nach vill aaner chatprogrammer gebrauchen kann
leider ass skype nach net richtech integreiert mee daat kennt gläich:

http://www.miranda-im.org/

diy saachen wei gsm, rulott, pimp the t-amp, velosluuten

also fir wann een saachen well selwermaachen:

http://makezine.com/

excellent säit matt linken fir diy-projet'en, op "weblog" klicken...

____________________________________________________

hei ass een deen säin egenen handy zesummenbaut, fannen ech decke gaas, wosst net waat alles sou schon meiglech ass, den typchen hellt een pc (gumstix) + een gsm-modul (
GM862-pcs) [get et och matt bluetooth an usb, dei selwescht firma mescht och een passenden gps-modul], wann daat bis zesummengebaut ass huet den tipchen eppes wei een communicator vun nokia...

http://www.surjpatel.com/

mol kucken waat dobäi erauskennt, well d'hardware ass jo do, muss just nach alles matt der software zesummenspillen... (soll op linux laafen)

_____________________________________________________

eppes ganz aanescht mee och gutt:
http://mobilesportsman.blogspot.com/

där kennt bestemmt däi aal blenkesch ami-rulotten, mee heen baut eng ganz fresch op... d'endresultat ass schon derwärt, obschon dei rulott nach nodeeler huet (zB keng gefiedert Rieder)...

_____________________________________________________

jo an dann nach mäin verstärker:
http://www.si-technologies.com/frontEnd/cm_productDetail.jsp

ass een belleschen verstärker, deen aawer fir weinesch käschten een gudden sound mescht...
hei kucken:

http://www.tnt-audio.com/clinica/t-amp_tweaks_e.html

ennen op der säit sinn nach linken zu aaneren säiten fir den verstärker ze tunen (och commerziell...)

_____________________________________________________

an eegener saach:
http://www.dansworkshop.com/Monster%20Quartz%20Halogen%20Bike%20Light.shtml

sau einfach, mee och effektiv luuten (halogeen) fir un de velo, oder egaalwou, ass portabel

d'haaptsäit ass och cool, zB een Oszilloskoop aus engem aalen monitor maachen
ass net präzis mee ass schon een ufank...

musek links

jo do sinn mer erem, gitt emol heihinn kucken:
http://www.redferret.net/pmwiki/pmwiki.php

do fannt der tonnen aaner linken fir gratis mp3'en...

dann gett et ähnleches fir video's saachen:
http://videos.antville.org/

lauter musiksvideo'en mol besser mol schlechter
Link

moin



helloworld :-)
so lets the fun begin

ok daat ass daat emol, mol kucken wei daat weider leeft

bis gläisch erem
dann dann

P.S.: där musst/kennt op d'iwwerschreft vu menger "notiz" klicken, dann komm der dohin wouremms et geet ;-)

50 best independent filmer (net vu mär

lauter gudd filmer, lo hun ech erem eng lescht vun kuckenwerten filmer...


Link

yeti internet comic

flotten trailer, leider kuerz, mee gesäit mol gutt aus

yeti family soap :--))


Link

flott animeiert bild

a weider geet et: http://blueballfixed.ytmnd.com/
daat ass eng gif, einfach zesummengesaat, mee ass deck witzech aawer, am ufank information ( blue balls overload) mee dann geet et aawer :-)
ass eng .gif file, am firefox mescht een, d.h. klickt enn op:
Tools->Page Info->Media
an ennert der iwwerschreft "address" muss een daat sichen waat een well/brauch an dann kann een ennendrenner op "Save" klicken, schon kann een daat weider un seng kollegen emeailen :-)

ah jo theoretesch ass deen selweschten link och an der iwwerschreft vu menger notiz mee do ech net wees op daat geet, ass de link zur secherheet och am text selwer dran... (daat schengt ze goen, op mannst emol bei mär

Link

go firefox go

also ech fannen den internet explorer null!!!
bon do ginn et alternativen gitt emol kucken:
http://www.killbillsbrowser.com/
hier grenn fir ze wiesselen sinn zimlech gutt :-)
Link

als start emol daat heiten

moin erem
sinn frou wann daat elo geet, well dann brauch ech d'chat-programmen mol net mei sou oft, well meeschtens "spammen" ech d'leit zou matt saachen dei ech um internet fannen.

an well daat heiten lo relativ nei ass, fänken ech matt deem un waat ech an der lescht fonnt hun, also um internet..

wei zB daat heiten: http://www.brianudelhofen.com/DJshadow.html de link wärt jo goen...
sinn schüler dei DJ Shadow Endtroducing nospillen, kuckt de video daat ass schon gudd geroden...

formaliteiten: ech hun daat hei
fonnt: http://musicthing.blogspot.com/

souweit fir mäin 1.posting

Link